Entries tagged with “Prënzebierg”.


Fotoen vum Buergbrennen den 4. März 2006 zu Péiteng um Prënzebierg.

Den 8. März 2003 war um Prënzebierg eist traditionellt Buergbrennen. Hei e puer Andréck vum Owend!

Wann s de fir d’nächst eng topografesch Kaart vun enger Géigend déi net an dénger Kaartesammlung ofgedeckt ass brauchs, kann der dësen Internetsite eventuell aus der Patsch hëllefen: http://map.geoportail.lu/. Hei drënner hunn ech z.B. den Prënzebierg vum Site geholl. Dir kënnt aneren Leit och en Link op dat Stéck wou der fonnt hutt schécken, fir den Prënzebierg ass dat http://map.geoportail.lu/?zoom=9&X=68314.5&Y=58634.5.


En schrecklechen Mord ass um Prënzebierg zu Péiteng geschitt. Kënnen d’AvEx vun den Péitenger Scouten den Fall léisen?

Mer hunn dësen Film deen d’AvEx gedréint hunn zwar schonn op eisem Site gewisen, mä mat den neien Astellungen op YouTube konnte mer en elo och do eroplueden – virdrun war en hinnen ze laang.

Ech mengen d’Montée am März 2002 war eng vu méngen éischten Versammlungen als Chef. Op der géier Wiss nierwt dem Wee fir bei den Chalet waaren Baadgen geluecht gin, déi gudd schmiereg gemaach goufen. Dono goufen d’Kanner gudd agepakt an iwwer d’Rutschbahn erofgeschéckt.