Entries tagged with “Jocapi”.
Did you find what you wanted?
Dën 6 Apr 2010
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Fotoen
Schreiw den éischte Kommentar!
CaraPio Fotoen! Huay! Souer hu mer der net vill, also wann e puer fotografesch begaabt CaraPio wëllen dass Fotoen vun hiren Versammlungen, Campen an sou weider op den Site kommen, mellt iech um Site un a frot dann iwwert den Kontaktformular als Fotograf aktivéiert ze gin. Dat selwecht gëllt natierlech och fir all déi aner Branchen.
Hei sinn e puer Fotoen vun der JoCaPi 2007, den 25. Mäerz war dat fir genee ze sinn. Leider weess ech net wou et war, mä dat seet mer bestëmmt een an den Kommentaren. [Update: Den Fränz sot mer an enger E-Mail dass dat do zu Eschduerf war.] Leider sinn d’Fotoen net immens grouss, dat ass leider déi beschten Opléisung an der mer se hunn.
Mët 17 Mar 2010
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!

Foto: Alex Kapranoff
Fir iech alleguer:
D’Cheféquipe wënscht Iech elo schons eng schéi Vakanz a frou Ouschteren.
Fir all d’Wellefcher:
Mir hun den 20. März vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg. Duerno ass keng Versammlung well Vakanz ass.
Fir all d’AvEx:
Mir hun den 20. März vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg. Duerno ass keng Versammlung well Vakanz ass.
Fir all CaraPio:
Mir hun den 20. März vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg. Den 28. März fuere mir op Sandweiler, op de JoCaPi. Mir treffen eis mat Foulard an Uniform um 07:45 zu Péiteng op der Gare, den Zuch fiert um 07:54. (Brengt Är Jumbokaart oder een Zuchticket mat). Dir kritt moies a mëttes z’iessen, dir braucht keng Gamell, brengt just e Stéck Uebst als Snack fir Zwëschenduerch an eppes ze drénke mat. Didd iech dem Wieder no un. Mir sin owes erem um 19:06 zu Péiteng op der Gare.
Fir all d’RaRo:
Mir hun den 20. März vun 16:00-18:00 Versammlung um Bierg.
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Fir dass dir iech kënnt organiséiren schreiwen ech emol d’Datumer fir d’Pobeiersammlungen 2010 op.
Dës Datumer si provisoresch a kënne evt. änneren.
17. Abrëll, 15. Mee, 12. Juni, 3.Juli, 14. August, 11. September, 9. Oktober, 13. November, 11. Dezember.
Dën 2 Mar 2010
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
Fir iech alleguer:
Eis Guilde, dat sin déi äler Guiden a Scouten organiséiert regelméisseg Trëppeltier. Wen Loscht huet kann roueg do matgoen, dest ass och fir Famillien geduecht. Hei sin emol d’Datumer:
- Samschdeg den 6. März: Fousstour op Nouspelt (Trëppeltour vun 4,5 km)
- Sonndeg, den 18.Abrëll: Fousstour op Kärch (Trëppeltour vun 6 km)
- Sonndeg, den 9. Mee: Fousstour an de Bambësch (Trëppeltour vun 6 km)
Fir all Tour: Mir treffen eis um 13.30 Auer op der Maartplatz zu Péiteng a fueren dann mat Privatautoen op d’Plaatz.
Fir all d’Wellefcher:
Déi nächst 2 Samschdecher, den 6. an den 13. März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Fir all d’AvEx:
Déi nächst 2 Samschdecher, den 6. an den 13. März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg .
Leif Elteren, léif AvEx,
Wéi dir villeicht schons héiren hudd gin mir dest Joer vum 21. bis den 31. Juli op den Nationalen Avex Camp Adventum MMX op Stengefort. Aus organisatoresche Grënn ass et wichteg dass mir elo schons wësse wen matgeet. Fir Ärt Kand unzemellen, iwerweist w.e.g. bis den 30.März, 50 Euro als Acompte op de Compte vun de Péitenger Guiden a Scouten : IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mam Numm vun Ärem Kand a mam Vermierk : AvEx Camp. De Camp kascht am ganzen 180 Euro.
Fir all d’CaraPio:
Déi nächst 2 Samschdecher, den 6. an den 13. März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Iwerleet Iech schons e Numm fir de Camp an entwerft alt schons emol e Modell fir e Campbadge. Den 28. März ass de Jocapi (Déteiler kommen no) De 6. März ass Pobeiersammlung, et ass wirklech ganz wichteg dass du derbei bass. MERCI!
Vum 20-31 Juli gi mir mat den Schëfflenger Guiden a Scouten an de Schwarzwald op Dittishausen op de Camp. De Camp wärt +/- 300 Euro kaschten. Wanns du wëlls matgoen, da fro deng Elteren dass sie bis den 30. März 100 Euro als Acompte op de Compte vun de Péitenger Guiden a Scouten iwerweisen. IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
Mat dengem Numm a mam Vermierk : CaraPio Camp
Fir all d’RaRo:
Déi nächst Samschdecher, den 6. an den 13. März hu mir vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg.
Mir machen de 6. a 7. März en Hike. We well mattgoën, soll dat néidecht Geschier, Schlofsak, Zännbiischt a Ravi fir 2 Deeg soll mattbrengen. Départ ass Samschdes um 16.00 Auer zu Péiteng op der Gare an de Retour ass Sonndes géint 17.00. De Weekend kascht am Prinzip näischt, ët soll een awer fir all Fall e puer kleng Euroën matthuelen, wéi dat bei normale Leit jo och normal ass.
Vum 8. bis den 22. August gi mir bei de Franz op Assisi. Wanns du wëlls matgoen dann iwerweis w.e.g bis den 30. März 100 Euro als Acompte op de Compte vun de Péitenger Guiden a Scouten: IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000. Mat dengem Numm a mam Vermierk: RaRo Camp.
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
E Samschdeg den 6. März ass Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Villmols Merci am Viraus fir all Hëllef!