Fir iech alleguer
E Sonndeg den 2. Oktober ass d’Journée de la Commémoration nationale. Wéi all Joer huelen mir un de Feierlechkeeten, déi dest Joer zu Lamadeleine sinn, deel. Mir treffen eis an Uniform (wenn eng huet) um 9.15 Auer zu Péiteng beim ale Pompjeesbau, vun do aus fuere mir mam Bus op Lamadeleine. Mir gin mat am Cortège an duerno an d’Mass, géint 12°° Auer si mir erëm beim ale Pompjeesbau.
Fir all d’Wëllefcher
Salut léif Wëllef, déi 2 nächst Samschdeger, den 1. an den 8.Oktober hu mir all Kéiers vun 14°° -16°° Versammlung um Prënzebierg. Wéi ugekënnegt hätt sollen den 8. an 9. Oktober Montées W.E sinn. Dat ass do wou déi eelst vun eis bei d’AvEx ginn. Mir hunn dëse W.E (wéinst de Walen) ëm eng Woch geréckelt. En ass den 15. an 16. Oktober. Detailer kommen am nächste Bréif. Lies och bei: Fir iech alleguer
Fir all d’ AvEx
Salut AvEx, nächste Samschdeg den 1.Oktober gi mir richteg sportlech; mir maachen een Tour mam Vëlo. Mir treffen eis um 14°° zu Péiteng bei den Weieren um Parking vum Café Chalet Laangwiss. Bréngt alleguer e Vëlo, en Helm an e Bidon mat Waasser mat. Mir sinn um 18°° Auer erëm bei de Weieren. Falls et sollt reenen, gi mir trëppelen da sollt dir am Platz vum Vëlo uerdentlecht Reengezei matbréngen. An dem Fall braucht dir och keen Helm. De Samschdeg drop, den 8.Oktober hu mir vun 14°° -16°° Versammlung um Prënzebierg. Wéi ugekënnegt hätt sollen den 8. an 9.Oktober Montées W.E sinn. Dat ass do wou déi eelst vun eis bei d’CaraPio ginn. Mir hunn dëse W.E (wéinst de Walen) ëm eng Woch geréckelt. En ass den 15. an 16. Oktober. Detailer kommen am nächste Bréif. Lies och bei: Fir iech alleguer
Fir all d’CaraPio
Salut alleguer, déi 2 nächst Samschdeger, den 1. an den 8.Oktober hu mir all Kéiers vun 14°° -16°° Versammlung um Prënzebierg. Wéi ugekënnegt hätt sollen den 8. an 9. Oktober Montées W.E sinn. Dat ass do wou déi eelst vun eis bei d’RaRo an oder Chef ginn. Mir hunn dëse W.E (wéinst de Walen) ëm eng Woch geréckelt. En ass den 15. an 16. Oktober. Detailer kommen am nächste Bréif. Lies och bei: Fir iech alleguer
Fir all d’RaRo
Déi 2 nächst Samschdeger, den 1. an den 8.Oktober hu mir all Kéiers vun 16°° -18°° Versammlung um Prënzebierg. WEEN DEN 1.10 NET KANN AN DER VERSAMMLUNG SINN, SOLL DEM GUY SENG REZEPTER MAILEN. [Admin: maacht dat iwwert den Kontakt Formular oder op dem Guy seng Adress wann der se scho wësst.] Montées W.E: 15 an 16 Oktober => mir hëllefen um W.E kache a brachen….. Lies och bei: Fir iech alleguer
Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio an d’Chef
Virukennegung: Den 15. Oktober ass Pabeiersammlung
Laang woren se verschollen, d’Fotoen vun dësem Theaterstéck vum Etienne Clement dat d’Péitenger Guiden an Scouten zu Lamadeleine opgefouert hunn. Elo sinn se nees opgedaucht, an da wëlle mer se iech natierlech net virenthalen. Vläicht erënnert der iech jo esou guer nach un den een oder aneren Moment aus dem Stéck.Et sinn och Fotoen dobäi vun den Stécker déi déi eenzel Branchen gespillt hunn.
Fir all déi wou mat op den „Mini Interville“ waren:
Dir waart einfach genial!! Een decke MERCI dass dir iech esou spontan décidéiert hutt fir beim „Mini Interville“ matzemaachen. Dir hutt ganz Péiteng bewisen dass een op d’Guiden a Scouten ziele kann. An zu gudder Läscht hutt dir och nach gewonn!! Dat ass SUPER ech sinn ganz houfreg op iech, an de Rescht vum Grupp bestëmmt och!
Guy
Fir all d’Wëllefcher:
Salut Wëllef, mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 19. an den 26 Juni all Kéier vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
Nationalfeierdag gi mir mat an den Te Deum, den zu Lamadeleine an der Kierch ass. Mir treffen eis an Uniform um 9:00 beim ale Pompjeesbau a fueren dann mam Bus op Lamadeleine, géint 12:00 fuere mir erëm zeréck.
Wéi dir wësst gi mir geschwënn op den nationalen Camp, dir kritt nach een extra Ziedel mat allen Informatiounen déi dir braucht. Do sinn och Ziedelen déi mussen ausgefëllt ginn, frot är Elteren dass si dat esou séier wéi méiglech maachen, si sollen déi ausgefëllten Ziedelen bis e Freideg den 18.6 beim Claire Dording ofginn; hei seng Adress: [frot d'Adress iwwert eisen Kontaktformular un. -Gilles].
Fir all d’ AvEx:
Samschdes den 19. Juni hu mir KENG Versammlung. (D’Chef hunn e W.E.).
Nationalfeierdag gi mir mat an den Te Deum, den zu Lamadeleine an der Kierch ass. Mir treffen eis an Uniform um 9:00 beim ale Pompjeesbau a fueren dann mam Bus op Lamadeleine, géint 12:00 fuere mir erëm zeréck.
Den 26. Juni ass normal Versammlung vun 14:00 bis 16:00 Auer um Bierg.
Fir all CaraPio:
Samschdes den 19. Juni hu mir KENG Versammlung. (D’Chef hunn e W.E.).
Nationalfeierdag gi mir mat an den Te Deum, den zu Lamadeleine an der Kierch ass. Mir treffen eis an Uniform um 9:00 beim ale Pompjeesbau a fueren dann mam Bus op Lamadeleine, géint 12:00 fuere mir erëm zeréck.
Den 26. Juni ass normal Versammlung vun 14:00 bis 16:00 Auer um Bierg.
Fir all d’RaRo:
Samschdes den 19. Juni hu mir KENG Versammlung. (D’Chef hunn e W.E)
Nationalfeierdag gi mir mat an den Te Deum, den zu Lamadeleine an der Kirch ass. Mir treffen eis an Uniform um 9:00 beim ale Pompjeesbau a fueren dann mam Bus op Lamadeleine, géint 12:00 fuere mir erëm zeréck.
Den 26. Juni ass normal Versammlung vun 16:00 bis 18:00 Auer um Bierg.
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Den 3. Juli ass Pabeiersammlung.
Fir all d’Chef:
Dëse W.E. ass et endlech esou weit da gi mir op de Chef-Weekend, wann s du et nach net gemach hues da mellt dech séier un! Mir treffen eis Samschdes um 10:00 um Bierg. Matbréngen: Carry Matte/ Schlofsack/ Gamelle/ a waat een soss esou brauch. Et wier super wann s du dech gings informéireren wéi eng Konstruktiounen een mat Naturmaterialien ka bauen fir am freien ze iwernuechten, an engems fënns du jo och vileicht een super Eintopfrezept… dann bréng et mat! De W.E. ass Sonndes géint 17:00 eriwwer.