Entries tagged with “Home”.
Did you find what you wanted?
Dën 17 Jan 2012
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
E puer Informatioune fir déi jeweileg Branchen goufen bei de leschten Ziedel bäigesat, kuckt iech nach eemol d’Informatioune fir är Branche un. Nieft de Prouwen stinn dës Saachen un:
Fir d’AvEx
Mir hun déi nächst 2 Samschdeger, den 21. an den 28. Januar all Kéier vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
Fir d’CaraPio
Wéi ugekennegt gi mir den 21. an 22. Januar op de Wanterhike hei déi läscht Détailer: R.d.v. an Uniform um 8.30 Auer beim aale Pompjeesbau. De W.E ass den 22.01 um 17°° zu Diddeleng beim Match Parking eriwer. Mir schlofen an enger Scheier brengt also eng Carry-Matte an ee gudde warme Schlofsaack mat. Dir braucht neischt fir z’iessen an ze drenken matzebrengen (just e Bidon mat Waaser fir ennerwee). Didd iech warm un a vergiesst är Mutz net! Brengt déi ausgefëllten Fiche médicale mat. De W.E kascht 20 Euro a gëtt op der Platz bezuelt. Mellt iech w.e.g beim Kim um 621197160 winst dem Transport fir dohinner.
Fiche méd_Péit_W.E
Den 28.1 hun mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Fir all d’RaRo
Déi 2 nächst Samschdeger, den 21. an den 28. Januar hu mir all Kéiers vun 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg. Déi wou wëllen, kënnen och bei de Pio um Wanterhike matgoen (liest w.e.g bei de Pio). Um Theater kemmere mir eis em daat hondrem liest w.e.g bei: Fir d’Mararbechter, d’Raro, d’CaraPio an d’Chef
Fir d’Mararbechter, d’Raro, d’CaraPio an d’Chef
Sonndes den 29.01 riichte mir d’Bühn fir den Theater op r.d.v um 20°° am Home. Den 3. a 4. Februar si mir vun 18°° Auer un am Home.
Méi 2 Jan 2012
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
Fir Iech alleguer:
Mir spillen den 3. an 4. Februar
Theater
zu Péiteng am Home St. Hubert.
Et gët gespillt:
Wëllefcher: Scouten an enger anerer Dimensioun
AvEx: Lues, haart an däitlich!
CaraPio: Alt nees eng Mordgeschicht
D’Cheféquipe an Matarbechter spillen e lëschtegen 3 Akter vum Josy Théato: Gebees ass Tromp.
Den Rido ass um 20°° (d’Kanner déi matspillen sollen um 19:30 am grousse Sall sin.) Den Preis ass 8 Euro fir déi Grouss (vun 17 Joer un) an 4 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspillen mussen natirlech neischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sin och gratis. Resevéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet. Dir kennt är Plaatzen vun elo un beim Kim Staudt um 621197160 (no 17:00) reservéiren. P.S. Wann dir eis e bessen wëllt ennerstetzen an eis eppes fir an d’Tombola wëllt gin, dann gidd ärem Kand et einfach mat an eng Versammlung. Villmols Merci am viraus!
Fir all d’Wëllefcher:
Mir hunn déi nächst 2 Samschdeger, den 7. an den 14. Januar all Kéier vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Wéi dir wësst spille mir geschwënn Theater. Hei sinn eis Prouwen. Mir prouwen all Kéier zu Péiteng am Home St.Hubert.
1) Méindes den 16.01 vun 17°°-18.30
2) Donneschdes den 19.01 vun 17°°-18.30
3) Samschdes den 21.01 vun 14°°-16°°
4) Méindes den 23.01 vun 17°°-18.30
5) Donneschdes den 26.01 vun 17°°-18.30
6) Samschdes den 28.01 vun 14°°-16°°
7) Méindes den 30.01 vun 17°°-18.30
Dënschdes den 31.01 vun 17°°-18.30
9) Donneschdes den 02.02 vun 17°°-18.30
Freides 3.2 a Samschdes 4.2 r.d.v um 19.30 am Home.
Fir op de Kalenner: Eise Summercamp ass dest Joer vum 21-28 Juli.
