Fir iech alleguer:
Dat neit Scoutsjoer steet virun der Dier, ech hoffen dir hat all eng schéin Vakanz a sidd gutt a Form. Mir hunn fir unzefänken een volle Programm. Eise Grupp bedeelegt sech un de Feierlechkeeten vum 66. Joresdag vun der Befreiung vun Péiteng.
Donneschdes den 9 September: R.d.v an Uniform um 19:00 beim Denkmal vu amerikaneschen Zaldot. Duerno ass ass am Home e Concert mat Countrymusek, dat misst eppes sinn fir déi ganz Famill! Mir suerge fir d’Gedrénks an den Handball grillt.
Samschdes den 11.September: De Syndicat d’Initiative organiséiert een „Freedom Festival.“ Dat ganzt geet um 11:00 beim Staatshaus lass. De ganzen Daag steet am Zeechen vun Amerika, mat amerikanescher Musik, amerikaneschen Autoen… Mir hunn do eng Buvette a mir grillen. Mir freeën eis fir Iech an är Famill do ze gesinn.
Sonndes den 12. September: Journée Commémorative du Passeur. R.d.v um 9:00 an Uniform virum Staatshaus. Um 11:30 ass „A Rousen“ eng Receptioun an duerno ass et fäerdeg.
Fir all d’Wëllefcher:
Salut, lies w.e.g. och den Ufank vum Ziedel, do sinn 3 R.d.v. wou et flott wier wann s de géings matmaachen.
De 18. an de 25. September ass et endlech nees esou wäit, dann ass erëm Versammlung. Mir gesinn eis vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Hues du e Frënd oder eng Frëndin déi och un de Scouten intresséiert ass? Bréng se mat!
Fir all d’ AvEx:
Salut, lies w.e.g. och den Ufank vum Ziedel, do sinn 3 R.d.v. wou et flott wier wann s de géings matmaachen.
De 18. an de 25. September ass et endlech nees esou wäit, dann ass erëm Versammlung. Mir gesinn eis vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Hues du e Frënd oder eng Frëndin déi och un de Scouten intresséiert ass? Bréng se mat!
Fir all CaraPio:
Salut, lies w.e.g. och den Ufank vum Ziedel, do sinn 3 R.d.v. wou et flott wier wann s de géings matmaachen.
Den 11. September ass Pabeiersammlung an den 25. September ass Kleedersammlung. Lies doriwwer bei „Fir all d’Mataarbechter, Chef, RaRo an CaraPio.” De 18. an de 25. September ass et endlech nees esou wäit, dann ass erëm Versammlung. Mir gesinn eis vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Hues du e Frënd oder eng Frëndin déi och un de Scouten intresséiert ass? Bréng se mat!
Fir all d’Mataarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Wéi dir uewe gelies hutt steet esou munches um Programm. D’Chef an d’RaRo hunn en Dënschdeg um 20:00 um Bierg eng Versammlung fir ze kucken wéi mir eis fir den 9. an den 11. September organiséieren.
Den 11. ass Pabeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstrooss. Well mir och mussen vun moies un beim Staatshaus sinn, brauchen mir fill Leit bei der Pabeiersammlung. Elo schonns een décke Merci fir Deng Hëllef!
Den 25. September ass Kleedersammlung, R.d.v ass um 9°° beim ale Pompjeesbau.
Fir d’Chef:
E Mëttwoch den 15. September ass Kongress um 18:30 Auer zu Stengefort. Sonndes den 19. September ass Chefdag vun 8:30 Auer un. Den ass och zu Stengefort.
Entries tagged with “Pompjeesbau”.
Sonnden 5 Sep 2010
Scoutsziedel bis den 25. September 2010
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
Fre 21 May 2010
Scoutsziedel bis den 30. Mee 2010
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
Fir ierch alleguer:
Den 22.05 an den 29.05 si keng Versammlungen. D’Cheféquipe wënscht iech alleguer eng schéin Vakanz! Et ass awer net esou wéi wann näischt lass wär: D’AvEx, déi hu vum 22.05-23.05 e W.E (Détailer sti bei : Fir all d’AvEx).
Den 29. an den 30. Mee ass de groussen Keltefestival Bealtaine um Neihaischen den schon fir déi drëtte Kéier vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute organiséiert gët. Hei d’Héichpunkter vum Festival: Samschdes Sonndes si vun 10:00-18:00 e ganze Koup Aktivitéiten wou d’Liewen vun de Kelte gewise gëtt. Samschdes ass vun 18:00-21:00 Open-Air Concert mat keltescher live Musik.
Fir op de Kalenner:
D’Guilde vun de Péitenger Guide a Scouten organiséiert flott Trëppeltier wou dir als Member oder als Famill härzlech Wëllkomm sidd.
- Samschdes 19. Juni: Fousstour vun 6 k.m. zu Ueschdref
- Sonndes den 25. Juli: Fousstour vun 5 k.m. zu Munneref
- Sonndes den 22. August: Fousstour vun 7 k.m. vun Heischend op Feelen
Fir all Tour ass den Départ um 9:30 zu Péiteng op der Maartplatz. Well een vum Goen hongreg gëtt ass all Kéier e Mëttegiessen firgesin. Wann dir intresséiert sidd, da mellt iech w.e.g eng Woch virum Tour beim Norbert Brosius um 508097 un, da reservéiert hien fir iech eng Platz am Restaurant.
Fir all d’ AvEx:
Salut dir Trapper! Wéi dir wesst mache mir als Ofschloss vun eiser Entreprise en Hike. Esou wéi daat sech fir richteg Trapper gehéiert iwernuechte mir am Fräien ënnert engem Iwerdaag. Zur Erënnerung: Paackt nemmen esou vill an äre Rucksack wéi dir och droe kennt, macht alles an eng grouss Plastikstut (fir d’éischt Tuut an de Rucksack an dann d’Sachen dra machen). Hei waat dir alles musst mathuelen:
- Gezei fir all Wieder
- eng gudd Reejaket (also eng déi de Reen ofhält)
- eng Mutz (owes gëtt et kaal)
- Wanderschung
- déck Strëmp an Ennerwäsch fir ze wiesslen
- e Schlofsack an eng Carrymatt
- e Bidon mat Waasser an Iessbesteck
- Fiche Médicale (hei eroflueden)
- gudd Laun a vill Energie!
De W.E kascht 15 Euro (gëtt beim Départ bezuelt). Départ: Mir treffen eis an Uniform Samschdes den 22. Mee um 16°° zu Péiteng beim aale Pompjeesbau. Retour: Sonndes den 23. Mee si mir erem um 18°° zu Péiteng beim aale Pomjeesbau. Mellt iech w.e.g. bis spéitstens e Mëttwoch beim Gilles Michels um 621688422 un, fir wieder Froen steet hien iech gär zur Verfügung.