Entries tagged with “Knuet”.


Knots Guide screenshotFir déi ënnert iech wou gären um neisten Stand vun der Technik sinn, ass Android sécherlech näischt onbekanntes. (Et ass en Betriebssystem dat op villen neien Handyen benotzt gëtt.) Den Programm Knots Guide setzt iech eng Lëscht vun 74 Kniet op den Handy, sou dass der der d’Kniet ënnerwee üben kënnt, oder Schrëtt fir Schrëtt nokucken kënnt wéi deen speziellen Fëscherknuet do nach eemol geet.

Eroflueden kënnt der den Programm Knots Guide op AppBrain.

(via lifehacker.com)

Wann ee moies vum Chef aus dem Bett getrommelt get as et net fir lang ze trentelen. De Butték muss rullen. All Grond also dëse klenge Knuetstrick ze léieren, mat deem een mat e bëssen Übung d’Schung méi séier gestréckt kritt. D’Resultat as den normalen Schungknuet deen der warscheinlech schon all kennt, mee dat Ganzt geet méi féx vun der Hand.

Kuckt ierch dat ganz Schrëtt fir Schrëtt am Detail un, um Link hei drënner:

Ian’s Knot (fieggen.com) (via Lifehacker)