Sitenews


20110611 Batik

Hei stinn eis AvEx an de Fredi ënnert hiren fäerdegen Batik Piraten T-Shirten déi grad ophänken fir ze dréchnen. Mir haten Drot rondrëm déi Plazen vun den T-shirten gewéckelt déi sollten wäiss bleiwen, an se dunn an Bitercher mat waarmem Waasser an Textilfaarf eng Stonn zéie gelooss. Et huet just e puer mol missten dra geréiert ginn.

D’Käerjenger a Péitenger Aventuren an Explorer waren zesummen an der Ouschtervakanz an den Scoutschalet Paradiso bei Wolz fir en ‘Scoutismus’ Weekend. An der Veillée war esou guer den B.P. héchstperséinlech op Besuch.

Vom 6. bis 8. Mai hat der Iron Scout 2011 für CaraPio stattgefunden.

Wat ass dat ?

Een

Hike/Treppeltour vun 65 KM! Natierlech musst der net den ganzen Tour goen. Jidereen kann sou weit goen wéi en well, awer bei 65 Km ass et ferdeg :-) An aneren Wieder een flotten, ofwieslingsreichen Trëppeltour bei all Wieder duerch d’Eisléck.

Der Iron Scout wurde von der CaraPio Regionalequipe Süden ins Leben gerufen.  Fotos vom Ereignis sind online unter:

 http://carapioshare.blogspot.com/2011/05/iron-scout-2011.html

Viel Spass

Lukas

Mer haten schon emol en Artikel doriwwer wéi een en Rucksak apaken soll, hei ass en Video dee weist wéi een sech kann uleeën fir en Maximum an eng Valise dran ze paken.

D’Kleeder ginn deelweis an den Schung verstaut, den Rescht gëtt gerullt fir Plaz ze spueren an Falen ze evitéieren. Déi schwéier Kleeder kommen ënnen, déi méi liicht uewen, well déi sech besser zesummen drécke loossen.

(via lifehacker.com)

2006 war zu Schous den Tupelay, en nationalen Camp fir d’AvEx aus dem ganzen Land. D’Fotoen waren verluer gangen wéi mer d’Fotogalerie gewiesselt hunn, hei sinn se nees.

« Previous PageNext Page »