Archive for März, 2010

E puer Fotoen wou d’WiWel 2003 um Tuer waren. Ech huelen un dass et an der Fueszäit war wann ech d’Fotoen esou kucken, mee vläit kann jo een an den Kommentarer bescheed soen wéini genee et wat an och wou. Op jidde Fall gesin déi Verkleedungen richteg léiw a kreativ aus!

Den Fränz huet e puer Tipps iwwer d’Rucksakpaken erageschéckt:

orig_20050731_12h32__08____

E béisen Trick wei een den Hike gudd iwersteet as:
A. sech net verlafen an
B. den Rucksack richtech paken. Am beschten hëllt en just déi Sachen mat déi een brauch. Also am beschten den Plasmabildschirm guer net réischt an den Rucksack machen. En gudd gepakten Rucksack huet déi schwéier Géigestänn déif ënnen an no um Réck leien; déi méi liicht Saachen kënnen méi wäit uewen dran sin. Am beschten soll een den Rucksack ausbalancéieren sou dat en net op enger Säit hänkt. An dat lescht wat en gudd gepakten Rucksack ausmëcht as d’Astellung vun den Gurten: am beschten op séng eegen Gréisst anstellen, an esou dass plus minus d’Halschend vum Gewiicht um Beckengurt as an déi aner Halschend vun der Schëller gedroen get.

Nach e puer weider Tipps iwwer d’Rucksakpaken fannt der op bewaehrungsprobe.de an wanderprofi.ch. Vill Spaass um Hike!

Mol eng Kéier méi eng kleng Galerie, mat Fotoen vum Matarbeschteriessen dat den 11. Juli 2008 um Prënzebierg war, vir all eisen fläissegen Matarbeschter déi iwwerall gären eng Hand mat upaken merci ze soen.

Foto: Dr. Hemmert


Hei en prakteschen Scoutstrick fir wann déng Autosfënster, oder den Spigel am Buedzëmmer, oder den Schwammbrëll, ëmmer erëm uleeft sou dass een näischt méi gesäit: Huel eng propper Gromper, an schneid se an zwou Halschenten. Mat der geschniddener Säit reiws de elo iwwer d’Glas. Et botzt d’Fënster an hannerléisst eng Schicht déi verhënnert dass d’Glas nees uleeft. Schneid Scheiwen vun der Gromper erof wann s de déi éischt Couche verbraucht hues, an benotz déi aner Halschent wann néideg.
Um Site vu wou d’Iddi kënnt hun e puer Leit gemengt dass et am Summer vläit keng sou eng gudd Iddi as dat hei ze maachen, wéinst dem Geroch. Als alternativ rode si un amplatz vun enger Gromper e bësse Shampoo iwwer d’Glas ze schmieren.
[via WikiHow]

Foto: Alex Kapranoff

Fir iech alleguer:
D’Cheféquipe wënscht Iech elo schons eng schéi Vakanz a frou Ouschteren.
Fir all d’Wellefcher:
Mir hun den 20. März vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg. Duerno ass keng Versammlung well Vakanz ass.
Fir all d’AvEx:
Mir hun den 20. März vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg. Duerno ass keng Versammlung well Vakanz ass.
Fir all CaraPio:
Mir hun den 20. März vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg. Den 28. März fuere mir op Sandweiler, op de JoCaPi. Mir treffen eis mat Foulard an Uniform um 07:45 zu Péiteng op der Gare, den Zuch fiert um 07:54. (Brengt Är Jumbokaart oder een Zuchticket mat). Dir kritt moies a mëttes z’iessen, dir braucht keng Gamell, brengt just e Stéck Uebst als Snack fir Zwëschenduerch an eppes ze drénke mat. Didd iech dem Wieder no un. Mir sin owes erem um 19:06 zu Péiteng op der Gare.
Fir all d’RaRo:
Mir hun den 20. März vun 16:00-18:00 Versammlung um Bierg.
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Fir dass dir iech kënnt organiséiren schreiwen ech emol d’Datumer fir d’Pobeiersammlungen 2010 op.
Dës Datumer si provisoresch a kënne evt. änneren.
17. Abrëll, 15. Mee, 12. Juni, 3.Juli, 14. August, 11. September, 9. Oktober, 13. November, 11. Dezember.