Fir all d’Wellefcher:
Salut Wellef! Mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 5. an den 12 Juni all Kéier vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
Fir all d’ AvEx:
Samschdes den 5. Juni gin mir op Kärjeng bei dei Kärjenger AvEx fir dei kennen ze leieren dei mat eis op de Camp gin. Mir giffen do all zesummen den Wickie und die starken Männer kucken, fir eis op den nationale Camp anzestemmen.
Dofir treffen mir eis um 13:30 op der Maartplaatz, do huelen mir dann den Bus fir op Kärjeng (de Bus fiert um 13:39 fort). Wen eng Jumboskaart huet soll se och matbrengen, oder 3€ fir dohinner an erëm zeréck. Zeréck wieren mer géint 17:35 bei der Gemeng. Dot alleguerten är Uniform an den Foulard un.
Den 12. Juni ass normal Versammlung vun 14:00 bis 16:00.
Fir all CaraPio:
Nächstes Wochenende findet unser “Iron Scout” (20-40-65km-Hike) statt. Wir treffen uns am Freitag den 04.06.2010 nach dem Abendbrot um 20.00 Uhr beim Scouts-Chalet in Monnerech. Wer eine Mitfahrgelegenheit braucht, der soll sich bei mir [ed.: Lukas?] melden. Kosten: 25€. Mitbringen: Sicherheitsweste, Fiche Medicale (hei eroflueden). Ende: Sonntag, 06.06.2010 11.30 Uhr beim Scouts-Chalet in Monnerech.
Den 12.Juni ass Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Dir wesst jo…
Am Sonntag, den 13.06.2010 um 14 Uhr treffen wir uns mit den Larpern. Wou? Am Bambësch. Virun der Jugenzentrum vum Bridel. Mir treffen eis um 13:00 zu Péiteng beim aale Pompjeesbau, mir sin um 17:30 erem zerëck.
Bis den 13.06.2010 müssen die Teilnehmer für das Jamboree 2011 in Schweden angemeldet sein. Dir kritt eng Mail vum Lukas, fëllt déi esou séier wéi méiglech aus. Merci.
Fir all d’RaRo:
Den 5. an de 12.Juni hu mir vun 16:00-18:00 Versammlung um Bierg.
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Den 12. Juni ass Pobeiersammlung. R.d.v ass um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss, elo schons en decke Merci fir all Hëllef!
Fir all d’Chef:
E Mëttwoch den 9. Juni ass Grupperot um 20:00 um Bierg.
Entries tagged with “Hike”.
Méi 31 May 2010
Scoutsziedel bis den 13. Juni 2010
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
Fre 21 May 2010
Scoutsziedel bis den 30. Mee 2010
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
Fir ierch alleguer:
Den 22.05 an den 29.05 si keng Versammlungen. D’Cheféquipe wënscht iech alleguer eng schéin Vakanz! Et ass awer net esou wéi wann näischt lass wär: D’AvEx, déi hu vum 22.05-23.05 e W.E (Détailer sti bei : Fir all d’AvEx).
Den 29. an den 30. Mee ass de groussen Keltefestival Bealtaine um Neihaischen den schon fir déi drëtte Kéier vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute organiséiert gët. Hei d’Héichpunkter vum Festival: Samschdes Sonndes si vun 10:00-18:00 e ganze Koup Aktivitéiten wou d’Liewen vun de Kelte gewise gëtt. Samschdes ass vun 18:00-21:00 Open-Air Concert mat keltescher live Musik.
Fir op de Kalenner:
D’Guilde vun de Péitenger Guide a Scouten organiséiert flott Trëppeltier wou dir als Member oder als Famill härzlech Wëllkomm sidd.
- Samschdes 19. Juni: Fousstour vun 6 k.m. zu Ueschdref
- Sonndes den 25. Juli: Fousstour vun 5 k.m. zu Munneref
- Sonndes den 22. August: Fousstour vun 7 k.m. vun Heischend op Feelen
Fir all Tour ass den Départ um 9:30 zu Péiteng op der Maartplatz. Well een vum Goen hongreg gëtt ass all Kéier e Mëttegiessen firgesin. Wann dir intresséiert sidd, da mellt iech w.e.g eng Woch virum Tour beim Norbert Brosius um 508097 un, da reservéiert hien fir iech eng Platz am Restaurant.
Fir all d’ AvEx:
Salut dir Trapper! Wéi dir wesst mache mir als Ofschloss vun eiser Entreprise en Hike. Esou wéi daat sech fir richteg Trapper gehéiert iwernuechte mir am Fräien ënnert engem Iwerdaag. Zur Erënnerung: Paackt nemmen esou vill an äre Rucksack wéi dir och droe kennt, macht alles an eng grouss Plastikstut (fir d’éischt Tuut an de Rucksack an dann d’Sachen dra machen). Hei waat dir alles musst mathuelen:
- Gezei fir all Wieder
- eng gudd Reejaket (also eng déi de Reen ofhält)
- eng Mutz (owes gëtt et kaal)
- Wanderschung
- déck Strëmp an Ennerwäsch fir ze wiesslen
- e Schlofsack an eng Carrymatt
- e Bidon mat Waasser an Iessbesteck
- Fiche Médicale (hei eroflueden)
- gudd Laun a vill Energie!