Fir all d’ AvEx:
Mir hun déi nächst 2 Samschdeger, den 7. an den 14. Januar all Kéier vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Wéi dir wësst spille mir geschwënn Theater. Hei sinn eis Prouwen. Mir prouwen all Kéier zu Péiteng am Home St.Hubert.
1) Méindes den 09.01 vun 18.30-20°°
2) Donneschdes den 12.01 vun 18.30-20°°
3) Méindes den 16.01 vun 18.30-20°°
4) Donneschdes den 19.01 vun 18.30-20°°
5) Méindes den 30.01 vun 18.30-20°°
6) Mettwochs den 01.02 vun 17°°-18.30
7) Donneschdes den 02.02 vun 15.30-17°°
Freides 3.2 a Samschdes 4.2 r.d.v um 19.30 am Home.
Fir all d’CaraPio:
Mir hun déi nächst 2 Samschdeger, den 7. an den 14. Januar all Kéier vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Den 14. Januar ass Pobeisrammlung. R.d.v um 8.30 op der Lengerstross zu Péiteng. Wéi dir wësst spille mir geschwënn Theater. Hei sinn eis Prouwen. Mir prouwen all Kéier zu Péiteng am Home St.Hubert.
1) Dënschdes den 17.01 vun 18.30-20°°
2) Freides den 20.01 vun 18.30-20°°
3) Dënschdes den 24.01 vun 18.30-20°°
4) Freides den 27.01 vun 18.30-20°°
5) Dënschdes den 31.01 vun 18.30-20°°
6) Mettwochs den 01.02 vun 18.30-20°°
7) Donneschdes den 02.02 vun 18.30-20°°
Den 3.a 4. Februar hëllefe mir beim oprichten. Wen kann, soll schon fir 18°° an den Home kommen.
De Wanterhike ass den 21. an 22. Januar ass Détailer kommen am nächsten Bréif.
Fir all d’RaRo:
Salut alleguer, déi 2 nächst Samschdeger, den 7. an den 14. Januar hu mir all Kéiers vun 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg. Den 14. Januar ass Pobeisrammlung. R.d.v um 8.30 op der Lengerstross zu Péiteng.
Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio an d’Chef:
E Samschdeg den 14. Januar ass Pobeiersammlung R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zou Péiteng op der Lengerstross elo schons e decke Merci fir DENG Hëllef!!
Sonnden 30 Jan 2011
Geschriwwen vum Administrator, klasséiert ënner Fotoen
Schreiw den éischte Kommentar!
Am Januar 2011 stounge mer nees zu Péiteng am Home St. Hubert op der Bühn. D’Wëllefcher hunn “Bieber an Neut” gespillt, d’AvEx hunn “TV Péiteng” ausgestrahlt an d’CaraPio konnte mer an “Scout vs. Wild” gesinn. Déi Erwuessen hunn uschléissen den Dräiakter “De Bummessen Johny” opgefouert.
Don 13 Jan 2011
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Neiegkeeten
Schreiw den éischte Kommentar!
D’Péitenger Guiden a Scouten invitiéieren op hiren
Theater
Freides, den 28. Januar 2011
Samschdes, den 29. Januar 2011
Am Home zu Péiteng (Kaart)
Et gëtt gespillt:
Wëllefcher: Biber an Neut
Aventuren an Explorer: TV Péiteng
Caravellen a Pionéier: Scouts vs wild
De Bummessen Johny
E lëschtegt Stéck an 3 Akten
Gespillt vun den aktuellen a fréiere Cheftainen a Chef
Rido um 20:00 Auer. Entrée: 8€ fir Erwuessener a 4€ fir Kanner.
Reservatioune si méiglech all Dag no 17:00 Auer um Telefon 621 68 84 22 (Michels).
An eiser Fotosgalerie kënnt der Biller vum Theater 2010 kucken.
Dën 9 Nov 2010
Geschriwwen vum Administrator, klasséiert ënner Fotoen
Schreiw den éischte Kommentar!
2005 hu mer am Home Theater gespillt. Ech mengen dat war dat éischt Joer nodeems den Sall nei gemaach gi war. D’Chef a Mataarbechter haten en lëschtegt Stéck vum Etienne Clement, Strof muss sinn.