Entries tagged with “Te Deum”.

Fir iech alleguer:
En Donneschden den 23. Juni gi mir mat op den Te Deum, deen dëst Joer zu Rodange ass, RDV an Uniform um 9:00 zu Péiteng op der Maartplaz. Vun do aus fuere mir mam Bus bis op Rodange, géint 12:15 Auer si mir erëm zu Péiteng.

Intervilles 2011

Fir all d’Wëllefcher:
Liest w.e.g. bei: Fir iech alleguer. Nächste Samschdeg, den 25.6 hu mir KENG Versammlung.  Mir maachen och dëst Joer erëm mat beim Mini-Interville deen zu Déifferdeng ass. Nëmmen well MIR d’Läscht Joer gewonn hunn braucht dir iech net ënner Drock setzen ze loossen :) Den Mini-Interville ass fir jiddereen den 10 Joer al ass. Déi aner, an all d’Elteren an soss Fanen  kennen mat kucke goen. RDV ass den 25.06 um 15:00 zu Péiteng bei der Sportshal. De Bus bréngt iech géint 20:30 Auer och nees dohinner zeréck. Jiddereen dee matmécht soll een Joggingskostüm an Turnschlappen undinn an e Kuerf mat engem Duch an enger Schwammbox mathuelen.
E Sonndeg den 3. Juli gi mir Wëllef op de Sennengerbierg, op de Wellëfchersrally. Mir treffen eis an Uniform um 7:50 Auer zu Péiteng op der Gare. Mathuelen: 10 Euro, ee klenge Rucksak mat Picknick a Gedrénks, ee schwaarzen oder wäissen T-Shirt (dee knaschteg ka ginn), an e K-Way. Mir sinn owes um 18:00 nees zu Péiteng op der Gare.
Léif Gréiss, är Chef

Fir all d’ AvEx:
Liest w.e.g. bei: Fir iech alleguer. Nächste Samschdeg, den 25.6 hu mir KENG Versammlung.  Mir maachen och dëst Joer erëm mat beim Mini-Interville deen zu Déifferdeng ass. Nëmmen well MIR d’Läscht Joer gewonn hunn braucht dir iech net ënner Drock setzen ze loossen :) Den Mini-Interville ass fir jiddereen den 10 Joer al ass. Déi aner, an all d’Elteren an soss Fanen  kennen mat kucke goen. RDV ass den 25.06 um 15:00 zu Péiteng bei der Sportshal. De Bus bréngt iech géint 20:30 Auer och nees dohinner zeréck. Jiddereen dee matmécht soll een Joggingskostüm an Turnschlappen undinn an e Kuerf mat engem Duch an enger Schwammbox mathuelen.
E Samschdeg den 2. Juli hu mir vu 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
-Howdy, är Chef

Fir all d’CaraPio:
Liest w.e.g bei: Fir iech alleguer.
Den 25. Juni ass um 18 Auer eng Jamboree-Infoversammlung fir d’Participanten an Elteren fir eis ganz Unitéit zu Diddeleng (Rue Jean Friedrich) am Home Belvedere (Gréng Scouten a Guiden Diddeleng).
E Samschdeg den 2. Juli hu mir vu 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
-Léif Gréiss, är Chef

Fir all d’RaRo:
Liest w.e.g. bei: Fir iech alleguer.
Den 9. Juli hëllefe mir beim Schoulfest, mellt iech w.e.g. beim Kim um 621197160 un oder of. No dem Schoulfest hunn mir eng Versammlung um Bierg an do soll JIDDEREEN präsent sin ! Aus organisatoresche Grënn gi mir dëst Joer NET op de Camp. Déi Leit wou schonns ubezuelt hunn, kréien hir Suen natierlech erëm.

Fir all déi wou mat op den „Mini Interville“ waren:
Dir waart einfach genial!! Een decke MERCI dass dir iech esou spontan décidéiert hutt fir beim „Mini Interville“ matzemaachen. Dir hutt ganz Péiteng bewisen dass een op d’Guiden a Scouten ziele kann. An zu gudder Läscht hutt dir och nach gewonn!! Dat ass SUPER ech sinn ganz houfreg op iech, an de Rescht vum Grupp bestëmmt och!
Guy
Fir all d’Wëllefcher:
Salut Wëllef, mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 19. an den 26 Juni all Kéier vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
Nationalfeierdag gi mir mat an den Te Deum, den zu Lamadeleine an der Kierch ass. Mir treffen eis an Uniform um 9:00 beim ale Pompjeesbau a fueren dann mam Bus op Lamadeleine, géint 12:00 fuere mir erëm zeréck.
Wéi dir wësst gi mir geschwënn op den nationalen Camp, dir kritt nach een extra Ziedel mat allen Informatiounen déi dir braucht. Do sinn och Ziedelen déi mussen ausgefëllt ginn, frot är Elteren dass si dat esou séier wéi méiglech maachen, si sollen déi ausgefëllten Ziedelen bis e Freideg den 18.6 beim Claire Dording ofginn; hei seng Adress: [frot d'Adress iwwert eisen Kontaktformular un. -Gilles].
Fir all d’ AvEx:
Samschdes den 19. Juni hu mir KENG Versammlung. (D’Chef hunn e W.E.).
Nationalfeierdag gi mir mat an den Te Deum, den zu Lamadeleine an der Kierch ass. Mir treffen eis an Uniform um 9:00 beim ale Pompjeesbau a fueren dann mam Bus op Lamadeleine, géint 12:00 fuere mir erëm zeréck.
Den 26. Juni ass normal Versammlung vun 14:00 bis 16:00 Auer um Bierg.
Fir all CaraPio:

