D’CaraPio hunn hiert Theaterstéck vum Joer 2013 och gefilmt.
Entries tagged with “Theater”.
Mët 10 Apr 2013
Eng Shrecklesch Affär
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner CaraPio, Video
Schreiw den éischte Kommentar!
Méi 28 Jan 2013
Scoutsziedel mat Infoen iwert Buergbrennen, Theater, Pabeiersammlung, Splash…
Geschriwwen vum Guy, klasséiert ënner Guilde, Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
Fir iech alleguer:
Well de läschten Ziedel esou kleng war, gëtt desen extra grouss.
Buergbrennen:
Mir invitéieren Iech alleguer mat ären Frënn, Noperen, Bomien …… op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen. Mir brennen d’Buerg, e SAMSCHDEG den 16. Februar. Den Faakelzuch geet um 18.30 Auer ennen beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19°° ugefaang. Jidfereen wou beim Orpichten hëlleft kritt och virum Faakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze machen,den Grill steet schons prett.
Vous êtes cordialement invités de participer au „Buergbrennen“, qui aura lieu SAMEDI le 16 février. Il s’agit d’une tradition luxembourgeoise qui à comme but de brûler l’hiver. Départ de la retraite aux flambeaux est à 18.30 heures en bas du chemin pour monter vers le chalet.
Theater
Mir spillen Freides den 1.März a Freides den 8.März um 19°°Theater am Home St.Hubert zu Péiteng. Et gët gespillt:
Biber: Op der Juegd
Wëllefcher: Chaos am Märchenland
AvEx: Hold-up fir e gudden Zweck
CaraPio: Een schrek(lecht) Djungel Erliewnis
D’Cheféquipe an Matarbechter spillen e lëschtegen 3 Akter:? D‘Verleenheetskand
De Rido ass um 19°° (d’Kanner déi matspillen sollen um 18.30 am grousse Sall sin.)? Den Präis ass 8 Euro fir Erwuessener an 4 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspillen mussen natirlech neischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sin och gratis. Resevéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet. Dir kennt Är Plaatzen vun elo un beim Kim Staudt :621197160 oder beim Vanessa Sauerwein 691911806 no 18°° reservéiren.
P.S Wann dir eis e bessen wellt ennerstetzen an eis eppes fir an d’Tombola wellt gin, dann gidd Ärem Kand et einfach mat an eng Prouf. Villmols Merci am viraus!
Aktivitéiten vun der Guilde des Scouts Adultes vu Péiteng:
Elteren,Matarbechter,Chef a fréier Guiden a Scouten sin härzlech wëllkomm!
- Keelenowend Donneschdes de 7.Februar : R.d.v um 20°° am Café Porte de Lamadelaine. Mellt iech beim Martine Schlottert um 621414040 un.
- Familjensortie Samschdes den 23.02: Fousstour vum Schack op Kenzeg(7km). Fir d’Mettegiessen op de Kéinzeger Weiren sollt dir iech bis den 16.02 beim Martine Schlottert ugemellt hun.
- Familjensortie Sonndes den 17.März: Fousstour vu 5km op den Vesquenhaff bei Déifferdeng. R.d.v um 14°° op der Maartplatz (mir fuere mat Privatautoen)
Firwetzeg? Da kommt einfach emol kucken.
Fir all d’Biberen
Mir hun den 2.Februar vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.? Den 9.2 ass KENG Versammlung.
Samschdes den 16. Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt.
Hei eis Theaterprouwen am Home: Vun 17.30-18.30: Méindes 4.02/ Mettwochs 6.02/ Méindes 18.02/ Mettwochs 20.2. Vun 17°°-18.30: Denschdes 26.02/ Donneschdes 28.02/ Denschdes 05.03/ Donneschdes 07.03
Samschdes den 23.02 hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Fir all d’Wëllefcher:
Mir hun den 2.Februar vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg, mir bauen un de Kulissen fir eist Theaterstéck.
