Entries tagged with “Iron Scout”.
Did you find what you wanted?
Méi 22 Apr 2013
Fir all d’Biber:
Léif Biber nächste Samschdeg, de 27. Abrëll hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Didd iech dem Wieder no un well mir sin dobaussen. E Samschdeg de 4.Mee ass KENG Versammlung, well d’Chef do fiiiiil fir d’Scoute musse schaffen.
Fir all d’Wëllefcher:

Foto: 'Knights in Battle' vum keaw_yead_3
Dir Knappen an Anwärter äre Kinneg, an är Kinnigin loosse verlauden: De 27.Daag am véierte Mount vum Joer ass vun 14°°-16°°Knappentreffen um Bierg vun de Prënzen. E Samschdeg de 4.Mee ass leider KENG Versammlung, well d’Chef do fiiiiil fir d’Scoute musse schaffen.
Fir all d’ AvEx:
Salut AvEx, nächste Samschdeg, de 27. Abrëll hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. E Samschdeg de 4.Mee ass KENG Versammlung, well d’Chef do fiiiiil fir d’Scoute musse schaffen.
Fir all d’CaraPio:
Iron Scout: R.d.v an Uniform, e Freideg de 26.Abrëll um 19h am Chalet Hondsbesch, Nidderkuer – 175, av de la Liberté, L-4602 Déifferdang. Denkt ennert anerem un: *Carrymatt, *Schlofsack, *Gamelle (mat Besteck an Becher), *Rucksack, *Täschelut ,* gudd Schung fir ze treppelen, (well et vill iwert Macadam geet, sin deck Biergschung, mat harder Suelen, net dei aller bescht Leisung, eichter gudd Laafschlappen oder Trekkingschung mat mei mellen Suelen), *déi rechtlech 15EUR fir den WE, (brengt d‘Sue mat ob den WE), déi ausgefellten Fiche médicale. D’Fiche médicale fannt dir HEI =>Fiche méd_Péit_. Schluss as Sonndes speitstens um 11h.
Versammlungen: Den 4. Mee as keng Versammlung, well d’Chef all ob engem „Schaff-WE“ sin, wou Zelter fir den Camp kontrolleiert gin.
Camp 2013: Et gëtt nees Zäit fir déi nechst Tranche fir den Camp 2013 ze bezuelen. Dat wieren genau nees 150 Euro pro Persoun. Vergiesst net äeren Numm an CaraPio Camp 2013 2. Accompte dropzeschreiwen.Hei eis Kontonummer:
Péitenger Guiden a Scouten BCEE LU 67 0019 6803 7218 2000
Fir all d’RaRo:
De 27.Abrëll ass leider keng Versammlung. Är Chef musse schaffen oder sin um Iron Scout 
De 4. a 5. Mee si mir awer beim super coole Zelt-Tik W.E derbei=> kuck bei: Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, an d’Chef.
Neies vun der Guilde
D‘Elteren vun eise Memberen, d‘RaRo, d‘Chef an d‘Frënn vun de Péitenger Guiden a Scouten sin härzlechst agelueden bei eisen Aktivitéite matzemachen.
2. Mee 2013: Keelenowend:R.d.v um 20°° am Café Porte de Lamadelaine
9. Mee 2013 Familljensortie op d’Bilschdrefer Guide Kirmes :Mir fueren Christi-Himmelfahrt op d’Bilschdrefer Guide Kirmes. Hei de Progamm: Mass um 11°°, duerno Mëttegiessen, vum Grill oder Menu.Mettes e Fousstour an der Ëmgéigend. Och fir Leit déi net gär trepplen gëtt vill Animatioun gebueden.Winst dem Menu: Gefëllte Kallefsbreschtchen mat Gromperegratin an duerno engem Steck Taart fir 18 Euro ass et wichteg dass dir iech beim Martine um 503271 umellt.
Den Rendez-vous ass um 9.30 Auer zu Péiteng op der Maartplaz oder um 10.45 Auer zu Bilschdref.
Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, an d’Chef:
De 4. a 5. Mee hu mir eisen Zelt-Tik W.E Mir kucken all eise Zelter no a mache vereenzelt Fleckarbechten….. Mir treffen eis vun 9°° Auer un um Bierg. Matbrengen CarryMatte, Schlofsack, Loscht fir ze schaffen a gudd Laun. Daat ganzt dauert bis Sonndes +/- 16°°. Fir all d’Leit déi eigentlech keng Zeit hun: Natiirlech ass et och méiglech dass dir just schaffe kommt an fir de gemittlechen Deel (owes) net derbei sidd
Dën 1 May 2012
Fir all d’Wëllefcher:
Salut alleguer, mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 5. an den 12. Mee all Kéier vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Prenzebierg.
Fir all d’ AvEx:
Salut alleguer, mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 5. an den 12. Mee all Kéier vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Prenzebierg. Brengt de 5. Mee eng eidel Tetra-Pack’s Këscht (Jus oder esou) mat an d’Versammlung.
Fir all d’CaraPio:
Salut hei d’Détailer vum Iron Scout: Départ: Freides de 4.05 um 19°° an Uniform beim ale Pompjeesbau zu Péiteng Matbrengen: Carrymatte , Schloofsaack, Gamelle an Besteck , Schlappen , Warnwest , fest Schung , Bidong , klengen Rucksack , Kleeder fier all Wieder,Täschelucht, eng ausgefëllten Fiche Médicale an d’Shelter Box Ziedelen Retour: Mir si Sonndes de 6.05 géint 14°° nees zu Péiteng op der Gare.
Fotoen vum Iron Scout 2011 op CaraPioShare
Samschdes de 12.Mee hu mir wéi gewinnt vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Fir all d’RaRo:
Salut alleguer, mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 5. an den 12. Mee all Kéier vun 16°°-18°° Auer Versammlung um Prenzebierg. Mir starten mat eiser neier Entreprise!
Fir all d’Chef:
En Donneschden den 03.05 ass um 20°° Grupperot beim Guy (21, rue de la Cité zu Aubange)
Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio an d’Chef:
E Samschdeg de 17.05 ass Pabeiersammlung.
Méi 16 Apr 2012
Fir all d’Wëllefcher:
Salut alleguer,mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 21. an den 28. Abrëll all Kéier vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Prenzebierg.
Fir all d’ AvEx:
Salut alleguer,mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 21. an den 28. Abrëll all Kéier vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Prenzebierg.
Fir all d’CaraPio:
Pobeiersammlung: E Samschden, den 21.04 ass Pobeiersammlung. Et ass wichteg dass DU derbei bass!!! R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross.
Batik: Am nächsten Samstag am 21.04 ist normal Versammlung von 14.00 bis 16.00 Uhr. Geplant ist unsere Batik-Enterprise. Bringt also noch einmal Euer weisses gewaschenes T-Shirt mit.
Am 28.04.2012 ist Versammlung von 14.00 bis 16.00 Uhr auf dem Prinzenberg.
IRON SCOUT: Von Freitag 04.5.2012 ca. 19.00 Uhr bis Sonntag 06.05.2012 ca. 14.00 Uhr findet der “IRON SCOUT 2012″ statt. (Genauer Zeitpunkt folgt im nächsten Brief). Bei dieser nationalen Aktivität gehen wir um den Stausee und an unsere körperlichen und mentalen Grenzen.
Diesmal Hiken wir für einen Guten Zweck: “Shelter Box“. Bitte sucht Euch Sponsoren! IronScout_ShelterBox
CAMP 2012:Die zweite und letzte Rate für unser Camp “ROOTS 2012 (Romanian Open Odyssey Of Romanian Saxons”)” ist fällig. Bitte überweist EUR 100,00 bis zum 30.04.2012 an Carapiosüden
LU50 0019 2255 0809 4000
BCEELULL
Verwendungszweck: Name / CaraPioCamp2012
Damit ist alles bezahlt. (EUR 200,00)
Dies ist möglich, da das Camp zu 40% von der EU im Rahmen vom “Youth in Action programme” subventioniert wird. Dafür “Danke” von der Regionalequipe Sueden and den Service National de la Jeunesse!
Wer noch nicht bezahlt hat, aber mit auf das Camp möchte, der sollte den Gesamtpreis überweisen, und mich benachrichtigen.
Viele Grüße £ukas
Fir all d’RaRo:
E Samschden, den 21.04 ass Pobeiersammlung. Et ass wichteg dass DU derbei bass!!! R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Nomettes hu mir vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg. Et wier super wanns du deng Fotoen vum Camp gings sortéiren an e Samschden matbrengen, d’Kim mecht se dann all op eng CD.
