Entries tagged with “camp”.


1) Fir Iech alleguer:

Hei fannt dir déi néideg Fiche médicales fir de Camping.
Fir d’Avex an d’Wëllef: Fiche méd_Péit_
Fir d’CaraPio: F09A_fiche_medicale_enner_18_joer (1)
Dest ass de läschten Ziedel fir dest Scoutsjoer, duefir ass en och een extra groussen.Fir d’nächst Scoutsjoer hun ech awer schons eng Firukennegung. Mir machen eng nei Branche op, d’Biberen. D’Biberen si fir Kanner vum 1.Schouljoer un…… . Ech wenschen Iech alleguer e flotte Camp an eng schéi Vakanz!

2) Fir all d’Wellefcher:

Salut mir hun den 30.06 an den 14.07 déi läscht Versammlungen fir dest Joer, all Kéier vun 14°° bis 16°° um Bierg. Mir huelen iech mat bei d’Wikinger, brengt duefir een Deel vun enger passender Verkleedung mat.
De 7.07 ass keng Versammlung vileicht gesi mir eis jo um Schoulfest => Är Chef machen do cool Spiller :-)
Et dauert guer net méi laang da gi mir op de Camp. Hei d’Détailer vum Camp:

Vum 21.(Samschdes) bis den 28.Juli (Samschdes)  gi mir op de Camp ob Monnerech an den Home Paafenbreck.
Départ:
Mir treffen eis an Uniform, e Samschden, den 21.07 um 13.00 zu Péiteng beim alle Pomjeesbau. Et wir super wann e puer Elteren eis beim Transport kéinten hëllefen. Sot w.e.g bei der Umeldung Bescheed.
Matbrengen : Kuckt beim Punkt 4) et ass fir d’Wëllef an d’Avex daat selwecht.
Ausser:
Dir braucht keng Carrymatt oder Loftmatratz, duefir awer ärt Pistebichelchen.
Retour:Mir invitéiren d’Elteren fir den 28.7 um 12°° op eis Campplaatz op Monnerech ze kommen. Brengt w.e.g  ärt Gegrills mat, mir suergen fir d’Feier an d’Gedrënks sou wéi fir de Kanner hirt Iessen. De Camp ass géint 15°° eriwer an dir kënnt (oder sollt) äre Wëllefchen erëm mat heem huelen. Mellt iech w.e.g bis den 07.07 beim Alex Tel.: 691 177 773 oder beim Lena Tel.:621 765 259 (no 18°°) un.

3) Fir all d’AvEx:

E Samschdeg den 30.06 maache mir zesummen mat de Rodanger mat beim Mini-Intervilles zou Déifferdeng. Et ass wichteg dass mir do zu gaaaaanz fill sin, ëmmerhin vertriede mir jo offiziell eis Gemeng. Mir treffen eis um 14.50 Auer zou Péiteng bei der Sportshal, vun do aus fuere mir mam Bus op Déifferdeng. Är Eltere kenne roueg matkommen fir iech unzefeieren. De Bus bréngt eis fir 20.30 Auer erëm zeréck op Péiteng. Ditt iech sportlech un (wa méiglech eng schwaarz kuerz Box) a bréngt Schwammsaache mat.
De 7.07 ass keng Versammlung. Villäicht gesi mir eis jo um Schoulfest => Är Chef maachen do cool Spiller :-)
Duerno dauert et guer net méi laang da gi mir op de Camp. Hei d’Détailer vum Camp: Vum 18.(Mettwochs) bis den 27.Juli (Freides)  gi mir op de Camp op Beggen (224, rue des septs Arpents L-1149 Luxembourg).
Départ:
Mir treffen eis an Uniform, Mëttwochs  den 18.07 um 11.45 Auer zu Péiteng op der Gare.
Matbréngen : Kuckt beim Punkt 4) et ass fir d’Wëllef an d’Avex daat selwecht.
Ausser:
Well mir an Zelter schlofen ass et wichteg dass dir eng Dreckstut an de Rucksak maacht an d’Saachen dro dra packt. Dir braucht och eng Gamelle a Besteck! Dat mam Petzi ass net onbedéngt fir iech, awer wann et iech hëlleft…  Schlappen braucht dir och keng, vergiesst den AvEx Pass net. Bréngt e Picknick fir Mëttwoch Mëttes an Owes mat.
Retour: De Camp ass den 27.07 um 14°° eriwwer et wier flott wann är Elteren Iech op d’Campplaatz siche kéimen.
Mellt iech w.e.g bis den 10.07 beim Fredi Tel.: 621 472 510 un.