Den 9.2 gi mir op de FUESBAAL vun de Beetebuerger Scouten. Mir treffen eis verkleed um 13.10 zu Péiteng op der Gare a sin um 18°° erem zu Péiteng op der Gare. Brengt 10€ Täschegeld mat.
Samschdes den 16. Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt.
Hei eis Theaterprouwen: ?Méindes04.02/ Mettwochs 06.02/ Méindes18.02/ Mettwochs 20.02/ Méindes 25.02/ Mettwochs 27.02/ Méindes 4.03/ Mettwochs 6.03 All Kéier vun 18.30-20°° zu Péiteng am Home.? Samschdes den 23.02 hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg
Fir all d’ AvEx:
Den 2.2 fuere mir op Nidderanwen op de SPLASH: Sidd all an Uniform a vergiesst är Schwammsachen net! Déi wou hir Pätter/Giedellëschten nach net ofgin hun, sollen déi och matbrengen. Mir fueren mat Zuch a Bus r.d.v ass um 13°° zu Péiteng op der Gare (den Zuch fiert um 13:14 Auer). Mir sin um 18:30 nees zerëck. Den 9.2 ass KENG Versammlung.
Samschdes den 16. Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt.
Hei eis Theaterprouwen: Denschdes 05.02/ Donneschdes 07.02/ Denschdes 19.02/ Donneschdes 21.02/ Méindes 25.02/ Mettwochs 27.02/ Méindes 04.03/ Mettwochs 06.03 All Kéier vun 17-18.30 zu Péiteng am Home.
Samschdes den 23.02 hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg
Fir all d’CaraPio:
Den 2.2 fuere mir op Nidderaanwen op de SPLASH: Sidd all an Uniform a vergiesst är Schwammsachen net! Déi wou hir Pätter/Giedellëschten nach net ofgin hun, sollen déi och matbrengen.Mir fueren mat Zuch a Bus r.d.v ass um 13°° zu Péiteng op der Gare (den Zuch fiert um 13:14 Auer). Mir sin um 18:30 nees zerëck.
Den 9.2 ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross.Et ass WICHTEG dass DU eis hëllefs . ?Fir d’Buergbrennen:Donneschdes 14.02 a Freides den 15.02 treffe mir eis um 14°° beim aale Pomjeesbau fir Fäsche machen ze goen.
Samschdes den 16.02 richte mir d’Buerg op. Mir treffen eis um 9°° Auer um Bierg. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gett wieder geschafft bis d’Buerg steet.
Hei eis Theaterprouwen:?5, 7, 19, 21, 26, 28 Februar an den 5 a 7 März all Keiers vun 18h30 bis 20h00 am Home zu Peiteng. An der Versammlung vum 23. Februar (14°° bis 16°°) filmen maer eist Steck.
Jocapi: 14. Abrëll ass et nees esou weit. D’Centser CaraPio lueden an zesummen mam Blanne Jang an dem Siggy vun Lëtzebuerg d’Stadt nei ze erliewen, kuerz gesoot d’JoCaPi rifft erëm! Et erwaarden ierch rëm vill Spass, e flotten Rallye mat spannenden Spiller!Wann daer well mat goen, dann iwerweist bis speitstens den 4. Febraur 13EUR ob den Kompte : LGS Grupp hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mat dem Vermiek JOCAPI + ären Numm.
Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio an d’Chef an d’Guilde:
Den 9.2 ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Well Vakanz ass si mir op all Hëllef ugewisen. Elo schons MERCI fir DENG Hëllef.
Fir d’Buergbrennen: Donneschdes 14.02 a Freides den 15.02 treffe mir eis um 14°° beim aale Pomjeesbau fir Fäsche machen ze goen. Samschdes den 16.02 richte mir d’Buerg op. Mir treffen eis um 9°° Auer um Bierg. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gett weider geschafft bis d’Buerg steet.
Sonnden 12 Feb 2012
Scoutsziedel bis den 25. März 2012
Geschriwwen vum Guy, klasséiert ënner Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
Invitatioun:
Mir invitéieren Iech alleguer mat ären Frënn, Noperen, Bomien …… op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen. Mir brennen d’Buerg, e Samschdeg den 25. Februar. Den Faakelzuch geet um 18.30 Auer ennen beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19°° ugefaang. Jidfereen wou beim Orpichten hëlleft kritt och virum Faakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze machen,den Grill steet schons prett.
