Entries tagged with “Trëppeltuer”.
Did you find what you wanted?
Méi 3 Jun 2013
Geschriwwen vum Scherer Georges, klasséiert ënner Guilde, RaRo, Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
Informatiounsblad vun der Guilde 03.06.2013
Donneschdeg, den 20. Juni um 20 Auer ass Uucht am Scoutschalet um Bierg.
Thema: Odyssee 2013
All 4 Joer maachen d’Ranger an d’Rover eng oder e puer Odysseeën. D’Ziel vun enger Odyssee ass, en anert Land, seng Leit a Kultur kennenzeléiren a sech gläichzäiteg un engem konkrete Projet ze bedeelegen. Vum Péitenger Scoutsgrupp bedeelegen sech 9 Leit u Projeten an Georgien, Indien an Bosnien. Well dës Projeten mat vill Onkäschten verbonnen sinn, wëllen mir als Guilde dës Leit finanziell ënnerstëtzen. E puer vun de Scouten stellen eis an der Uucht déi verschidden Projeten vir. Et ass virgesinn dës Uucht mat enger Quête ze verbannen, dofir wären mer frou wann vill vun eisen Memberen deen Owend kënnten präsent sinn. Falls dir deen Owend net kommen kennt an d’Odysseen awer ënnerstëtzen wëllt, kennt dir dat maachen mat engem Don op den CCPL: IBAN LU76 1111 2956 5596 0000 mam Vermierk: Odyssee 2013. Am Viraus e groussen Merci fir all Don.
Sonndeg, den 23. Juni 2013 ass eis Familljensortie.
Fousstour vun 5,2 km iwwert de Gipspad zu Walfer-Steesel.
Depart um 13 Auer 30 mat Privatautoen op der Maartplaz zu Péiteng oder um 14 Auer 15 um Parking Kléngelbur op der Strooss tëschent Briddel an Steesel (ongef. an der Mëtt).
Méindeg, den 8. Juli 2013 ass Comitésversammlung um 20 Auer am Home.
Donneschden, den 11. Juli 2013 um 20 Auer ass eisen Keelenowend am Café Porte de Lamadeleine.
Samschdeg, den 21. September ass Nuit des Lampions zu Wolz. (virmierken)
Samschdeg, den 5. Oktober ass eis 60-Joer-Feier geplangt.
Rapport vun eisen leschten Aktivitéiten:
Op eiser Sortie op d’Guidenkiermes zu Bilschdref mat duerno engem Fousstour ware mir zu 12.
Un eiser Generalversammlung am Scoutschalet um Bierg hunn 25 Leit deel geholl.
Don 13 Dec 2012
Geschriwwen vum Scherer Georges, klasséiert ënner Guilde
Schreiw den éischte Kommentar!
Invitation fir:
- eis Familjensortie vum Sonnden, den 9.Dezember
Fousstour vun 5.1 km op den Vesquenhaff bei Déifferdeng. Virum Fousstour gin mir op d’Rollenger Weiheren Hâm, Fritten an Zalot iessen. Netwanderer sin hei och wellkomm. Rdv. um 11.45 op der Maartplatz zu Péiteng. Umeldung fir d’Mettegiessen beim Martine um Tel. 50 32 71 oder GMS 621 41 40 40 bis spéidestens Denschdes, den 4. Dezember.
- eis Familjensortie vum Samschdeg, den 5. Januar 2013.
Fousstour vun 6,4 km op Suessem. Rdv. um 13.30 op der Maartplatz zu Péiteng
- eis Comitésversammlung vum Méinden, den 14. Januar 2013 um 20 Auer bei der Famill Scherer
Den 1. an 2. Dezember ass Niklosmaart beim Staadhaus zu Péiteng, wou d’Scouten wéi all Joer hir Adventskränz am Zelt verkaafen.
Mir wenschen Iech am viraus schéin Feierdeeg an alles Guddes fir 2013.
Rapport vun eisen leschten Aktivitéiten
- Um Guildendaag vun der FLGS Denschdes, den 18. September 2012 mat Visite vun den Atelieren zu Betzdorf an duerno Generalversammlung hun 7 vun eisen Memberen deel geholl.
- Um Grillfest den 29. September hun 38 Leit deel geholl, wat eis besonnech gefreet huet.
- Mir entschellegen eis dat d’Sortie vum 20. Oktober op Nittel ausgefall ass. Wou mir den Datum fest geluecht hun war den Daag vun der Prenzenhochzait eis nach net bekannt.
