Video


Mer haten schon emol en Artikel doriwwer wéi een en Rucksak apaken soll, hei ass en Video dee weist wéi een sech kann uleeën fir en Maximum an eng Valise dran ze paken.

D’Kleeder ginn deelweis an den Schung verstaut, den Rescht gëtt gerullt fir Plaz ze spueren an Falen ze evitéieren. Déi schwéier Kleeder kommen ënnen, déi méi liicht uewen, well déi sech besser zesummen drécke loossen.

(via lifehacker.com)


En schrecklechen Mord ass um Prënzebierg zu Péiteng geschitt. Kënnen d’AvEx vun den Péitenger Scouten den Fall léisen?

Mer hunn dësen Film deen d’AvEx gedréint hunn zwar schonn op eisem Site gewisen, mä mat den neien Astellungen op YouTube konnte mer en elo och do eroplueden – virdrun war en hinnen ze laang.

Iert d’AvEx sech konnten op d’Ress op Mamirolle am Frankräich maachen huet hir Chefekipp sech mol alles op der Plaatz ugekuckt.

An jo, dat war jo och den Daag wou den Mike…

Déi nächst Woch kommen dann d’Foten vum Camp selwer.

Fir all d’Wëllefcher:
Salut Wëllef. E Samschden den 1. Mee as keng Versammlung. E Samschden den 8. Mai as Versammlung vun  14:00-16:00.
E Samschden drop as keng Versammlung well mer Sonndes den 16. Mai ob den Wëllefchersrally ob Dideleng gin. Départ: Mir treffen eis um um 7:45 Auer zu Péiteng ob der Gare (den Zuch fiert um 7:54 Auer). Retour: Mir si nees  um 18:09 Auer ob der Peitenger Gare. Tenue: Uniform (wien keng huet soll just de Foulard undin). Mathuelen: Didd iech dem Wieder no un (huelt e K-Way an eng Kaap egal wéi d’Wieder ass), ordentlech Schung, e klenge Rucksack, Bic a Bloc, Bidon, Picknick fir Mëttes kaal z’iessen. De Ralley kascht 10 Euro. Eventuel  5€ Täschegeld mathuelen.
Virukënnegung: Den 18 bis den 24. Juli huele mir um Nationalem Camping Althing 2010 zu Heischent deel. Dat get e mega flotten groussen Camp mat ganz vill aneren Wellef aus dem ganzen Land. Et kommen nach Informatiounen no.

Fir all d’AvEx:
E Samschden den 1. Mai as keng Versammlung. Den 8. an de 15. Mee hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
Fir all CaraPio:
Salut mir hun e grousse Programm: Samschdes den 1.Mee hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg. Freides de 7. Mee hu mir vu 19:00-21:00 Versammlung um Bierg. Mëttwochs den 12.5 hu mir  zu Schëffleng eng Virrbereedungsversammlung fir de Camp. Mir treffen eis um 18:15 Auer zu Péiteng op der Gare a fueren dann mam Zuch op Schëffleng. Matbrengen: Gamell (mat Besteck a Becher), Kichenduch, 3€ an Jumbokaart. Mir si um 23:36 Auer erem zu Péiteng op der Gare. Wann erwënscht, da féiert de Lukas iech herno Heem.
Samschdes den 15.Mee hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Den 15.Mee ass Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8:30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Dir wesst jo…
Fir all d’RaRo:
Den 8. an de 15. Mee hu mir vun 16:00-18:00 Versammlung um Bierg.
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Nächste Samschdeg, den 15. Mee ass Pobeiersammlung. R.d.v ass um 8:30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss, elo schons en decke Merci fir all Hëllef!

Am Juli waren Schoulkanner vu Péiteng erop op de Prënzebierg bei d’Scouten op Besuch komm fir sech déi Saach emol unzekucken. D’Thema war “Um Bauerenhaff”… mee ech loossen de Guy dat einfach am Video erklären! (Déi mat séierem Internet kënnen de Video och als HD kucken.)