Archive for August, 2010

Knots Guide screenshotFir déi ënnert iech wou gären um neisten Stand vun der Technik sinn, ass Android sécherlech näischt onbekanntes. (Et ass en Betriebssystem dat op villen neien Handyen benotzt gëtt.) Den Programm Knots Guide setzt iech eng Lëscht vun 74 Kniet op den Handy, sou dass der der d’Kniet ënnerwee üben kënnt, oder Schrëtt fir Schrëtt nokucken kënnt wéi deen speziellen Fëscherknuet do nach eemol geet.

Eroflueden kënnt der den Programm Knots Guide op AppBrain.

(via lifehacker.com)


En schrecklechen Mord ass um Prënzebierg zu Péiteng geschitt. Kënnen d’AvEx vun den Péitenger Scouten den Fall léisen?

Mer hunn dësen Film deen d’AvEx gedréint hunn zwar schonn op eisem Site gewisen, mä mat den neien Astellungen op YouTube konnte mer en elo och do eroplueden – virdrun war en hinnen ze laang.

Fir all d’Mataarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Den 14.August ass Pabeiersammlung, well dëst an der Vakanz ass sinn fill Leit fort, duerfir si mir op all Hëllef ugewisen. Hoffentlech hues DU Zäit a kënns hëllefen, elo schonns vill mools MERCI!
R.d.v. ass um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstrooss.
Aus Organisatoresche Grënn maache mir dëst Joer NET mat bei der Vakanzaktioun.