Archive for Abrëll, 2007

D’Scouten vun Esch St. Joseph invitéieren en Samgden aacht Deeg, den 5. Mee op en Diner Spectacle ab 19 Auer an der Maison des Jeunes vis à vis vun der Jousephs Kiirch. Um Programm stin: (more…)

Am Kader vun Scouting 2007 bréngen d’FNEL, d’AGGL an d’LGS zesummen mam CNA den Film Ëmmer Bereet – Eng Geschicht vun Guiden an Scouten an den Kino. Haut as Avant-Première (nëmmen mat Invitatioun), mee den Film leeft en Freideg, Samgden an Sonnden all Kéiers um 14:00 an um 19:00 (am Utopolis, denken ech).

Am Wort vun haut as op der Säit 22 en klengen Artikel iwwert den Timber deen d’Post fir déi 100 Joer Scouten erausbréngt.

D’Ausstellung zu Honnert Joer Scouten an der Belle Étoile leeft nëmmen nach bis dësen Samgden, 21. Abrëll. Maacht ierch bäi!

D’Zentral vun den Lëtzebuerger Scouten d.h. den Shop an d’Sekreteriat sin geplennert. An zwar an d’Géisserei zou Weimeschkiirch (an der Staat) op 5,rue Munchen-Tesch. Den éischten Mee ass vun 14:00-18:00 Porte-Ouverte wou een och den neien Chalet kann bewonneren, all d’Guiden an Scouten sin härzlechst invitéiert fir firwëtzen ze goen. Vum 5. Mee un, ass den neien Shop zu folgenden Zeiten op:
Dënschdes vun 15:00-18:00 Auer. Donneschdes vun 15:00-19:00 Auer, an Samschdes vun 9:00-12:00 Auer. Am Moment kritt een keng Uniformshiemer an klengen Gréissten ze kaafen. Wann se erem disponibel sin, dann soen ech Iech bescheed.