Archive for Februar, 2011

Hei gesidd dir dei eischt Fotoen fum Wanterhike 2011. Ech hoffen d’CaraPio hun sech mëttlerweil rem all fun där kaaler nuecht an der Scheier erhuelt an freën sech schon op d’nächst Joer. Een decken Merci op dëser Plaatz nachengkeier un den Bauer Penning!

Ech hunn all déi Fotoen déi am System waren awer nach net richteg verlinkt elo online gesat. Virun allem am Joer 2010 sinn der eng Rëtsch bäikomm. Klickt uewe riets op “Fotoen” a kuckt iech se emol un. Der wäert sécher och mierken dass verschidde Joren keng Fotoen hunn. Vun do hunn ech näischt am Archiv.

Vum 8. bis den 22. August 2010 waren d’RaRo an Italien ënnerwee. Um Programm Stoungen ë.a. Visiten zu Populonia, Roum an zu Assisi. D’Fotoen sinn vun verschiddenen RaRo gemaach ginn.  Déi wou gëschter net op dem Fotosowend dobäi waren kënnen sech d’Fotoen dann hei ukucken.

salut alleguerten
den samsden den 12. 02. 2011 hun mier um 19h rdv um Bierg well do Raro eng Fotospresentatioun mat den fotoen vun italien maachen.
fier gedrenks an knabberreien ass gesuergt.kommt all dohinner

Fir all d’Wëllefcher, AvEx, CaraPio, RaRo a Chef
Bravo! Eisen Theater war e vollen Erfolleg. Du hues duerch däin Engagement an deng Motivatioun heizou bäigedroen. Villmools Merci!

Fir all d’Wëllefcher
Salut, mir hunn déi 2 nächst Samschdeger, den 5. an den 12. Februar vu 14:00 bis 16:00 Versammlung um Prënzebierg. Duerno ass keng Versammlung méi bis no der Vakanz.

Fir all d’AvEx
Salut, mir hunn déi 2 nächst Samschdeger, den 5. an den 12. Februar vu 14:00 bis 16:00 Versammlung um Prënzebierg. Duerno ass keng Versammlung méi bis no der Vakanz.

Fir all d’CaraPio
Salut, mir hunn déi 2 nächst Samschdeger, den 5. an den 12. Februar vu 14:00 bis 16:00 Versammlung um Prënzebierg.
Den 12. Februar ass Pabeiersammlung. R.d.v. ass um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstrooss. Dir wësst jo dass mir iech brauchen! Duerno ass keng Versammlung méi bis no der Vakanz.

Fir all d’RaRo
Salut, mir hunn déi 2 nächst Samschdeger, den 5. an den 12. Februar vu 16:00 bis 18:00 Versammlung um Prënzebierg.
Den 12. Februar ass Pabeiersammlung. R.d.v. ass um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstrooss. Dir wësst jo dass mir iech brauchen! Duerno ass keng Versammlung méi bis no der Vakanz.

Fir all Mataarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio
E Samschden de 12. Februar ass Pabaeiersammlung. R.d.v. ass wéi ëmmer um 8:30 zu Péiteng op der Lengerstrooss. Elo schonns en déck Merci fir all Hëlleg. Déi provisoresch Datumen vun de Pabeiersammlungen vum ganze Joer kënnt der am Agenda hei um Site nokucken.