Entries tagged with “Plastik”.


Foto: jjmatheshikes

Mer hate viru kuerzem schonn eemol driwwer geschwat wéi ee kann d’Dëppecher vu Kontaktlënse benotzen fir Saachen wéi Zahnpasta a Seef plaatzspuerend ze transportéieren. Dës Kéier kucke mer e Projet fir deen d’Stëpp vun Limonadesfläsche benotzt ginn fir e Behälter mat engem oder zwee Kompartimenter ze bastelen.

Fir den Oflaf am Detail ze gesinn besicht den Blog JERMM’s outside. Hei ass e klenge Resumé op Lëtzebuergesch.

  1. Vun zwou Limonadesfläschen déi genee d’selwecht sinn gëtt mat engem Schraufstack an enger renger See den Kapp ofgeseet.
  2. D’Plaz wou geseet gouf muss gefeilt ginn.
  3. Wann ee wëll zwee Kompartimenter hunn schneid een eng dënn Plastiksmembran eraus déi um Enn rau gefeilt an zwëschen déi zwee Käpp gepecht gëtt.
  4. Déi zwee respektiv dräi Deeler ginn mat Superkleber gepecht a mat enger Zaang gehalen bis alles fest ass.
  5. De Behälter ass elo dicht, a ka benotzt ginn fir Crèmen, Pasten, Pudder, Zünder, Seefen,…

Den Auteur vum original Artikel erënnert drun dass et wéinst dem Superkleber net onbedéngt fir Iesssaachen gëeegent ass. Fir alles anescht hudd der elo Plaz am Rucksak gespuert.

[via lifehacker.com]

Déi nächst Kéier wou s de eng Plastikstut hues déi keen Ziplock Verschloss huet, kanns de mat dësem Trick awer en waasser- an loftdichten Verschloss drop setzen.

Tutversigelung

Foto: re-nest

Schneid den Kapp vun enger Plastiksfläsch erof, just ënnert dem Stopp. Zéi d’Tut vun ënnen duerch den Hals, dann dréin den Stopp op den Verschloss. Voilà, d’Tut ass versigelt, an du hues nach en Notzen aus enger eideler Plastiksfläsch gezunn.

D’Erklärung am Detail gëtt et op re-nest. [via lifehacker.com]

Photo: Gilles Glod

Photo: Gilles Glod

Wann een eng duerchsichteg kleng Plastikstuut mat Waasser fëllt, get dorausser eng Zort optësch Lëns. Déi vergreissert dat wat een doduerch gesäit. Wann een déi Tuut mat enger Ficelle ophänkt an se dann e bëssen rondrëmdréint kënnt et de Mécken fir wéi wann sech do eppes grousses géif bewegen an se halen sech aus deem Eck eraus.