De W.E kascht 15 Euro (gëtt beim Départ bezuelt). Départ: Mir treffen eis an Uniform Samschdes den 22. Mee um 16°° zu Péiteng beim aale Pompjeesbau. Retour: Sonndes den 23. Mee si mir erem um 18°° zu Péiteng beim aale Pomjeesbau. Mellt iech w.e.g. bis spéitstens e Mëttwoch beim Gilles Michels um 621688422 un, fir wieder Froen steet hien iech gär zur Verfügung.
Fre 26 Mar 2010
Den Rucksak fir den Hike paken
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutstricken
1 Kommentar
Den Fränz huet e puer Tipps iwwer d’Rucksakpaken erageschéckt:
E béisen Trick wei een den Hike gudd iwersteet as:
A. sech net verlafen an
B. den Rucksack richtech paken. Am beschten hëllt en just déi Sachen mat déi een brauch. Also am beschten den Plasmabildschirm guer net réischt an den Rucksack machen. En gudd gepakten Rucksack huet déi schwéier Géigestänn déif ënnen an no um Réck leien; déi méi liicht Saachen kënnen méi wäit uewen dran sin. Am beschten soll een den Rucksack ausbalancéieren sou dat en net op enger Säit hänkt. An dat lescht wat en gudd gepakten Rucksack ausmëcht as d’Astellung vun den Gurten: am beschten op séng eegen Gréisst anstellen, an esou dass plus minus d’Halschend vum Gewiicht um Beckengurt as an déi aner Halschend vun der Schëller gedroen get.
Nach e puer weider Tipps iwwer d’Rucksakpaken fannt der op bewaehrungsprobe.de an wanderprofi.ch. Vill Spaass um Hike!
Dën 2 Mar 2010
Scoutsziedel bis den 13. März 2010
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
Fir iech alleguer:
Eis Guilde, dat sin déi äler Guiden a Scouten organiséiert regelméisseg Trëppeltier. Wen Loscht huet kann roueg do matgoen, dest ass och fir Famillien geduecht. Hei sin emol d’Datumer:
- Samschdeg den 6. März: Fousstour op Nouspelt (Trëppeltour vun 4,5 km)
- Sonndeg, den 18.Abrëll: Fousstour op Kärch (Trëppeltour vun 6 km)
- Sonndeg, den 9. Mee: Fousstour an de Bambësch (Trëppeltour vun 6 km)
Fir all Tour: Mir treffen eis um 13.30 Auer op der Maartplatz zu Péiteng a fueren dann mat Privatautoen op d’Plaatz.
Fir all d’Wellefcher:
Déi nächst 2 Samschdecher, den 6. an den 13. März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Fir all d’AvEx:
Déi nächst 2 Samschdecher, den 6. an den 13. März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg .
Leif Elteren, léif AvEx,
Wéi dir villeicht schons héiren hudd gin mir dest Joer vum 21. bis den 31. Juli op den Nationalen Avex Camp Adventum MMX op Stengefort. Aus organisatoresche Grënn ass et wichteg dass mir elo schons wësse wen matgeet. Fir Ärt Kand unzemellen, iwerweist w.e.g. bis den 30.März, 50 Euro als Acompte op de Compte vun de Péitenger Guiden a Scouten : IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mam Numm vun Ärem Kand a mam Vermierk : AvEx Camp. De Camp kascht am ganzen 180 Euro.
Fir all d’CaraPio:
Déi nächst 2 Samschdecher, den 6. an den 13. März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Iwerleet Iech schons e Numm fir de Camp an entwerft alt schons emol e Modell fir e Campbadge. Den 28. März ass de Jocapi (Déteiler kommen no) De 6. März ass Pobeiersammlung, et ass wirklech ganz wichteg dass du derbei bass. MERCI!
Vum 20-31 Juli gi mir mat den Schëfflenger Guiden a Scouten an de Schwarzwald op Dittishausen op de Camp. De Camp wärt +/- 300 Euro kaschten. Wanns du wëlls matgoen, da fro deng Elteren dass sie bis den 30. März 100 Euro als Acompte op de Compte vun de Péitenger Guiden a Scouten iwerweisen. IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
Mat dengem Numm a mam Vermierk : CaraPio Camp
Fir all d’RaRo:
Déi nächst Samschdecher, den 6. an den 13. März hu mir vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg.
Mir machen de 6. a 7. März en Hike. We well mattgoën, soll dat néidecht Geschier, Schlofsak, Zännbiischt a Ravi fir 2 Deeg soll mattbrengen. Départ ass Samschdes um 16.00 Auer zu Péiteng op der Gare an de Retour ass Sonndes géint 17.00. De Weekend kascht am Prinzip näischt, ët soll een awer fir all Fall e puer kleng Euroën matthuelen, wéi dat bei normale Leit jo och normal ass.