De Samschden drop, den 28.04 hu mir vun 16°° bis +/-21°° Versammlung um Bierg, mir kucken d’Fotoen vum Camp an duerno kache mir um Pott => vergiesst är Gamelle net.
Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio an d’Chef:
E Samschdeg de 21.04 ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt m 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Elo schons en decke MERCI!
Méi 25 Apr 2011
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutsziedel
1 Kommentar
Fir all d’Wëllefcher:
Salut, mir hunn den 30. Abrëll an de 7. Mee all Kéier vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Fir op de Kalenner: Eise Summercamp ass vum 16. bis den 23. Juli um Kuelbicherhaff (bei Miersch). Haalt iech dësen Datum alt frei, weider Detailer kommen no.
Fir all d’ AvEx:
Salut, mir hunn den 30. Abrëll an de 7. Mee all Kéier vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Fir op de Kalenner: Eise Summercamp ass vum 18. bis den 26. Juli um Kuelbicherhaff (bei Miersch). Haalt iech dësen Datum alt frei, weider Detailer kommen no.
Fir all CaraPio:
Salut, mir hunn den 30. Abrëll vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Freides de 6. Mee ass et esou wäit! Mir gin op den Iron-Scout. R.d.v ass um 20°° zu Péiteng op der Gare. Mir fuere mam Zuch Auto op Klierf. Samschdes moies soubal d’Sonn opgeet geet et da lass. Mir sin Sonndes fir d’Mëttegiessen erëm zu Péiteng. Hutt dir nach eng Fro? Da rufft einfach dem Lukas un, um 661620846.
Vum 28. bis den 30. Mee gi mir op de Päischtweekend um Neihaischen. Dëst ass eng Firbereedung fir de Jamboree. Détailer kommen no.
Fir all RaRo:
Salut, mir hun den 30. Abrëll an de 7. Mee all Kéier vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg.
Fir all d’Mataarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:
Lies nëmmen weider wann’s de op der Pabeiersammlung waars 
Déi läscht Pobeiersammlung war ee Genoss, et war super dass esou fill Leit gehollef hun, da mecht daat jo richteg Spaass. MERCI dass DU derbei wars!
Mët 30 Mar 2011
Geschriwwen vum Administrator, klasséiert ënner Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
Fir iech alleguer:
Dest ass dee läschten Ziedel fir un der Vakanz, ech wenschen iech elo schons schéin Ouschteren.
Fir all d’Wellefcher:
Salut, den 2. Abrëll ass déi läscht Versammlung vun eisem Komet (ee Komet si méi Versammlungen zu engem Thema). Dest wëlle mir richteg feiren, duefir hu mir vun 10°°-14°° Versammlung, brengt e gudden Appetit mat.
Fir all d’ AvEx:
Salut, mir hun den 2. Abrëll vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Duerno ass Keng Versammlung méi bis no der Vakanz.
Fir all CaraPio:
Salut, den 2. Abrëll ass KENG Versammlung, d’Chef sin op den Iron-Scout fir Chefs. Den 9.4 hu mir vun 14-16°° Versammlung um Bierg. Fir op de Kalenner: Den 6.,7. an 8.Mee ass dee weltberühmten IRON-SCOUT, wann’s du matgees, dann iwerweis w.e.g 30 Euro op eisen Compte: LGS Grupp hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 Mam Vermierk : Iron Scout a mat dengem Numm. Ouschtersamschdeg den 23. Abrëll ass Pobeiersammlung. Et ass wichteg dass DU derbei bass.
Fir all RaRo:
Salut, den 2.Abrëll an den 9.Abrell hu mir wéi gewinnt vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg. Déi Leit wou een T-Shirt bestallt hun, sollen 17 Euro matbrengen, a fir ee Pullover 36 Euro. Ouschtersamschdegden 23. Abrëll ass Pobeiersammlung. Et ass wichteg dass DU derbei bass.
Fir all Chef:
En Donneschdeg den 7. Abrëll ass um 20°°Grupperot um Bierg.
Fir all d’Matarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:
Opgepasst, den Datum vun der Pobeiersammlung huet geännert. E Samschdeg de 23.04 ass Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Elo schons een decke Merci fir all Hëllef.