Ech hunn nach e puer Fotoen an d’Galerie gesat bei déi wou den Charel schonn gewisen huet. Hei sinn se eleng:
Entries tagged with “Wolz”.
Fre 28 Oct 2011
Weider Fotoen vun der Montée zu Wolz
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner AvEx, CaraPio, Fotoen, Wëllefcher
1 Kommentar
Méi 17 Oct 2011
Eischt Fotoen fun der Montée 2011 zu Wolz
Geschriwwen vum Charel, klasséiert ënner AvEx, CaraPio, Fotoen, Wëllefcher
Schreiw den éischte Kommentar!
Méi 10 Oct 2011
Scoutsziedel bis den 29. Oktober
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
Informatiounen fir de Montees W.E.
Wéi dir bestëmmt schonns wësst, wiesselen bei der Montée déi eelst vun all Branche, d’Branche. Dëst ass eng wichteg Etapp vun all Guide/Scout. Fir dëst Evenement esou richteg zur Geltung kommen ze loossen, mécht de ganze Grupp e Weekend. Wou? De W.E. ass zu Wolz am Chalet St. Georges.
Depart: Mir treffen eis e Samschdeg den 15. Oktober um 13.45 Auer an Uniform (wann dir eng hutt) zu Péiteng op der Gare.
Mathuelen: Jumbokaart, oder E-Go Kaart, Täscheluucht, Täschemesser, Wäschsaachen, Pyjama, frësch Ënnerwäsch, Gezei fir all Wieder (et soll waarm sinn an eppes géint de Reen daachen), Schlofsak, deck Schung,déi ausgefëllten Fiche Médicale. Verpackt alles an engem Rucksak, den dir och droe kënnt. Dir braucht näischt fir z’iesse matzebréngen.Fir d’CaraPio, Rover a Chef: CarryMatte net vergiessen.
Umellen : Fir dass mir wëssen fir wéi vill Leit mir kache sollen ass et wichteg dass dir Iech bis e Donneschdeg umellt, (och d’Chef) beim Fredi Feller um 621472510 Merci ! Preis: De W.E. kascht 20 Euro fir den eelsten aus der Famill an 15 Euro fir all déi aner. Bezuelt w.e.g beim Depart.
Retour: Mir sinn Sonndes erëm um 17:51 Auer zou Péiteng op der Gare. Remarque: Well fill RaRo och gläichzäiteg Chef sinn, maachen d’CaraPio déi an d’RaRo ginn, hier Montée de Samschdeg drop. Du bass RaRo an net Chef? => Mell Dech un a géi mat op de W.E. Deng Hëllef gëtt dringend gebraucht.
Versammlungen
E Samschdeg, den 22 Oktober: D’Wellef, d’AvEx an d’CaraPio hunn wéi gewinnt vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
D’RaRo hun eng verlängert Versammlung fir hir nei Memberen opzehuelen. D’Versammlung dauert vun 16°° bis +/- 24°° Auer. An deser All-Inclusive Versammlung ass d’Heembrengen mat dran.
Den 29. Oktober geet d’Vakanz un, do ass keng Versammlung.
Fir all d’Matarbechter,CaraPio,Chef, an d’RaRo
E Samschdeg den 15. Oktober ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zou Péiteng op der Léngerstross. Elo schonns e decke Merci fir deng Hëllef!
Samschdes den 29. Oktober kennt den Rüdiger Nehberg um 20°° e Virtrag zum Thema Survival-Abenteuer-Menschenrechte op Hesper haalen. De Mann huet 75 Joer an ass souzesoen de Grënner vum Survival. Eise Grupp huet Plazen resevéiert. De Virtrag gëtt vum Scoutsverband organiséiert an ass gratis. Wanns Du intresséiert bass fir mat ze goen, da mell dech w.e.g. bis e Freiden (14.10) beim Guy un. Tel 691435358 (no 18°°). Weider Informatiounen iwwer den interessante Mann fannt dir op: www.ruediger-nehberg.de
Sonnden 5 Jun 2011
Scoutismus WE mat den Käerjenger AvEx zu Wolz
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Fotoen
Schreiw den éischte Kommentar!
D’Käerjenger a Péitenger Aventuren an Explorer waren zesummen an der Ouschtervakanz an den Scoutschalet Paradiso bei Wolz fir en ‘Scoutismus’ Weekend. An der Veillée war esou guer den B.P. héchstperséinlech op Besuch.