Vous êtes cordialement invités de participer au „Buergbrennen“, qui aura lieu SAMEDI le 25 février. Il s’agit d’une tradition luxembourgeoise qui à comme but de brûler l’hiver. Départ de la retraite aux flambeaux est à 18.30 heures en bas du chemin pour monter vers le chalet.
Fir Iech alleguer:
Eisen Theater war en vollen Erfolleg. Nach nie sin esou fill Leit kucke komm! D’Stëcker vun de Wëllef, den AvEx an de CaraPio sin besonnesch gudd ukomm. Alles huet super geklappt. MERCI fir DEIN Asatz
Fir all d’Wellefcher:
Déi 2 nächst Samschdeger den 11. an den 18. Frebruar hun mir all Kéier vun vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Samschdes den 25. Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei: Invitatioun a bei: Fir iech alleguer )
Fir all d’AvEx:
Déi 2 nächst Samschdeger den 11. an den 18. Frebruar hun mir all Kéier vun vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg (didd iech gudd warem un, mir sin dobaussen) Samschdes den 25. Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei: Invitatioun a bei: Fir iech alleguer )
Fir all d’CaraPio:
Déi 2 nächst Samschdeger den 11. an den 18. Frebruar hun mir all Kéier vun vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg (didd iech gudd warem un, mir sin dobaussen) Liest onbedingt bei: Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio an d’Chef, an bei: Fir iech alleguer
Fir all d’RaRo:
Déi 2 nächst Samschdeger den 11. an den 18. Frebruar hun mir all Kéier vun vun 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg. Brengt alleguer een T-Sirt mat mir molen Keltemusteren drop. Liest onbedingt bei: Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio an d’Chef, an bei: Fir iech alleguer
Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio an d’Chef:
E Samschden den 11. Februar ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Hoffentlech kenns DU eis hëllefen! Elo schons en dëcke MERCI!
Samschdes den 25 Februar richte mir d’Buerg op. Mir treffen eis um 9°° Auer um Bierg. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gett wieder geschafft bis d’Buerg steet.(Liest w.e.g och bei Invitatioun)
Mët 1 Feb 2012
Kloër an däitlech
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Zitater
Schreiw den éischte Kommentar!
De Scoutstheater entwéckelt d’Virstellungs- an Ausdrocksverméigen. Theater spillen ass eppes flottes. Et ass net wichtëg wat fir eng Zort Stëmm s de hues, esou laang wéi s de deng Wierder kloër an däitlech ausschwätz. – Lord Baden-Powell (Scouting for Boys)
[The Scouts act] develops the power of imagination and expression. Play acting is good fun. It doesn’t matter what kind of voice you have so long as you get out your words clearly and distinctly.]
Dën 17 Jan 2012
Theater 2012: Gebeess ass Tromp
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Neiegkeeten
Schreiw den éischte Kommentar!
Mir spillen den 3. an 4. Februar
Theater
zu Péiteng am Home St. Hubert.
Et gët gespillt:
Wëllefcher: Scouten an enger anerer Dimensioun
AvEx: Lues, haart an däitlich!
CaraPio: Alt nees eng Mordgeschicht
D’Cheféquipe an Matarbechter spillen e lëschtegen 3 Akter vum Josy Théato: Gebees ass Tromp.
Den Rido ass um 20°° Den Preis ass 8 Euro fir déi Grouss (vun 17 Joer un) an 4 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspillen mussen natirlech neischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sin och gratis. Resevéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet. Dir kennt är Plaatzen vun elo un beim Kim Staudt um 621197160 (no 17:00) reservéiren. P.S. Wann dir eis e bessen wëllt ennerstetzen an eis eppes fir an d’Tombola wëllt gin, dann gidd ärem Kand et einfach mat an eng Versammlung. Villmols Merci am viraus!