4) Waat d’Wëllef an d’Avex alles esou brauchen fir op de Camp:

Camppreis:
Den Camp vun de Wëllef an de vun den AvEx kascht 150 Euro (wann méi Kanner aus der Famill mat eisem Grupp op de Camp gin, dann bezillt den eelsten de volle Preis, déi aner bezuelen 20 Euro manner)

Matbrengen :

  • Eng Kopie vun der Impfkaart
  • Kopie vun der Cate d’Idendité, d’Fiche médicale  Fiche méd_Péit_
  • Wäschsaachen: Zännbiischt, Zahnpasta, ee Läppchen,Seef ee klengt Duch, eng Biicht
  • Schwammsaachen: e grousst Duch, e Maillot/uleiend Schwammbox/Schwammkaap/ wa néideg Ärmecher
  • Ee Schlofsaack
  • Carrymatt oder Loftmatratz
  • evt. een Kappkessen an e Petzi
  • zwee Kichendicher
  • ee klenge Rucksack
  • ee Bidon
  • eppes fir ze liesen fir an der Freizeit oder ee Kaartespill
  • e Stoffene Saack fir déi knaschteg Kleeder
  • frësch Ennerwäsch an Strëmp fir all Daag
  • eng gutt Reenjackett (net onbedéngt eng schéin awer eng déi gudd géint de Reen ass !!!)
  • déck Schung, Turnschlappen
  • Gezei fir all Wieder an dees wat kann knaschteg ginn
  • eng Kap an eng Mutz (owes kann et kal ginn
  • Sonnecrème (hoffentlech brauche mir se.)
  • Spray géint Zecken a Moussetiken
  • een Täschmesser
  • eng Täschelucht
  • a Schlappen.

Verpaakt alles an engem Rucksak. Et ass wichteg dass är Saachen gezeechent sinn! Gitt d’Kopie vun der Impfkaart,eng Kopie vun der Carte d’idendité , d’Fiche an d’Suen beim Départ of.
Net matbréngen: Wäertsaachen, Handy, Gameboy , Täschegeld an Séissegkeeten.

5) Fir all d’CaraPio:

30.06: Läscht Versammlung fir dest Scoutsjoer. Mir treffen eis wéi gewinnt um 14°° um Prenzebierg. Denkt onbedingt drun fir folgend Dokumenter matzebrengen: A.Autorisation de quitter le territoire (AP) dëst kritt én bei der Gemeng / B.Fiche médicale F09A_fiche_medicale_enner_18_joer (1)  / C.Copie vun Carte d’identité dëst ass extreme dringend well d’Zuch Ticketen personaliséiert sinn an d’Nummer vun der Kaart muss do drop kommen/ D.Copie vun der Impfkaart/ E.Täschgeld maximal 50 Euro (de Lukas léisst déi Suen a RON emtauschen)

ANER WICHTEG INFORMATIOUNEN: LIEST BEIM PUNKT 7) !!!!

Hei nach eng Kéier e klenge Rapell: De Camp dauert vum 14.07-30.07
14.07 Départ um 6.30 Auer an der Staat op der Gare. D’Ureess dauert vum 14-15.07 An d’Réckreess vum 29.-30.07. Mir sinn den 30.07 géint 20°° erëm op der Gare.

6)Fir all d’RaRo:

Mir hunn eigentlech keng Versammlung méi fir dëst Scoutsjoer :-( dat heescht awer net dass näischt méi leeft :-) Den 30.6 gesi mir eis all um Bierg dir wësst jo firwat…. An der Vakanz wier et gutt wa mir eis kéinte gesinn fir de Sall fäerdeg ze maachen, usträichen a.s.w.. Den 30.06 leeë mir do d’Datumer fest.

ANER WICHTEG INFORMATIOUNEN: LIEST BEIM PUNKT 7) !!!!

7) Fir all d’CaraPio/ d’RaRo /d’Cheféquipe an d’Matarbechter

Samschdeg den 7.07: Hei hu mir een folle Programm.De Grupp zielt op DENG Hëllef!! Moies: Pobeiersammlung r.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross. No der Pobeiersammlung hëllefe mir zu Rodange um Schoulfest (d’Scoute machen do d’Spiller, waat fir eis eng flott Reklamm ka sin et bedeit awer och een Engagement vun eisem Androk dee mir hannerloosen machen d’Elteren an d’Kanner sech ee Bild vun eisem Verrein….) duefir sollt dir schon an Uniform op d’Pobeiersammlung kommen. Mir fueren zesummen op Rodange an iessen do zu Metteg (dir braucht neischt ze bezuelen) daat ganz dauert bis +/- 18°°.
D’Thema vum Schoulfest ass: Eng Weltrees. Wanns du iergend eppes hues waat een fir sech ze verkleede ka gebrauchen, da breng et mat!! Et ass esou zimlech all Land vertrueden.