Vum 8. bis den 22. August gi mir bei de Franz op Assisi. Wanns du wëlls matgoen dann iwerweis w.e.g bis den 30. März 100 Euro als Acompte op de Compte vun de Péitenger Guiden a Scouten: IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000. Mat dengem Numm a mam Vermierk: RaRo Camp.
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
E Samschdeg den 6. März ass Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Villmols Merci am Viraus fir all Hëllef!
Sam 9 Jan 2010
Scoutsziedel bis den 23. Januar 2010
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
Fir Iech alleguer:
Theater
Mir spillen den 22. an 23. Januar Theater zu Lamadelaine am Centre de Loisirs Theater. Et ging eis ganz besonnesch fréen wann dir eis zu ganz fill kucke kéimt! Et gët gespillt:
- Wëllefcher: Op der Sich nom Rum
- AvEx: An der Kichen
- CaraPio: De Papp dee baut eng Zeitmaschinn…
- D’Cheféquipe an Matarbechter spillen de lëschtegen 3 Akter: Knapps bestued a schons vill Schued.
Den Rido ass um 20°° (d’Kanner déi matspillen sollen um 19.30 am grousse Sall sin.) Den Preis ass 8 Euro fir Erwuessener an 4 Euro fir d’Kanner bis 15 Joer. Déi Kanner wou matspillen mussen natirlech neischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sin och gratis. Resevéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet. Dir kennt Är Plaatzen vun ELO un, um 691435358 (Zoller) no 17°° Auer reservéiren. P.S. Wann dir eis e besse wellt ennerstetzen an eis eppes fir an d’Tombola wellt gin, dann gidd Ärem Kand et einfach bis den 21. Januar mat an eng Prouf. Fir d’Tombola brauchen mir och ëmmer eidel Corbeillen, wann dir esou eppes doheem hut, wier et ganz léif wann dir dem Annick (AvEx Cheftaine) se gingt den 9. oder 16 Januar um Bierg ofgin. Villmols Merci am viraus!
Home on Fire
D’RaRo invitéiren iech Freides den 15. Januar op hiren Baal den “HOME on FIRE” vun 20°°un am Home zu Péiteng.
Fir all d’Wellefcher:
Salut Theaterspiller! Et dauert net méi lang, da sti mir op der Bühn. Eis nächst Versammlungen dréinen sech ganz em den Theater. Den 9. Januar hun mir vun 14°° bis 16°° Versammlung um Bierg. Samschdes den 16. Januar prouwe mir vun 13.30 Auer bis 15°°Auer zu Péiteng am Home. Dënschdes den 19. Januar an Donneschdes den 21. Januar prouwe mir vun 15°° Auer bis 16.30 Auer am Centre de Loisirs zu Lamadelaine. Et ass wichteg dass dir an all Prouf sidd!!
Fir all d’AvEx:
Léif AvEx. Déi 2 nächst Samschdeger den 9. an den 16. Januar hun mir vun 14°° bis 16°° Versammlung um Bierg, wou mir fleisseg un eisem Stëck schaffen. Dënschdes den 19. Januar an Donneschdes den 21. Januar prouwe mir vun 16.30 Auer bis 18°° Auer am Centre de Loisirs zu Lamadelaine. Et ass wichteg dass dir an all Prouf sidd!
Fir all CaraPio:
Salut alleguer,wéi dir wësst gin mir den 9. an den 10. Januar op de Wanthike. Hei nach eng Kéier de Resumé: Mir treffen eis Samschdes um 9°° zu Diddeleng um Parking virum Match. Sonndes ass den Hike um 18°° zu Diddeleng um Parking virum Match eriwer.
Mathuelen: Dëck Schung, Gezei fir ze wiesselen, e warmen Schloofsaack (mir schlofen an enger Scheier), Gamelle an e Bidon, Fiche médicale (leit bei) an eng Secherheetsveste. Daat Ganzt kascht 15€, dir braucht neischt fir z’iessen matzebrengen. Den 16.1 hun mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Dënschdes den 19. Januar an Donneschdes den 21. Januar prouwe mir vun 18°° Auer bis 19.30 Auer am Centre de Loisirs zu Lamadelaine. Et ass wichteg dass dir an all Prouf sidd!! E Samschden den 16.Januar ass Pobeiersammlung. R.d.v um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstroos. Mir zielen op iech!
Fir all d’RaRo:
E Freideg den 15 Januar si mir deck am Asatz fir eise Baal. Och fir den Theater gin mir gebraucht: Kulissen rafistoléiren… a beim Theater suerge mir duefir dass alles waat net Theaterspillen ass, klappt. E Samschden den 16. Januar ass Pobeiersammlung. R.d.v um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstroos. Mir zielen op iech!
Fir all d’Matarbechterd’RaRo, d’CaraPio an d’Cheféquipe:
E Samschden den 16.Januar ass Pobeiersammlung. R.d.v um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstroos. Elo schons en dëcke Merci! Fir op de Kalenner d’Pobeiersammlung vum Februar ass den 7. Februar.