Entries tagged with “Cotisatioun”.


Fir iech alleguer:
Cotisatiounen:
Et ass erëm un der Zäit fir de Beitrag ze bezuelen. Dës Sue ginn integral un de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten iwwerwisen. Duerch d’Bezuelen vum Beitrag ass Äert Kand verséchert a kritt e puer mol am Joer eng Zäitschrëft heem geschéckt. Et muss een d’Cotisatioun bezuele fir kenne Member bei eis ze sinn! Den eelsten aus der Famill bezilt 14 Euro, déi aner bezueln 11 Euro.De Beitrag fir d’Chef an d’Mataarbechter gëtt vun eisem Grupp bezuelt. Iwwerweist d’Suen w.e.g fir um 31. Dezember, op de Konto vun eisem Grupp =>LGS Grupp Hellege Franz vun Assisi Péiteng BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mam Vermierk: Cotisatioun an dem Numm vun ärem(n) Kand/Kanner.
Friddensliicht
Samschdes den 17. Dezember verdeelen déi Péitenger Guiden a Scouten d’Friddensliicht. Hei kritt jiddereen symbolesch de Fridden mat Heem, fir en dann am Bekanntekrees  oder an der Noperschaft weider ze verdeelen. No der Mass, déi um 17.30 Auer ugeet, verdeelen mir d’Friddensliicht. Fir all eis Memberen: R.d.v um 17.30 Auer an Uniform virun der Kierch. D’Elteren, Bridder a Schwësteren, Frënn a Bekannten… sinn häerzlech wëllkomm! Dest ass den leschten Ziedel fir dest Joer, duerfir profitéieren ech vun der Geleeënheet, fir jidderengem fir seng Mathëllef , a säin Engagement uechtert d’Joer MERCI ze soen. D’Cheféquipe wënscht Iech an  Ärer Famill schéi Chrëschtdeeg an ee gudde Rutsch an d’Joer 2012.

Fir all d’Wëllefcher:
Samschdes den 17.12  hu mer vun 14:00 bis 17:00 eng Chrëschtversammlung um Prënzebierg. Bréngt dofir all e klengen Cadeau mat (e soll net méi kaschten wei 2 €) an eng Bull fir op den Chrëschtbeemchen. Dot iech dem Wieder no un, mir sinn déi ganz Versammlung dobaussen.  Duerno gi mir zesummen an d’Mass fir d’Friddensliicht sichen ze goen, ditt duerfir är Uniform un. Liest och bei: Fir iech alleguer.

Fir all d’AvEx:
Samschdes den 17.12  hunn mer vun 14:00 bis 17:00 eng Chrëschtversammlung um Prënzebierg. Bréngt dofir all e klengen Cadeau mat (e soll net méi kaschten wei 2 €) an eng Bull fir op den Chrëschtbeemchen. Dot iech dem Wieder no un, mir sinn déi ganz Versammlung dobaussen.  Duerno gi mir zesummen an d’Mass fir d’Friddensliicht sichen ze goen, ditt duerfir är Uniform un. Liest och bei: Fir iech alleguer.

Fir all CaraPio an d’RaRo:
Mir treffen eis an Uniform e Samschden den 17.12 um 14°° an der Kierch. Mir riichten d’Krëppchen an der Kierch op, bereeden d’Friddensliichtfeier fir an maache bei der Mass fir d’Friddensliichtfeier mat. Liest och bei: Fir iech alleguer.

Fir all d’Mataarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:
Hei sinn d’Datumer vun de Pabeiersammlungen 2012: 14.01/ 11.02/ 17.03/ 21.04/ 19.05/ 16.06/ 7.07/ 11.08/ 15.09/ 13.10/ 10.11/ 8.12
Liest och bei: Fir iech alleguer.

Fir d’Chef:
Mir hunn e Mëttwoch den 14.12 Grupperot um 20°° um Bierg.

Fir Iech alleguer:
Cotisatiounen

Et ass erëm un der Zeit fir d’Cotisatiounen ze bezuelen. Am Anhang fannt dir Détailer. [Ech wollt keng Lëscht mat Nimm online setzen, wann der den Ziedel net mat der Post oder iwwer E-Mail kritt hudd, mellt ierch w.e.g. iwwer den Kontaktformular. -Admin]
Le moment est venu de payer la cotisation annuelle. L’argent qui est intégralement versé à la fédération nationale des scouts sert à assurer nos membres, et à financer les journaux d’information qui sont envoyés périodiquement. La liste (ci-jointe) vous indique le montant qui est a payer. [Au cas où vous n'aurez pas reçu la list des cotisations par courrier ou e-mail, veuillez utiliser le formulaire de contacte pour nous le signaler. -Admin] Veuillez verser l’argent sur notre compte. Merci d’avance !
Bazar/Niklosmaart
Wéi all Joer hu mir e Stand um Niklosmaart. Dëst Joer ass de Maart vun Freides owes 26.11 bis Sonndes 28.11. Mir freeën eis op äre Besuch ! Samschdes a Sonndes hu mir ee Kaffiszelt. Et wär ganz léif wann dir eis Samschdes géint 13:00 ee Kuch oder eng Taart kéint op d’Plaatz brengen.Merci! Dëst Joer nei: Aktioun Adentskräntz. (Méi Info hei.) Profitéiert vun deser Aktioun a bestellt e Kranz per Telefon.
Le marché de St.Nicolas aura lieu du vendredi 26.11 jusque dimanche 28.11. Ce nous ferait plaisir de vous voir sur place. Si vous voulez nous soutenir ce serait bien gentil de nous amener samedi vers 13:00 une tarte ou un gâteau pour vendre au “Kaffiszelt.” Merci! Action Couronnes d’avent : Profitez de la possibilité de commander votre couronne par téléphone (plus d’info).