Mettwochs den 1. August organiséiren mir een Nomettëg mat flotte Spiller um Bierg, dëst ass fir d’Kanner vum 2ten Schouljoer déi bei der Vakanzenaktioun matmachen. Well fill Kanner kommen brauchen mir Leit déi eis do eng Hand upaken. Moies vun 9°° un, riichte mir op mir iessen um Bierg zu Mëtteg d’Kanner sinn vun 14.30 Auer bis 17.30 Auer do. Wann s Du wëlls hëllefen da so mir w.e.g Bescheed um 691435358 oder maach mir eng Mail gzoller ät pt punkt lu MERCI!

Samschdes den 11.August an de 15. September ass Pabeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Léngerstross. Wëll des Zäit fill Leit an d’Vakanz sinn, si mir extra vill op DENG Hëllef ugewisen.  MERCI!!!  Fir all déi wou fort ginn ENG SCHÉI VAKANZ!

 

 

 

Fir iech alleguer
Dëst ass de leschtem Ziedel virun der Ouschtervakanz.  D’Chefequipe wënscht iech alleguer frou Ouschteren.

Fir all d’Wëllefcher:
Salut alleguer, mir hunn déi 2 nächst Samschdeger den 17. an den 24. Mäerz all Kéier vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg.

Fir all d’ AvEx:
Salut alleguer, mir hunn déi 2 nächst Samschdeger den 17. an den 24. Mäerz all Kéier vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg.

Fir all d’CaraPio:
Am 17.03.2012 ist normal Versammlung von 14.00 – 16.00 Uhr. Jeder sollte ein weißes mindestens einmal gewaschenes T-Shirt mitbringen. Wir wollen Batiken. A vergiess net moies op d’Pobeiersammlung ze kommen , mir BRAUCHEN DECH!
Am 24.03.2012 ist keine Versammlung da wir am 25.03.2012 am JOCAPI teilnehmen. Was ist JOCAPI? D’Journée CaraPio! Een flotten Rallye an der eegener CaraPio Trupp. An aneren Wieder eng flott, fäerdeg organiséiert Aktivitéit bei der’s du an deng Trupp bei all Wieder iwwer den Grenzen erauswuessen kanns. Fotoen vun de Péitenger CaraPio beim JoCaPi 2007. Details: http://www.sgs.lu/jocapi2012.php Wir treffen uns am 25.03.2012 um 07.45 Uhr am Gare de Petange und nehmen den Zug um 07:53 nach Schifflingen.Um 18:10 Uhr sind wir zurück in Petange. Der Preis ist 12 EUR. (bitte mitbringen). Anmeldung per SMS (Lukas +352 661 620 846) oder email [ed: net online verëffentlecht, dir kënnt se iwwert de Kontaktformular ufroen].
CaraPio Camp 2012 Rumänien findet statt vom 14.07. bis 30.07.2012 Details kommen nach dem 26.03.2012. Dann haben wir eine Regio-Versammlung und wissen hoffentlich auch, ob wir die beantragten Subsiden vom SNJ genehmigt bekommen haben.
Viele Grüße, £ukas

Fir all d’RaRo:
Salut alleguer, mir hunn déi 2 nächst Samschdeger den 17. an den 24. Mäerz all Kéier vun 16°°-18°° Auer Versammlung um Prënzebierg.
Komm de 17. onbedéngt op d’Pabeiersammlung!
Satellitenusiicht vum Maggernie Outdoor CentreHei Detailer vun eisem Camp: Den Camp dauert vum 7.4-14.4 an ass a Schottland an der Pampa. Mir fueren mat 2 Camionnetten dohin, huelen an Holland d’Fähr bis op Newcastle. Mir schlofen op enger Campplaz vun Schottesche Scouten an der Juchte. Hei eis genee Adress: Meggernie Outdoor Centre Fasgadh, Bridge of BalgieGlenlyon, Aberfeldy PH15 2PP web: www.meggernie.org.uk
Dem Camp kascht 450 Euro op de Kapp. Dir kennt alles beieneen bezuelen oder elo 250€ an Ufanks Abrëll 200 Euro. Et ass awer wichteg dass mir ganz séier vun jidderengem dee matfiert op d’mannst den Acompte hunn. Iwwerweist d’Suen w.e.g. op de Compte vun de Péitenger Guiden a Scouten: LGS Grupp hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mam Vermierk: RaRo Camp an ärem Numm.
Wichteg: All déi wou manner wéi 18 Joer hunn, brauchen eng Autorisation parentale de quitter le territoire. Weider Informatiounen zum Camp gesitt dir demnächst op eiser Facebookseit. Hues du nach keen Zougang op des Säit? Da mell dech w.e.g beim Kim 621197160.