Samschdes den 19. Juni hu mir KENG Versammlung. (D’Chef hunn e W.E)
Nationalfeierdag gi mir mat an den Te Deum, den zu Lamadeleine an der Kirch ass. Mir treffen eis an Uniform um 9:00 beim ale Pompjeesbau a fueren dann mam Bus op Lamadeleine, géint 12:00 fuere mir erëm zeréck.
Den 26. Juni ass normal Versammlung vun 16:00 bis 18:00 Auer um Bierg.
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Den 3. Juli ass Pabeiersammlung.
Fir all d’Chef:
Dëse W.E. ass et endlech esou weit da gi mir op de Chef-Weekend, wann s du et nach net gemach hues da mellt dech séier un! Mir treffen eis Samschdes um 10:00 um Bierg. Matbréngen: Carry Matte/ Schlofsack/ Gamelle/ a waat een soss esou brauch. Et wier super wann s du dech gings informéireren wéi eng Konstruktiounen een mat Naturmaterialien ka bauen fir am freien ze iwernuechten, an engems fënns du jo och vileicht een super Eintopfrezept… dann bréng et mat! De W.E. ass Sonndes géint 17:00 eriwwer.

Fir  iech alleguer
Fir den Ufank vum Scoutsjoer braucht dir eventuell een neit Uniformshiem, e neien Rucksack oder soss Scoutsgeschier duefir hei d’Adress vum Scoutsshop:
Shop vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten:
5 rue Munchen-Tesch
L-2173 Lëtzebuerg
De Shop ass op:
Dënschdes, vu 15 – 18 Auer, Donneschdes vu 15 – 19 Auer, Samschdes vu 9 – 12 Auer (ausser an de Schoulvakanzen)
Tel.: (+352) 26 94 84-31
Fir all eis nei Memberen:
Den éischten Foulard kritt dir vun eis geschenkt (1 Foulard pro Branche). Dir braucht iech net direkt een Uniformshiem oder soss Material ze kaafen. Kuckt iech emol fir d’éischt déi Saach un an dann…
Den 11. Oktober ass „d’Journée de la Commémoration Nationale“.
Den Cortége an de Te Deum ass dest Joer zu Lamadelaine. Mir treffen eis an Uniform um 9.30 zu Péiteng op der Maartplaatz vun do aus fiert e Bus op Lamadelaine géint 12°° si mir erem op der Maartplatz.

Fir all d’Wellefcher:

Déi 2 nächst Samschdeger den 3. an den 10. Oktober hu mir all Kéier vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
Den 17. Oktober ass d’Montée Déteiler Kommen am nächsten Ziedel

Fir all d’ AvEx:
Déi 2 nächst Samschdeger den 3. an den 10. Oktober hu mir all Kéier vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
Den 17. Oktober ass d’Montée Déteiler Kommen am nächsten Ziedel

Fir all CaraPio:
Déi 2 nächst Samschdeger den 3. an den 10. Oktober hu mir all Kéier vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
Den 10.10 ass Pobeiersammlung. Komm an hëllef eis! Mir brauchen DECH J
Den 17.an 18. Oktober ass d’Montée. Halt iech déi Dee frei Mir gin op d W.E! Déteiler Kommen am nächsten Ziedel.
Bis geschwënn
Är Chef
Fir all d’RaRo:
Déi 2 nächst Samschdeger den 3. an den 10. Oktober hu mir all Kéier vun 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg.
Den 10.10 ass Pobeiersammlung. Komm an hëllef eis! Mir brauchen DECH J
Den 17.an 18. Oktober ass d’Montée. Halt iech déi Dee frei Mir gin op d W.E! Déteiler Kommen am nächsten Ziedel.

Fir all CaraPio, RaRo Chef a Matarbechter: .
E Samschdeg, den 10 Oktober ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss. Elo schons en dëcke Merci fir all Hëllef.