Archive for Januar, 2010

Fir iech alleguer:
Samschdes den 19. Dezember verdeelen déi Péitenger Guiden a Scouten d’Friddensliicht. Hei kritt jidfereen symbolesch de Fridden mat Heem, fir en dann am Bekanntekress  oder an der Noperschaft weiderzeverdeelen. Dest Joer kënnt d’Friddensliicht vum Bierg an d’Kiirch! Mir verdeelen nämlech d’Friddensliicht zu Péiteng firun der Kiirch. No der Mass, déi um 17.30 Auer ugeet huet d’Music Factory (d’Jugendesktioun vun de Léiweckercher) een Chrëschtconcert. Nom Concert suergen mir dann fir d’Fortsetzung vum Programm: Mir machen  Glühwein fir Grouss a Kleng an verdeelen d’Friddensliicht. D’Music Factory haat d’Idee fir mat deser Aktioun d’APEMH (Association des Parents d’Enfants Mentalement Handicapés) ze ennerstetzen, daat fannen mir eng super Saach an do schléissen mir eis un: Et gëtt keen Entrée gefrot fir de Concert och fir den Glühwein, an d’Friddensliicht gëtt neischt gefrot, d’Leit gin esou vill wéi sie et fir richteg haalen an mir iwerweisen déi Suen intégral un d’APEMH.
Fir all eis Memberen: R.d.v um 17.30 Auer an Uniform firun der Kiirch. Et ass och méiglech fir just fir de Concert ze kommen. D’Elteren, Bridder a Schwesteren, Frënn a Bekannten … sin härzlech wëllkom!
Dest ass den läschten Ziedel fir dest Joer, duefir profitéiren ech vun der Geleegenheet, fir jidferengem fir seng Mathellef , a sein Engagement uechtert d’Joer MERCI ze soen. D’Cheféquipe wënscht Iech an  Ärer Famill schéin Kreschtdeeg an ee gudde Rutsch an d’Joer 2010.
Fir all d’Wellefcher:
Den 19. Dezember hun mir eng Chrëschtfeier vun 14°°-16°° um Prënzebierg. Brengt alleguer e Cadeau (net méi deier wéi 2€),am léiwsten eppes Selwergemachenes an eng Bull fir op de Beemchen mat. Liest och bei: Fir iech alleguer, a macht mat!
Deng Chef
Fir all d’AvEx:
Den 19. Dezember hun mir eng Chrëschtfeier vun 14°°-16°° um Prënzebierg.Brengt alleguer e Cadeau (net méi deier wéi 2€),am léiwsten eppes Selwergemachenes an eng Bull fir op de Beemchen mat. Liest och bei: Fir iech alleguer,a macht mat!
Deng Chef
Fir all CaraPio:
Den 19. Dezember hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Liest och bei: Fir iech alleguer, a macht mat!
Den 9. an den 10. Januar ass et esou weit, dann gin mir op den Wanterhike! Mir treffen eis Samschdes um 9°° zu Diddeleng um Parking virum Match. Sonndes ass den Hike um 18°° zu Diddeleng um Parking virum Match eriwer. Mathuelen: Dëck Schung, Gezei fir ze wiesselen, e warmen Schloofsaack (mir schlofen an enger Scheier), Gamelle an e Bidon, Fiche médicale (kënnt mam nächsten Ziedel) an eng Secherheetsveste. Daat Ganzt kascht 15€, dir braucht neischt fir z’iessen matzebrengen.
Deng Chef
Fir all d’RaRo:
Mir gin e Samschden eng Visite Guidée vun der Brauerei machen an duerno si mat beim Friddensliicht derbei, liest och bei: Fir iech alleguer.
Deng Chef