Fir all d’Mataarbechter,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:
E Samschdeg de 17.3 ass Pabeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Léngerstross. Elo schonns en decke MERCI!

Den AvEx hire leschte Camp, 2011 um Kuelbécher Haff, stoung ganz am Zeeche vun de Samurai. Hei sinn e puer Fotoen vun eisem Ausfluch an den Orient.

Fir iech alleguer:
Dest ass dee leschtem Ziedel fir dest Scoutsjoer. Ech wënschen iech alleguer e flotte Camp an eng schéin Vakanz
-Guy

Fir all d’Wëllefcher:
Wéinst dem Schoulfest hu mir den nächste Samschdeg, den 9. Juli KENG Versammlung. D’Chef hëllefen do bei de Spiller also gesi mir eis bestëmmt um Schoulfest zu Rodange. All d’Detailer vum Camp sinn am Unhang.
Léif Gréiss, är Chef

Fir all d’ AvEx:
De nächste Samschdeg, 9. Juli ass vun 14°°-18°° Versammlung um Bierg. Mir feieren den Ofschloss vun eiser Cowboy Entreprise. Bréngt alleguer eng Muert mat :-)   Wann är Elteren NET wëllen dass dir an der Versammlung op engem Päerd sëtzt solle si dem Fredi Bescheed soen (621472510). All d’Detailer vum Camp sinn am Unhang.

Fir all CaraPio:
E Samschdeg den 9. Juli hunn mir ee grousse Programm: Moies hëllefe mir op der Pabeiersammlung. R.d.v ass wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss.
Nomëttes hëllefe mir beim Schoulfest. Mir fueren direkt no der Pabeiersammlung op d’Schoulfest an iessen do zu Mëtteg, ditt duerfir schonns moies Är Uniform un. Fir déi wou no kommen, d’Schoulfest ass zu Rodange vis à vis vun der Sportshal an der rue Jos. Moscardo. Géint 18°° maachen mir eis erëm op de Wee fir Heem. De Lukas schéckt iech nach déi läscht Informatiounen fir den Jamboree.

Fir all d’Mataarbechter, d’RaRo, d’CaraPio an d’Chef:
Den 9. Juli ass Pabeiersammlung R.d.v ass wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss elo schonns een decke Merci fir all Hëllef!
Den 9. Juli hëllefe mir och beim Schoulfest fir déi wou sech ugemellt hunn fir moies schon ze hëllefen: R.d.v an Uniform um 10.30 Auer beim ale Pompjeesbau, dat ganzt dauert bis 18°°. Dënschdes den 2. August kommen d’Kanner aus dem éischten an zweeten Schouljoer am Kader vun der Vakanzaktioun bei eis op de Bierg. Et ass wichteg dass mir vun der Geléigenheet fir Reklamm ze maachen profitéieren duerfir brauche mir vill Leit déi eis Moies a Mëttes hëllefen. Mell dech w.e.g beim Guy um 691435358 un fir dass hien dat ganzt plange kann.
Den 13. August ass Pabeiersammlung, hei si mir op all Hëllef ugewisen, et sinn do bestëmmt vill Leit an d’Vakanz, so dem Guy w.e.g. Bescheed wann’s de fort bass.

