Entries tagged with “Neihaischen”.
Did you find what you wanted?
Don 12 May 2011
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
Fir all d’Wellefcher:
Déi nächst zwee Samschdeger, den 14. an 21. Mee hu mir vun 14:00 bis 16:00 Versammlung um Bierg. Den 28. Mee, an der Päischtvakanz, gi mir zesummen an d’Piko Schwemm. Rendezvous ass mat Uniform a Foulard um 13:30 Auer beim beim Staatshaus. Retour ass um 17:50 op der selwechter Plaz. Dir musst matbréngen: Schwammbox / Maillot, Wäschsaachen, Buedduch, Busticket(en) oder Jumbo-Kaart fir den Aller-Retour an e bëssen Täschegeld (net méi wéi 5 Euro). De Grupp bezilt d’Entrée.
Léif Gréiss Är Chef
Fir all d’ AvEx:
Ahoi dir Piraten! Déi nächst zwee Samschdeger, den 14. an 21. Mee hu mir vun 14:00 bis 16:00 Versammlung um Bierg. Den 28. Mee, an der Päischtvakanz, gi mir zesummen an d’Piko Schwemm fir aus iech Landraten richteg Matrousen ze maachen. Rendezvous ass mat Uniform a Foulard um 13:30 Auer beim beim Staatshaus. Retour ass um 17:50 op der selwechter Plaz. Dir musst matbréngen: Schwammbox / Maillot, Wäschsaachen, Buedduch, Busticket(en) oder Jumbo-Kaart fir den Aller-Retour an e bessen Täschegeld ,net méi wéi 5 Euro. De Grupp bezilt d’Entree.
-Arr! Är Käptns.
Fir all CaraPio:
Samstag 14.05.2011 Versammlung von 14 – 16 Uhr. Seifenkistenbau: bringt Werkzeug, Material und Baupläne mit.
Samstag 21.05.2011: Moies ass Pobeiersammlung, macht et wéi déi läschte Kéier a kommt zu viiiiillll hëllefen! Nomëttes: Versammlung von 14 – 16 Uhr Seifenkiste und Vorbereitung.
Peischtweekend 28.-30.05.2011 um Neiheisgen. Fir de Peischtweekend kritt dir eng Mail vum Lukas
Fir all RaRo:
Salut, mir hun den 14. 21. an 28. Mee all Kéier vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg. Wann’s Du wells mat op de RaRo Camp goen, dann iwerweis w.e.g. 50 Euro op de Compte vun de Péitenger Guiden a Scouten: LGS Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mam Vermierk: RaRo Camp a mat ärem Numm.
Fir all d’Matarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:
Den 21. Mee ass Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8.30 Auer op der Léngerstrooss. Hoffen DU bass derbei. Elo schons MERCI!
Méi 25 Apr 2011
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutsziedel
1 Kommentar
Fir all d’Wëllefcher:
Salut, mir hunn den 30. Abrëll an de 7. Mee all Kéier vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Fir op de Kalenner: Eise Summercamp ass vum 16. bis den 23. Juli um Kuelbicherhaff (bei Miersch). Haalt iech dësen Datum alt frei, weider Detailer kommen no.
Fir all d’ AvEx:
Salut, mir hunn den 30. Abrëll an de 7. Mee all Kéier vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Fir op de Kalenner: Eise Summercamp ass vum 18. bis den 26. Juli um Kuelbicherhaff (bei Miersch). Haalt iech dësen Datum alt frei, weider Detailer kommen no.
Fir all CaraPio:
Salut, mir hunn den 30. Abrëll vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Freides de 6. Mee ass et esou wäit! Mir gin op den Iron-Scout. R.d.v ass um 20°° zu Péiteng op der Gare. Mir fuere mam Zuch Auto op Klierf. Samschdes moies soubal d’Sonn opgeet geet et da lass. Mir sin Sonndes fir d’Mëttegiessen erëm zu Péiteng. Hutt dir nach eng Fro? Da rufft einfach dem Lukas un, um 661620846.