Fir iech alleguer:
Een dëcke Merci fir Är Ënnerstezung um Bazar! Merci un all déi Leit déi virum Bazar fir de Bazar geschafft hun, Merci un déi fleisseg Bäcker, Merci un jidfereen,  wou bei dem sch…. Wieder um Stand beim Staatshaus war fir opzeriechten, ze verkaafen an erëm alles ofzeriechten!! Eise Grupp haat e flotte Stand an mir hun eis gudd no baussen vertrueden, et war besonnesch schéin dass esou fiiiiillll Leit gehollef hun. Dir hut bewisen dass e Scout sei Wuert hält, an duerhält och wann et Krämpes kascht! (Daat war jo elo net fir d’éischt dass gudd Arbecht geleescht gin ass. Ech wollt et just emol eng Kéier ofiziell soen.)
Fir op de Kalenner: Den 19. Dezember ass eis Friddensliichtfeier => dest Joer wärt se an enger anerer Form sin, loost Iech iwerraschen. Détailer kommen am nächsten Bréif.
Un all déi Leit wou d’Cotisatioun nach net bezuelt hun: Macht daat w.e.g ELO!
De Gruppechef
Fir all d’Wellefcher:
Déi nächst Samschdecher, den 5. an den 12. Dezember hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Fir all d’ AvEx:
Déi nächst Samschdecher, den 5. an den 12. Dezember hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Fir all CaraPio:
Déi nächst Samschdecher, den 5. an den 12. Dezember hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Fir all d’RaRo:
Déi nächst Samschdecher, den 5. an den 12. Dezember hu mir vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg.
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
E Samschdeg den 12. Dezember ass Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lëngerstrooss. Villmols Merci am Viraus fir all Hëllef!

Fir iech alleguer:
Et ass erëm un der Zeit fir d’Cotisatioun ze bezuelen. Am Anhang fannt dir d’Déteielr zu den Cotisatiounen.
Samschdes de 28. a Sonndes den 29. November ass Niklosmaart zu Péiteng. Wéi all Joer sin mir och dest Joër, nees um Maart vertrueden. Mir verkaafen Adventskänz, flott Dékoratiounen …..Nom Succés vum läschte Joër, behaalen mir d’Kaffiszelt bei. Léif Elteren, hei si mir op är Hëllef ugewisen. Et wier superléif wann dir eis den ee oder aneren Kuch/Taart gingt backen a wann dir eis e kéint  Samschdes oder Sonndes bei d’Staatshaus brengen. VILLMOLS MERCI !!!!!

Fir all d’Wellefcher:
Samschdes den 21. November  hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
E Samschden den 28. November ass KENG Versammlung, wëll den 28. an 29. November beim Staatshaus Bazar ass. Dir sidd härzlechst agelueden eis mat ären Elteren, Grousselteren, Noperen a Frënn besichen ze kommen.

Fir all d’ AvEx:

Samschdes den 21. November  hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Mir backen nach eng Kéier fir de Bazar. E Samschden den 28. November ass KENG Versammlung, wëll den 28. an 29. November beim Staatshaus Bazar ass. Dir sidd härzlechst agelueden eis mat ären Elteren, Grousselteren, Noperen a Frënn besichen ze kommen.
Fir all CaraPio:
Samschdes den 21. November  hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Lies och w,e,g déi läscht Rubrique.

Fir all d’RaRo:
Samschdes den 21. November  hu mir vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg. Lies och déi läscht Rubrique.

Fir all d’Chef:
E Mettwoch den 18.11 ass um 20°° Grupperot um Bierg. Lies och déi läscht Rubrique.

Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:

Fun Méindes dem 23.11 bis Donnëschdes den 26.11 si mir all Owend vun 19°° Auer un um Bierg. Mir schaffen fleisseg fir de Bazar. Freides den 27.11 si mir um 18°° beim Staatshaus fir d’Zelter opzerichten wa néideg gëtt duerno och nach un de Kränz geschafft. Samschdes a Sonndes hëllefe mir vun 10°°un um Bazar. (An der Versammlung vum 21.11 kucke mir, wen, wini hëllefe kënnt.)