Fir all d’Wëllefcher:
Salut, e Samschdeg den 20 November hu mir 14:00-16.00 Auer Versammlung um Prënzebierg. Den 27. November ass wéinst dem Niklosmart  keng Versammlung. Mir wäerten Dech awer bestëmmt um Maart begéinen, wann s de mat dengen Elteren op Besuch kenns.

Fir all d’ AvEx:
Salut, e Samschdeg den 20 November hu mir 14:00-16.00 Auer Versammlung um Prënzebierg. Den 27. November ass wéinst dem Niklosmart  keng Versammlung. Mir wäerten Dech awer bestëmmt um Maart begéinen, wann s de mat dengen Elteren op Besuch kenns.

Fir all CaraPio:
Salut, e Samschdeg den 20 November hu mir 14:00-16:00 Auer Versammlung um Prënzebierg. An der Woch vum 22. November schaffe mir vu Méindes bis Donneschdes all Owend vun 19°° un um Bierg fir de Bazar. Freides, Samschdes a Sonndes brauche mir och Deng Hëllef. An der Versammlung vum 20. kucke mir wenn wéini hëlleft.

Fir all RaRo:
Salut, e Samschdeg den 20 November hu mir 16:00-18:00 Auer Versammlung um Prënzebierg. An der Woch vum 22. November schaffe mir vu Méindes bis Donneschdes all Owend vun 19°° un um Bierg fir de Bazar. Freides, Samschdes a Sonndes brauche mir och Deng Hëllef. An der Versammlung vum 20. kucke mir wenn wéini hëlleft.

Fir iech alleguer:
Et ass erëm un der Zeit fir d’Cotisatioun ze bezuelen. Am Anhang fannt dir d’Déteielr zu den Cotisatiounen.
Samschdes de 28. a Sonndes den 29. November ass Niklosmaart zu Péiteng. Wéi all Joer sin mir och dest Joër, nees um Maart vertrueden. Mir verkaafen Adventskänz, flott Dékoratiounen …..Nom Succés vum läschte Joër, behaalen mir d’Kaffiszelt bei. Léif Elteren, hei si mir op är Hëllef ugewisen. Et wier superléif wann dir eis den ee oder aneren Kuch/Taart gingt backen a wann dir eis e kéint  Samschdes oder Sonndes bei d’Staatshaus brengen. VILLMOLS MERCI !!!!!

Fir all d’Wellefcher:
Samschdes den 21. November  hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
E Samschden den 28. November ass KENG Versammlung, wëll den 28. an 29. November beim Staatshaus Bazar ass. Dir sidd härzlechst agelueden eis mat ären Elteren, Grousselteren, Noperen a Frënn besichen ze kommen.

Fir all d’ AvEx:

Samschdes den 21. November  hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Mir backen nach eng Kéier fir de Bazar. E Samschden den 28. November ass KENG Versammlung, wëll den 28. an 29. November beim Staatshaus Bazar ass. Dir sidd härzlechst agelueden eis mat ären Elteren, Grousselteren, Noperen a Frënn besichen ze kommen.
Fir all CaraPio:
Samschdes den 21. November  hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Lies och w,e,g déi läscht Rubrique.

Fir all d’RaRo:
Samschdes den 21. November  hu mir vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg. Lies och déi läscht Rubrique.

Fir all d’Chef:
E Mettwoch den 18.11 ass um 20°° Grupperot um Bierg. Lies och déi läscht Rubrique.

Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:

Fun Méindes dem 23.11 bis Donnëschdes den 26.11 si mir all Owend vun 19°° Auer un um Bierg. Mir schaffen fleisseg fir de Bazar. Freides den 27.11 si mir um 18°° beim Staatshaus fir d’Zelter opzerichten wa néideg gëtt duerno och nach un de Kränz geschafft. Samschdes a Sonndes hëllefe mir vun 10°°un um Bazar. (An der Versammlung vum 21.11 kucke mir, wen, wini hëllefe kënnt.)