Eeër sinn praktesch, kompakt an voller Proteinen. Ech perséinlech huelen se ëmmer erëm gär mat op en Hike oder wann ech soss en klengen Picnic fir ënnerwee brauch. Mee fir d’Eeër ze schielen… dat ass ëmmer esou ee Gepiddels. Den Tim Ferris huet dat och generft. Dofir hei seng Tipps fir d’Eeër méi liicht ze schielen ze maachen:
Am Dëppen muss genuch Waasser sinn fir dass 5cm Waasser iwwert den Eeër ass.
Wann d’Waasser an d’Dëppen kënnt, mécht een och 1TL Bakpolver mat an d’Waasser – dann pescht d’Schuel net esou um Ee.
D’Eeër ginn 12 Minutten gekacht, dann am kalen Waasser (am beschten Äiswaasser) ofgekillt.
Vun der Spëtzt a vum Buedem vum Ee hëlt een dann ee klengt Stéck Schuel erof.
Elo muss een just nach déi eng Säit dra blosen, da kënnt d’Ee déi aner Säit erausgefluppt.
Den Fränz schreiwt eis en Trick wéi hien et ustellt fir dass d’Pangescher net ubrennen.
Wei jiddereen wees hun eis gossen Panen bei den Scouten en klengen Nodeel, wann een ze wéinech Ueleg dran mëcht dann brennt Alles un. Wat natierlech Misär as fir et erem ze spullen. Dofir get et awer en Trick: Et mëcht een eng gudd Schlupp Ueleg an d’Pan an stellt se op d’Feier bis den Ueleg waarm as. Dann hëllt een se erof an entsuergt den Ueleg am Mupp. Duerno peschen d’Pangescher net méi an der Paan un an zerbröselen net méi sou séier wann een se probéiert ëmzedreinen, an et brauch een wéinger Ueleg.
Denkt drun dass den Ueleg net zevill warm dierf gin, wann en bis ufänkt mat dämpen as en no um Punkt wou en kéint Feier fänken an e schlechte Gout produzéiert. Wéi kacht dir d’Pangescher? Huelt der eemol vill Ueleg um Ufank wéi den Fränz oder maacht der es einfach no all Pangesch e bëssen an d’Pan? Sot eis et an den Kommentarer!
Dësen Trick hun ech mer vun engem vun eisen AvEx ofgekuckt. Jidderee vun ierch dee scho mol op enger richteger Scoutskichen um oppene Feier gekacht huet, kennt de Problem: d’Fëschstäbecher brenne grad un mee et kann ee beim beschte Wëllen net bei bei der Pan stoe bleiwen, well den Damp vum Feier engem zevill an den Aa bäisst. D’Léisung? Et deet een fir ze kachen einfach en Schwammbrëll un! Et gesäit een vläit e bëssen dämlech domat aus, mee wéinstens muss een dono net dat tëschent dem Réien an dem Verbrannten erauspicken.