Aus dem Grond hun mir och beschloss all 2 Méint e Comité ofzehaalen.
- Op eis Visite vum Musée 3 Eechelen den 11. November waren 8 Leit mat.
Sonnden 10 Jun 2012
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Neiegkeeten
Schreiw den éischte Kommentar!
D’Guilde des Scouts Adultes vu Péiteng invitéiert op eng Rei Sortien. Déi éischt ass leider schonn erlaanscht, ech setzen se awer mat hei drann.
Familljesortie Samschdes den 9. Juni
Fousstuer op den Scheidgen 5,0km, liicht. Fir d’Mëtegiessen um 12.00 Auer am Hotel-Restaurant de la Station um Scheidgen. Umeldung bis spéitstens den 4. Juni 20120 beim Georges Scherer (43 46 49). Och Netwanderer si fir d’Mëttegiesse wëllkomm. Guide: Georges Scherer. Départ um 9.30 Auer mat Privatautoen op der Maartplaz zu Péiteng oder um 10.30 um Scheidgen bei der Kierch.
Familljesortie Samschdes den 21. Juni
Fousstuer Basbellain-Cornelysmillen 2-Troisvierges, 7.5km, liicht. Fir d’Mëttegiessen um 12.30 Auer am Hotel-Restaurant Reiff zu Fischbach (Clervaux). Umeldung bis spéitstens den 15. Juli 2012 beim Norbert Brosius (50 80 97). Och Netwanderer sinn fir d’Mëttegiesse wëllkomm. Guide: Norbert Brosius. Départ um 9.00 Auer mat Privatautoen op der Maartplaz zu Péiteng oder um 10.00 Auer zu Basbellain bei der Kirch.
Familljesortie Samschdes den 18. August 2012
Fousstuer op Nommern (Auto-pédestre) 6km. fir d’Mëttegiessen um 12.00 am Hotel-Restaurant du Chateau an der Fiels. Umeldung bis spéitstens den 11. August 2012 beim Martine Schlottert (50 31 71). Och Netwanderer si fir d’Mëttegiesse wëllkomm. Guide: Norbert Brosius. Départ um 9.30 Auer mat Privatautoen op der Maartplaz zu Péiteng.
Fre 21 May 2010
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
Fir ierch alleguer:
Den 22.05 an den 29.05 si keng Versammlungen. D’Cheféquipe wënscht iech alleguer eng schéin Vakanz! Et ass awer net esou wéi wann näischt lass wär: D’AvEx, déi hu vum 22.05-23.05 e W.E (Détailer sti bei : Fir all d’AvEx).
Den 29. an den 30. Mee ass de groussen Keltefestival Bealtaine um Neihaischen den schon fir déi drëtte Kéier vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute organiséiert gët. Hei d’Héichpunkter vum Festival: Samschdes Sonndes si vun 10:00-18:00 e ganze Koup Aktivitéiten wou d’Liewen vun de Kelte gewise gëtt. Samschdes ass vun 18:00-21:00 Open-Air Concert mat keltescher live Musik.
Fir op de Kalenner:
D’Guilde vun de Péitenger Guide a Scouten organiséiert flott Trëppeltier wou dir als Member oder als Famill härzlech Wëllkomm sidd.
- Samschdes 19. Juni: Fousstour vun 6 k.m. zu Ueschdref
- Sonndes den 25. Juli: Fousstour vun 5 k.m. zu Munneref
- Sonndes den 22. August: Fousstour vun 7 k.m. vun Heischend op Feelen
Fir all Tour ass den Départ um 9:30 zu Péiteng op der Maartplatz. Well een vum Goen hongreg gëtt ass all Kéier e Mëttegiessen firgesin. Wann dir intresséiert sidd, da mellt iech w.e.g eng Woch virum Tour beim Norbert Brosius um 508097 un, da reservéiert hien fir iech eng Platz am Restaurant.
Fir all d’ AvEx:
Salut dir Trapper! Wéi dir wesst mache mir als Ofschloss vun eiser Entreprise en Hike. Esou wéi daat sech fir richteg Trapper gehéiert iwernuechte mir am Fräien ënnert engem Iwerdaag. Zur Erënnerung: Paackt nemmen esou vill an äre Rucksack wéi dir och droe kennt, macht alles an eng grouss Plastikstut (fir d’éischt Tuut an de Rucksack an dann d’Sachen dra machen). Hei waat dir alles musst mathuelen:
- Gezei fir all Wieder
- eng gudd Reejaket (also eng déi de Reen ofhält)
- eng Mutz (owes gëtt et kaal)
- Wanderschung
- déck Strëmp an Ennerwäsch fir ze wiesslen
- e Schlofsack an eng Carrymatt
- e Bidon mat Waasser an Iessbesteck
- Fiche Médicale (hei eroflueden)
- gudd Laun a vill Energie!
