Archive for Oktober, 2011

Foto: jjmatheshikes

Mer hate viru kuerzem schonn eemol driwwer geschwat wéi ee kann d’Dëppecher vu Kontaktlënse benotzen fir Saachen wéi Zahnpasta a Seef plaatzspuerend ze transportéieren. Dës Kéier kucke mer e Projet fir deen d’Stëpp vun Limonadesfläsche benotzt ginn fir e Behälter mat engem oder zwee Kompartimenter ze bastelen.

Fir den Oflaf am Detail ze gesinn besicht den Blog JERMM’s outside. Hei ass e klenge Resumé op Lëtzebuergesch.

  1. Vun zwou Limonadesfläschen déi genee d’selwecht sinn gëtt mat engem Schraufstack an enger renger See den Kapp ofgeseet.
  2. D’Plaz wou geseet gouf muss gefeilt ginn.
  3. Wann ee wëll zwee Kompartimenter hunn schneid een eng dënn Plastiksmembran eraus déi um Enn rau gefeilt an zwëschen déi zwee Käpp gepecht gëtt.
  4. Déi zwee respektiv dräi Deeler ginn mat Superkleber gepecht a mat enger Zaang gehalen bis alles fest ass.
  5. De Behälter ass elo dicht, a ka benotzt ginn fir Crèmen, Pasten, Pudder, Zünder, Seefen,…

Den Auteur vum original Artikel erënnert drun dass et wéinst dem Superkleber net onbedéngt fir Iesssaachen gëeegent ass. Fir alles anescht hudd der elo Plaz am Rucksak gespuert.

[via lifehacker.com]

Franz vun Assisi

Francis of Assisi - Jusepe de Ribera

D’Péitenger Guiden a Scouten wënschen iech all e schéint Franz vun Assisi Fest. Wéi der wësst dréine vill vun de Geschichten ëm de Franz vun Assisi rondrëm seng Léift fir d’Déieren, an esou ass et dann net méi ewéi passend dass haut och den Weltdag fir d’Déieren ass.

Den Franz vun Assisi ass den 3. oktober 1226 gestuewen.

Fir all dat hei ass et den Geescht deen zielt. Eist Scoutsgesetz an d’Verspriechen, wann mer se wierklech ëmsetzen, dinn all Grond fir Krich a Wettsträit tëschent den Natiounen verschwannen. -Sir Robert Baden-Powell

(In all of this, it is the spirit that matters. Our Scout law and Promise, when we really put them into practice, take away all occasion for wars and strife among nations.)