E puer Fotoen wou d’Péitenger Wëllef 2008 ënnerwee waren. Wann ee mer nach e puer Infoen kann gin iwwer den Wou-Wat-Wéini vum Weekend kann ech déi dono an d’Albumbeschreiwung mat abauen!
Dën 23 Feb 2010
Fotoen: Wëllef Weekend zu Diddeléng
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Fotoen, Wëllefcher
Schreiw den éischte Kommentar!
Fre 19 Feb 2010
Zeitungspabeier an d’Schung
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutstricken
Schreiw den éischte Kommentar!
De Fredi huet eis dëse kuerzen awer effektiven Scoutstrick eran geschéckt:
Nuets iwer Zeitung an d’Schung maan, dann sin dei och weinstens moies drechen bannen dran.
An nach dobäi as den Zeitungspabeir dann moies opmannst méi drëchen fir d’Feier unzefänken wéi wann en géif einfach esou am Zelt leien!
Mët 17 Feb 2010
Fotoen: CaraPio Schlammschlacht
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner CaraPio, Fotoen
1 Kommentar
No den fuschneien Fotoen vum Theater sin hei mol e puer méi aler, wou d’CaraPio 2002 2003 um Prënzebierg eng Schlammschlacht organiséiert hun. Et as scho laang hier dass ech déi Fotoe krut; vläit kann jo ee mer an de Kommentarer soen ween déi Fotoe gemaach huet an wat den Datum war?
Fre 12 Feb 2010
Scoutsziedel bis den 27. Februar 2010
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutsziedel
Schreiw den éischte Kommentar!
Invitatioun:
Mir invitéieren Iech alleguer mat ären Frënn, Noperen, Bomien … op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen. Mir brennen d’Buerg, e Samgden den 20. Februar. De Faakelzuch geet um 18.30 Auer ennen beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19.00 Auer ugefaang. Jidfereen wou beim Orpichten hëlleft kritt och virum Faakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze machen, den Grill steet schons prett.
Vous êtes cordialement invités de participer au „Buergbrennen“, qui aura lieu Samedi le 20. février. Il s’agit d’une tradition luxembourgeoise qui à comme but de brûler l’hiver. Départ de la retraite aux flambeaux est à 18.30 heures en bas du chemin pour monter vers le chalet.
Wusst dir schons,dass mer op www.lgspeiteng.com Scoutstricker sichen? D’Leit kënnen se op der rietser Säit aschécken, an déi bescht Tricker gin dann an der neier Rubrik „Scoutstricker“, all Woch um Site verëffentlecht. Firwetzeg? Ma da gidd mol séier op den Internet kucken.
Fir all d’Wellefcher:
Samschdes den 20. Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 16°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei Invitatioun) E Samschden den 27. Februar hun mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
Fir all d’AvEx:
Samschdes den 20. Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei Invitatioun) E Samschden den 27. Februar hun mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
Fir all d’CaraPio:
Samschdes den 20. Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei Invitatioun) E Samschden den 27. Februar hun mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
Fir all d’RaRo:
E Samschden den 27. Februar hun mir vun 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg.
Fir all d’RaRo,Matarbechter an d’Cheféquipe:
Samschdes den 20. Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 9°° un um Bierg, a Nomëttes vun 14°° un. (Liest w.e.g och bei Invitatioun)
Fre 12 Feb 2010
Zahnpasta géint Insektestëch
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Scoutstricken
Schreiw den éischte Kommentar!
