Archive for Februar, 2010

Foto:SkullShank

Dësen Trick hun ech mer vun engem vun eisen AvEx ofgekuckt. Jidderee vun ierch dee scho mol op enger richteger Scoutskichen um oppene Feier gekacht huet, kennt de Problem: d’Fëschstäbecher brenne grad un mee et kann ee beim beschte Wëllen net bei bei der Pan stoe bleiwen, well den Damp vum Feier engem zevill an den Aa bäisst. D’Léisung? Et deet een fir ze kachen einfach en Schwammbrëll un! Et gesäit een vläit e bëssen dämlech domat aus, mee wéinstens muss een dono net dat tëschent dem Réien an dem Verbrannten erauspicken.

Hei sin d’Gewënner-Ticke’en vun der Home on Fire Party:

538 nummer 1
204 nummer 2
174 nummer 3
58 nummer 4

Déi Leit wou gewonnen hun kënnen sech beim David um Telefon mellen fir gewuer ze gin wéi et weider geet. D’Telefonsnummer steet um Ticket drop. Ech wënschen ierch Bonne Chance!

E puer Fotoen wou d’Péitenger Wëllef 2008 ënnerwee waren. Wann ee mer nach e puer Infoen kann gin iwwer den Wou-Wat-Wéini vum Weekend kann ech déi dono an d’Albumbeschreiwung mat abauen!

20050331-13h0848 De Fredi huet eis dëse kuerzen awer effektiven Scoutstrick eran geschéckt:

Nuets iwer Zeitung an d’Schung maan, dann sin dei och weinstens moies drechen bannen dran.

An nach dobäi as den Zeitungspabeir dann moies opmannst méi drëchen fir d’Feier unzefänken wéi wann en géif einfach esou am Zelt leien!

No den fuschneien Fotoen vum Theater sin hei mol e puer méi aler, wou d’CaraPio 2002 2003 um Prënzebierg eng Schlammschlacht organiséiert hun. Et as scho laang hier dass ech déi Fotoe krut; vläit kann jo ee mer an de Kommentarer soen ween déi Fotoe gemaach huet an wat den Datum war?