Archive for Oktober, 2010

2005 war den ganzen Grupp bis eriwwer an d’Frankräich (wou genau weess ech net méi, vläit kann jo ee mer an den Kommentaren op d’Spréng hëllefen) fir do eis Montée ofzehalen. Hei e puer lëschteg Fotoen vun deem Weekend.

Den 6. an 7. November ass jo d’Montée fir 2010, d’Detailer fir deen Weekend kommen demnächst!

Mat den Fotoen vum Theater 2002 ass dann och dat Joer elo komplett a gëtt an eis Galerie bäi gesat. Dir kënnt d’Fotoen vum Joer 2002 elo all op enger Platz gesinn.

Laang woren se verschollen, d’Fotoen vun dësem Theaterstéck vum Etienne Clement dat d’Péitenger Guiden an Scouten zu Lamadeleine opgefouert hunn. Elo sinn se nees opgedaucht, an da wëlle mer se iech natierlech net virenthalen. Vläicht erënnert der iech jo esou guer nach un den een oder aneren Moment aus dem Stéck.Et sinn och Fotoen dobäi vun den Stécker déi déi eenzel Branchen gespillt hunn.

Eeër sinn praktesch, kompakt an voller Proteinen. Ech perséinlech huelen se ëmmer erëm gär mat op en Hike oder wann ech soss en klengen Picnic fir ënnerwee brauch. Mee fir d’Eeër ze schielen… dat ass ëmmer esou ee Gepiddels. Den Tim Ferris huet dat och generft. Dofir hei seng Tipps fir d’Eeër méi liicht ze schielen ze maachen:

  • Am Dëppen muss genuch Waasser sinn fir dass 5cm Waasser iwwert den Eeër ass.
  • Wann d’Waasser an d’Dëppen kënnt, mécht een och 1TL Bakpolver mat an d’Waasser – dann pescht d’Schuel net esou um Ee.
  • D’Eeër ginn 12 Minutten gekacht, dann am kalen Waasser (am beschten Äiswaasser) ofgekillt.
  • Vun der Spëtzt a vum Buedem vum Ee hëlt een dann ee klengt Stéck Schuel erof.
  • Elo muss een just nach déi eng Säit dra blosen, da kënnt d’Ee déi aner Säit erausgefluppt.

Dir hat vläicht gemierkt dass eis Fotosgalerie verschwonne war. Wéi ugekënnegt hu mer eis elo vun den alen System vun der Galerie getrennt. Den neie  System ass méi einfach an den Rescht vum Site ze integréieren, an et ass méi einfach fir déi Leit wou Accès hunn selwer Fotoen erop ze lueden.

Während enger Iwwergangsphas sinn nach net all déi al Fotoen an der neier Galerie. All Kéiers wann en Joer komplett ass setze mer déi awer elo do derbäi. Den Ufank mécht d’Joer 2003, dann gi mer nach eemol e Schrëtt no hannen op 2002, dono schaffe mer eis virun bis mer 2010 ukomm sinn. Bis dohinner kënnt der déi al Fotosgalerie nach hei kucken.