Entries tagged with “Feier”.
Did you find what you wanted?
Dën 15 Mar 2011

Original Foto: funadium
Hutt der schon eemol eng Käerz aus Thon gemaach? Da gëtt et Zäit. Huelt eng Béchs Thon am Ueleg. Pickt e Lach uewen an den Deckel, mat engem Täschemesser oder engem spatzen Nol. Wann der proppert Geschir huelt kënnt der den Thon duerno och nach iessen. Mat engem raschtegen Nol… naja.
Elo schneit der en Docht, zwee mol esou laang wéi d’Bécks héich ass, faalt en an der Mëtt an dréckt e bal ganz duerch d’Lach, sou dass duerno just nach ee Wupp vum Docht eraus kuckt. Wann der den Docht elo ufänkt hutt der eng Käerz déi e puer Stonne laang brennt. An dono kënnt der se iessen. Awer ouni Docht.
[via Atomic Shrimp]
Sonnden 26 Dec 2010

Foto: bauble
Op dem Site instructables.com erklärt den User bauble wéi een aus Pabeier en Stéck “Holz” fir an den Uewen mécht, déi een mam Holz zesumme verbrenne kann. Fir d’Erklärung am Detail kuckt den Link uewen; d’Kuerzfaassung ass esou: Eng Zeitung en Dag an engem Eemer Waasser opweechen, duerno gëtt se mat engem Gummi-Hummer zu Bräi geklappt a rondrëm eng eise Staang opgerullt. Déi Rull (sou wéi op der Foto) zitt ee vun der Staang erof, an et léisst een dat Ganzt zwee Deeg dréchnen.
Um Link ginn et och nach Iddien wéi een kann Kaffi oder Bamnolen benotzen fir d’Saach méi interessant ze machen.
Mat engem schéine Feier am Uewen bleift mir dann nach just iwwreg iech am Numm vun der Equippe e gudde Rutsch ze wënschen.
Dën 5 Oct 2010
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutstricken
1 Kommentar
Fir d’Trapper ënnert iech: Déi nächst Kéier wou s de wëlls eppes iwwert dem Feier grillen an et passt net genuch op een Spiiss drop, probéier emol déi heiten Method fir aus engem Spiiss der véier ze maachen – d’Bild erklärt am Fong schonn alles.

Méi Erklärungen, wann s de se dann nach brauchs, gëtt et op Englesch, op instructables.com.
Dën 28 Sep 2010
Den Helmut Smits gouf vun Zäiten inspiréiert, an denen d’Leit hu missen hir Miwwel verbrenne fir sech waarm ze halen. Den IKEA verkeeft Miwwel. Awer keng Fixspéin oder Briqueten. Dann muss een alt mat den Miwwel selwer en Feier kënnen ufänken.
Dën 8 Jun 2010
Den Flëpp schéckt eis dësen Trick eran:
Wann s de ee Feier wëlls um naasse Buedem maachen, da lee zwee déck Stécker drëchent Holz ënnert d’Zeitung, déi dann net nass gëtt and déi zwee déck Stécker fänken eischter u mat brennen.