Vum 28. bis den 30. Mee gi mir op de Päischtweekend um Neihaischen. Dëst ass eng Firbereedung fir de Jamboree. Détailer kommen no.
Fir all RaRo:
Salut, mir hun den 30. Abrëll an de 7. Mee all Kéier vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg.
Fir all d’Mataarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:
Lies nëmmen weider wann’s de op der Pabeiersammlung waars 
Déi läscht Pobeiersammlung war ee Genoss, et war super dass esou fill Leit gehollef hun, da mecht daat jo richteg Spaass. MERCI dass DU derbei wars!
Sam 29 May 2010
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner AvEx, Fotoen
Schreiw den éischte Kommentar!
Am März 2003 waren eis AvEx een Weekend laang Zauberlehrlingen. Um Enn vum Weekend hun se hiren Elteren an enger Zaubershow déi Tricker déi se geléiert hun virgefouert.
Fre 21 May 2010
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
Fir ierch alleguer:
Den 22.05 an den 29.05 si keng Versammlungen. D’Cheféquipe wënscht iech alleguer eng schéin Vakanz! Et ass awer net esou wéi wann näischt lass wär: D’AvEx, déi hu vum 22.05-23.05 e W.E (Détailer sti bei : Fir all d’AvEx).
Den 29. an den 30. Mee ass de groussen Keltefestival Bealtaine um Neihaischen den schon fir déi drëtte Kéier vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute organiséiert gët. Hei d’Héichpunkter vum Festival: Samschdes Sonndes si vun 10:00-18:00 e ganze Koup Aktivitéiten wou d’Liewen vun de Kelte gewise gëtt. Samschdes ass vun 18:00-21:00 Open-Air Concert mat keltescher live Musik.
Fir op de Kalenner:
D’Guilde vun de Péitenger Guide a Scouten organiséiert flott Trëppeltier wou dir als Member oder als Famill härzlech Wëllkomm sidd.
- Samschdes 19. Juni: Fousstour vun 6 k.m. zu Ueschdref
- Sonndes den 25. Juli: Fousstour vun 5 k.m. zu Munneref
- Sonndes den 22. August: Fousstour vun 7 k.m. vun Heischend op Feelen
Fir all Tour ass den Départ um 9:30 zu Péiteng op der Maartplatz. Well een vum Goen hongreg gëtt ass all Kéier e Mëttegiessen firgesin. Wann dir intresséiert sidd, da mellt iech w.e.g eng Woch virum Tour beim Norbert Brosius um 508097 un, da reservéiert hien fir iech eng Platz am Restaurant.
Fir all d’ AvEx:
Salut dir Trapper! Wéi dir wesst mache mir als Ofschloss vun eiser Entreprise en Hike. Esou wéi daat sech fir richteg Trapper gehéiert iwernuechte mir am Fräien ënnert engem Iwerdaag. Zur Erënnerung: Paackt nemmen esou vill an äre Rucksack wéi dir och droe kennt, macht alles an eng grouss Plastikstut (fir d’éischt Tuut an de Rucksack an dann d’Sachen dra machen). Hei waat dir alles musst mathuelen:
- Gezei fir all Wieder
- eng gudd Reejaket (also eng déi de Reen ofhält)
- eng Mutz (owes gëtt et kaal)
- Wanderschung
- déck Strëmp an Ennerwäsch fir ze wiesslen
- e Schlofsack an eng Carrymatt
- e Bidon mat Waasser an Iessbesteck
- Fiche Médicale (hei eroflueden)
- gudd Laun a vill Energie!
De W.E kascht 15 Euro (gëtt beim Départ bezuelt). Départ: Mir treffen eis an Uniform Samschdes den 22. Mee um 16°° zu Péiteng beim aale Pompjeesbau. Retour: Sonndes den 23. Mee si mir erem um 18°° zu Péiteng beim aale Pomjeesbau. Mellt iech w.e.g. bis spéitstens e Mëttwoch beim Gilles Michels um 621688422 un, fir wieder Froen steet hien iech gär zur Verfügung.