Entries tagged with “Friddensliicht”.


Fir iech alleguer:
Cotisatiounen:
Et ass erëm un der Zäit fir de Beitrag ze bezuelen. Dës Sue ginn integral un de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten iwwerwisen. Duerch d’Bezuelen vum Beitrag ass Äert Kand verséchert a kritt e puer mol am Joer eng Zäitschrëft heem geschéckt. Et muss een d’Cotisatioun bezuele fir kenne Member bei eis ze sinn! Den eelsten aus der Famill bezilt 14 Euro, déi aner bezueln 11 Euro.De Beitrag fir d’Chef an d’Mataarbechter gëtt vun eisem Grupp bezuelt. Iwwerweist d’Suen w.e.g fir um 31. Dezember, op de Konto vun eisem Grupp =>LGS Grupp Hellege Franz vun Assisi Péiteng BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mam Vermierk: Cotisatioun an dem Numm vun ärem(n) Kand/Kanner.
Friddensliicht
Samschdes den 17. Dezember verdeelen déi Péitenger Guiden a Scouten d’Friddensliicht. Hei kritt jiddereen symbolesch de Fridden mat Heem, fir en dann am Bekanntekrees  oder an der Noperschaft weider ze verdeelen. No der Mass, déi um 17.30 Auer ugeet, verdeelen mir d’Friddensliicht. Fir all eis Memberen: R.d.v um 17.30 Auer an Uniform virun der Kierch. D’Elteren, Bridder a Schwësteren, Frënn a Bekannten… sinn häerzlech wëllkomm! Dest ass den leschten Ziedel fir dest Joer, duerfir profitéieren ech vun der Geleeënheet, fir jidderengem fir seng Mathëllef , a säin Engagement uechtert d’Joer MERCI ze soen. D’Cheféquipe wënscht Iech an  Ärer Famill schéi Chrëschtdeeg an ee gudde Rutsch an d’Joer 2012.

Fir all d’Wëllefcher:
Samschdes den 17.12  hu mer vun 14:00 bis 17:00 eng Chrëschtversammlung um Prënzebierg. Bréngt dofir all e klengen Cadeau mat (e soll net méi kaschten wei 2 €) an eng Bull fir op den Chrëschtbeemchen. Dot iech dem Wieder no un, mir sinn déi ganz Versammlung dobaussen.  Duerno gi mir zesummen an d’Mass fir d’Friddensliicht sichen ze goen, ditt duerfir är Uniform un. Liest och bei: Fir iech alleguer.

Fir all d’AvEx:
Samschdes den 17.12  hunn mer vun 14:00 bis 17:00 eng Chrëschtversammlung um Prënzebierg. Bréngt dofir all e klengen Cadeau mat (e soll net méi kaschten wei 2 €) an eng Bull fir op den Chrëschtbeemchen. Dot iech dem Wieder no un, mir sinn déi ganz Versammlung dobaussen.  Duerno gi mir zesummen an d’Mass fir d’Friddensliicht sichen ze goen, ditt duerfir är Uniform un. Liest och bei: Fir iech alleguer.

Fir all CaraPio an d’RaRo:
Mir treffen eis an Uniform e Samschden den 17.12 um 14°° an der Kierch. Mir riichten d’Krëppchen an der Kierch op, bereeden d’Friddensliichtfeier fir an maache bei der Mass fir d’Friddensliichtfeier mat. Liest och bei: Fir iech alleguer.

Fir all d’Mataarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:
Hei sinn d’Datumer vun de Pabeiersammlungen 2012: 14.01/ 11.02/ 17.03/ 21.04/ 19.05/ 16.06/ 7.07/ 11.08/ 15.09/ 13.10/ 10.11/ 8.12
Liest och bei: Fir iech alleguer.

Fir d’Chef:
Mir hunn e Mëttwoch den 14.12 Grupperot um 20°° um Bierg.

Fir iech alleguer:
Samschdes den 18. Dezember verdeelen déi Péitenger Guiden a Scouten d’Friddensliicht. Hei kritt jiddereen symbolesch de Fridden mat Heem, fir en dann am Bekanntekrees  oder an der Noperschaft weider ze verdeelen. No der Mass, déi um 17:30 Auer ugeet, verdeelen mir d’Friddensliicht.
Fir all eis Memberen: R.d.v um 17:30 Auer an Uniform virun der Kierch. D’Elteren, Bridder a Schwësteren, Frënn a Bekannten … sinn häerzlech wëllkomm!
Dëst ass den leschten Ziedel fir dëst Joer, duerfir profitéieren ech vun der Geleeënheet, fir jidderengem fir seng Mathëllef , a säin Engagement uechtert d’Joer Merci ze soen.
D’Cheféquipe wënscht Iech an  Ärer Famill schéin Chrëschtdeeg an ee gudde Rutsch an d’Joer 2011 .
Fir all d’Wëllefcher:
De 4. an den 11. Dezember hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Prënzebierg. Den 18. Dezember hunn mir eng Chrëschtfeier vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Bréngt alleguer e Cadeau (net méi deier wéi 2€),am léifsten eppes Selwergemachenes an eng Bull fir op de Beemchen mat. Liest och bei: Fir iech alleguer, a maacht mat!
Deng Chef
Fir all d’AvEx:
Mir hunn Samschdes, den 4. vun 14:00 bis 18:00 Auer Versammlung. Dot iech dem Wierder no un, mir sinn déi ganz Versammlung dobaussen. Samschdes den 11. hunn mer vun 15:00 bis 17:00 eng Chrëschtversammlung. Bréngt dofir all e klengen Cadeau mat (e soll net méi kaschten wei 2 €) an eng Bull fir op den Chrëschtbeemchen. Dot iech dem Wierder no un, mir sinn déi ganz Versammlung dobaussen. Liest och bei: Fir iech alleguer, a maacht mat!
Deng Chef
Fir all CaraPio:
De 4. an den 11. Dezember hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Prënzebierg. Samschdes den 11. Dezember ass Pabeiersammlung, r.d.v ass wéi gewinnt um 8:30 Auer zu Péiteng op der Léngerstross. MERCI dass du derbäi bass. Liest och bei: Fir iech alleguer, a maacht mat!
Deng Chef
Fir all d’RaRo:
De 4. an den 11. Dezember hu mir vun 16:00-18:00 Versammlung um Prënzebierg. Liest och bei: Fir iech alleguer, a maacht mat!
Yannick

Fir all d’Mataarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:
Samschdes den 11. Dezember ass Pabeiersammlung, r.d.v ass wéi gewinnt um 8:30 Auer zu Péiteng op der Léngerstross. MERCI dass du derbäi bass. Liest och bei: Fir iech alleguer, a maacht mat!