Archive for Februar, 2010

13 Invitatioun:
Mir invitéieren Iech alleguer mat ären Frënn, Noperen, Bomien … op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen. Mir brennen d’Buerg, e Samgden den 20. Februar. De Faakelzuch geet um 18.30 Auer ennen beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19.00 Auer ugefaang. Jidfereen wou beim Orpichten hëlleft kritt och virum Faakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze machen, den Grill steet schons prett.
Vous êtes cordialement invités de participer au „Buergbrennen“, qui aura lieu Samedi le 20. février. Il s’agit d’une tradition luxembourgeoise qui à comme but de brûler l’hiver. Départ de la retraite aux flambeaux est à 18.30 heures en bas du chemin pour monter vers le chalet.

Wusst dir schons,dass mer op www.lgspeiteng.com Scoutstricker sichen?  D’Leit kënnen se op der rietser Säit aschécken, an déi bescht Tricker gin dann an der neier Rubrik „Scoutstricker“, all Woch um Site verëffentlecht. Firwetzeg? Ma da gidd mol séier op den Internet kucken.

Fir all d’Wellefcher:
Samschdes den 20. Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 16°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei Invitatioun) E Samschden den 27. Februar hun mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
Fir all d’AvEx:
Samschdes den 20. Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei Invitatioun) E Samschden den 27. Februar hun mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
Fir all d’CaraPio:
Samschdes den 20. Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei Invitatioun) E Samschden den 27. Februar hun mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
Fir  all d’RaRo:
E Samschden den 27. Februar hun mir vun 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg.
Fir all d’RaRo,Matarbechter an d’Cheféquipe:
Samschdes den 20. Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 9°° un um Bierg, a Nomëttes vun 14°° un. (Liest w.e.g och bei Invitatioun)

Foto: Mauren Veras

Wann et kribbelt a bäisst a soss keng Crème an der Géigend as kann een einfach e bëssen Zahnpasta op d’Platz wou et juckt schmieren. Wat een d’Pasta méi séier drop mëcht wann ee bis gepickt gouf, wat et besser hëlleft.

img_3494 Elo hu mer endlech op eisem Site selwer Fotoen vum Theater vun den Péitenger Guiden a Scouten 2010 ze gesin! Zur Erënnerung, et goufen dës Stécker gespillt: Wëllefcher: Op der Sich nom Rum. AvEx: An der Kichen. CaraPio: De Papp dee baut eng Zeitmaschinn… D’Cheféquipe an Matarbechter hun e lëschtegen 3 Akter gespillt: Knapps bestued a schons vill Schued.

Am Juli waren Schoulkanner vu Péiteng erop op de Prënzebierg bei d’Scouten op Besuch komm fir sech déi Saach emol unzekucken. D’Thema war “Um Bauerenhaff”… mee ech loossen de Guy dat einfach am Video erklären! (Déi mat séierem Internet kënnen de Video och als HD kucken.)

Photo: Gilles Glod

Photo: Gilles Glod

Wann een eng duerchsichteg kleng Plastikstuut mat Waasser fëllt, get dorausser eng Zort optësch Lëns. Déi vergreissert dat wat een doduerch gesäit. Wann een déi Tuut mat enger Ficelle ophänkt an se dann e bëssen rondrëmdréint kënnt et de Mécken fir wéi wann sech do eppes grousses géif bewegen an se halen sech aus deem Eck eraus.