De W.E kascht 15 Euro (gëtt beim Départ bezuelt). Départ: Mir treffen eis an Uniform Samschdes den 22. Mee um 16°° zu Péiteng beim aale Pompjeesbau. Retour: Sonndes den 23. Mee si mir erem um 18°° zu Péiteng beim aale Pomjeesbau. Mellt iech w.e.g. bis spéitstens e Mëttwoch beim Gilles Michels um 621688422 un, fir wieder Froen steet hien iech gär zur Verfügung.
Dën 2 Mar 2010
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
Fir iech alleguer:
Eis Guilde, dat sin déi äler Guiden a Scouten organiséiert regelméisseg Trëppeltier. Wen Loscht huet kann roueg do matgoen, dest ass och fir Famillien geduecht. Hei sin emol d’Datumer:
- Samschdeg den 6. März: Fousstour op Nouspelt (Trëppeltour vun 4,5 km)
- Sonndeg, den 18.Abrëll: Fousstour op Kärch (Trëppeltour vun 6 km)
- Sonndeg, den 9. Mee: Fousstour an de Bambësch (Trëppeltour vun 6 km)
Fir all Tour: Mir treffen eis um 13.30 Auer op der Maartplatz zu Péiteng a fueren dann mat Privatautoen op d’Plaatz.
Fir all d’Wellefcher:
Déi nächst 2 Samschdecher, den 6. an den 13. März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Fir all d’AvEx:
Déi nächst 2 Samschdecher, den 6. an den 13. März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg .
Leif Elteren, léif AvEx,
Wéi dir villeicht schons héiren hudd gin mir dest Joer vum 21. bis den 31. Juli op den Nationalen Avex Camp Adventum MMX op Stengefort. Aus organisatoresche Grënn ass et wichteg dass mir elo schons wësse wen matgeet. Fir Ärt Kand unzemellen, iwerweist w.e.g. bis den 30.März, 50 Euro als Acompte op de Compte vun de Péitenger Guiden a Scouten : IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mam Numm vun Ärem Kand a mam Vermierk : AvEx Camp. De Camp kascht am ganzen 180 Euro.
Fir all d’CaraPio:
Déi nächst 2 Samschdecher, den 6. an den 13. März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Iwerleet Iech schons e Numm fir de Camp an entwerft alt schons emol e Modell fir e Campbadge. Den 28. März ass de Jocapi (Déteiler kommen no) De 6. März ass Pobeiersammlung, et ass wirklech ganz wichteg dass du derbei bass. MERCI!
Vum 20-31 Juli gi mir mat den Schëfflenger Guiden a Scouten an de Schwarzwald op Dittishausen op de Camp. De Camp wärt +/- 300 Euro kaschten. Wanns du wëlls matgoen, da fro deng Elteren dass sie bis den 30. März 100 Euro als Acompte op de Compte vun de Péitenger Guiden a Scouten iwerweisen. IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
Mat dengem Numm a mam Vermierk : CaraPio Camp
Fir all d’RaRo:
Déi nächst Samschdecher, den 6. an den 13. März hu mir vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg.
Mir machen de 6. a 7. März en Hike. We well mattgoën, soll dat néidecht Geschier, Schlofsak, Zännbiischt a Ravi fir 2 Deeg soll mattbrengen. Départ ass Samschdes um 16.00 Auer zu Péiteng op der Gare an de Retour ass Sonndes géint 17.00. De Weekend kascht am Prinzip näischt, ët soll een awer fir all Fall e puer kleng Euroën matthuelen, wéi dat bei normale Leit jo och normal ass.
Vum 8. bis den 22. August gi mir bei de Franz op Assisi. Wanns du wëlls matgoen dann iwerweis w.e.g bis den 30. März 100 Euro als Acompte op de Compte vun de Péitenger Guiden a Scouten: IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000. Mat dengem Numm a mam Vermierk: RaRo Camp.
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
E Samschdeg den 6. März ass Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Villmols Merci am Viraus fir all Hëllef!