Unhang fir d’AvEx an d’Wëllef
Wéi kennt een op den Kuelbécherhaff? Dir fuert Richtung Keelen, Keespelt. Hanner Keespelt fuert Dir lenks erof an den Mariendall.Dann fuert Dir riets Richtung Miersch, duerno déi ZWEET Strooss lenks Richtung Huelmes, no +/-100m fuert Dir den Wee op der rietser Säit (Schwéngsziichterei) erop.Fuert laanscht d’ Schwéngsziichterei esouwäit wéi de Wee geet.
Op Google Maps kucken

Wëllefcherscamp vum 16.07-23.07.um Kuelbécherhaff
Depart ass Samschdes den 16.07 um 14.30 Auer zu Péiteng beim alen Pompjeesbau. Mir wären frou wann d’Elteren eis beim Transport kéinten hëllefen.  Tenue: Foulard an Uniform.
Retour:Mir wëllen als Ofschloss zesummen mat den Elteren grillen dofir erwaarden mir Iech vun 12°° un, um Kuelbécherhaff. Bréngt w.e.g. eppes mat fir op de Grill , fir d’Kanner ass gesuergt et sin och Zaloten fir Iech do. Den Camp ass um 15°° Auer eriwwer.
Präis: De Camp kascht 150 Euro fir den eelsten aus der Famill an 130 fir déi aner.
Matbréngen:

  • Wäschsaachen (Zännbiischt, Zahnpasta, ee Läppchen, Seef ee klengt Duch)
  • Schwammsaachen (e grousst Duch, e Maillot/Schwammbox/Schwammkap/ evt. Ärmecher
  • Eng Täscheluucht
  • een Täschemesser
  • ee Schlofsak
  • Schlappen
  • evt. een Kappkëssen an e Petzi
  • zwee Kichendicher
  • ee klenge Rucksak
  • een Bidon
  • eppes fir ze liesen oder ee klengt Spill fir an der Fräizäit
  • d’Pistebichelchen
  • frësch Ënnerwäsch an Strëmp fir all Dag
  • eng Reenjackett
  • deck Schung
  • Gezei wat kann knaschteg ginn, eng Kap an eng Mutz Sonnecrème (hoffentlech brauche mir se.)
  • een aalt Läinduch vun 1mx2m an 1 rout oder gréngt Puer Strëmp
  • Net matbréngen: Wäertsaachen, Handy, Gameboy an Séissegkeeten.
  • Verpaakt alles an engem Rucksak.
  • Gitt d’Kopie vun der Impfkaart, d’Fiche Médicale (Camp) an d’Suen beim Depart of

AvEx Camp vum 18.07-26.07.um Kuelbécherhaff
Depart ass Méindes den 18.Juli um 12.40 Auer zu Péiteng op der Gare.  Tenue: Foulard an Uniform
Retour: D’Elteren kommen d’Kanner Dënschdes den 26. Juli um 15°° op den Kuelbécherhaff sichen
Umellen: Mellt iech bis spéitstens den 9.Juli beim Fredi um 621472510 un
Preis: De Camp kascht 150 Euro fir den eelsten aus der Famill an 130 fir déi aner
Matbréngen:

  • maacht fir d’éischt eng grouss Dreckstut an de Rucksak an dann packt dir alles dran (da ginn d’Saachen net fiicht)
  • Jumbokaart oder Zuchticket fir mam Zuch vu Péiteng op Miersch
  • Picknick fir den éischten Owend
  • Wäschsaachen (Zännbiischt, Zahnpasta, ee Läppchen,Seef ee klengt Duch)
  • Schwammsaachen(e grousst Duch, e Maillot/Schwammbox déi enk uläit/Schwammkap
  • eng Täscheluucht mat Ersatzbatterien
  • Täschemesser
  • ee Schlofsak
  • evt. een Petzi
  • zwee Kichendicher
  • ee klenge Rucksak
  • een Bidon vun 1L
  • eppes fir ze liesen oder ee klengt Spill fir an der Fräizäit
  • den AvEx Pass
  • Bic a Block
  • frësch Ënnerwäsch an Strëmp fir all Dag
  • eng Reenjackett evt. eng Reebox
  • agetrëppelt déck Schung an e puer bequem Schung
  • Gezei fir all Wieder
  • eng Kap an eng Mutz
  • Sonnecrème (hoffentlech brauche mir se.)
  • eppes géint Musticken
  • eng Gamelle an Besteck
  • eng Loftmatraz oder eng Carrymatt. Kee Feldbett.
  • Net matbréngen: Wäertsaachen, Handy, Gameboy an Séissegkeeten.
  • Gitt d’Kopie vun der Impfkaart, d’Fiche Médicale (Camp) an d’Suen beim Depart of

2006 war zu Schous den Tupelay, en nationalen Camp fir d’AvEx aus dem ganzen Land. D’Fotoen waren verluer gangen wéi mer d’Fotogalerie gewiesselt hunn, hei sinn se nees.