Entries tagged with “Esch”.


Fir déi deenen d’Buergbrennen näischt seet proposéieren ech den Dîner-Spectacle vun eisen Scoutsfrënn vum Grupp St. Joseph Esch. D’Juppen weisen haut um 12. Mäerz am Veräinshaus (21, rue de l’Eglise, Esch) Stécker vun den Biber a Wëllef, sou wéi vun den AvEx a CaraPio.
Um Menu stinn Ham, Fritten an Zalot. D’Diren ginn um 18:30 op, fir 18€/12€ kritt der Ticketen bei der Schousterei Lallemang: 542686.

Hei nach den Flyer mat e puer méi Detailer. 20110312juppentheater

Wat vill Ofkierzungen! Also, eis Péitenger Aventuren an Explorer waren den 28. Mee 2005 bis op Esch Uelzecht an d’Kulturfabrik op Besuch, an en Atelier wou Leit mat enger Behënnerung schaffen. Mir hunn d’éischt am Atelier selwer geschafft: aus Leem goufe Saache gestalt, ënnert anerem Placken wou mer eis Hänn drop gedréckt hunn. Déi Placken goufen dono um Gaalgebierg am Bësch un d’Beem gehaangen, zesumme mat aneren Saache wou mir an d’Leit aus dem Atelier gemaach haten.

Ech mengen um Bierg hu mer enzwousch d’Fotoe leien wou mer d’Saachen ophänke waren. Wann ech déi eemol erëm fannen setzen ech se och an eis Galerie.

Hei e puer Fotoen vun der LGS Roadshow déi zu Esch Uelzecht am Summer 2005, den 25. Juli organiséiert gi war. Dat ganzt war am Haff vun der Brill Schoul. Hei konnten jonk Leit kucke kommen wat d’Scouten dann esou schaffen. Mir haten ënnert anerem eng Schmatt dobäi, an der mer Brandstempelen gehëtzt hunn, fir dass d’Kanner an déi Jonk hiren Numm op en Stéck Holz brennen konnten.