Scoutsziedel


Fir iech alleguer
E Sonndeg den 2. Oktober ass d’Journée de la Commémoration nationale. Wéi all Joer huelen mir un de Feierlechkeeten,  déi dest Joer zu Lamadeleine sinn, deel. Mir treffen eis an Uniform (wenn eng huet) um 9.15 Auer  zu Péiteng beim ale Pompjeesbau, vun do aus fuere mir mam Bus op Lamadeleine. Mir gin mat am Cortège an duerno an d’Mass, géint 12°° Auer si mir erëm beim ale Pompjeesbau.

Fir all d’Wëllefcher
Salut léif Wëllef,  déi 2 nächst Samschdeger, den 1. an den 8.Oktober hu mir all Kéiers vun 14°° -16°° Versammlung um Prënzebierg. Wéi ugekënnegt hätt sollen den 8. an 9. Oktober Montées W.E sinn. Dat ass do wou déi eelst vun eis bei d’AvEx ginn. Mir hunn dëse W.E (wéinst de Walen) ëm eng Woch geréckelt. En ass den 15. an 16. Oktober. Detailer kommen am nächste Bréif. Lies och bei: Fir iech alleguer

Fir all d’ AvEx
Salut AvEx, nächste Samschdeg den 1.Oktober gi mir richteg sportlech; mir maachen een Tour mam Vëlo. Mir treffen eis um 14°° zu Péiteng bei den Weieren um Parking vum Café Chalet Laangwiss. Bréngt alleguer e Vëlo, en Helm an e Bidon mat Waasser mat. Mir sinn um 18°° Auer erëm bei de Weieren. Falls et sollt reenen, gi mir trëppelen da sollt dir am Platz vum Vëlo uerdentlecht Reengezei matbréngen. An dem Fall braucht dir och keen Helm. De Samschdeg drop, den 8.Oktober hu mir vun 14°° -16°° Versammlung um Prënzebierg. Wéi ugekënnegt hätt sollen den 8. an 9.Oktober Montées W.E sinn. Dat ass do wou déi eelst vun eis bei d’CaraPio ginn. Mir hunn dëse W.E (wéinst de Walen) ëm eng Woch geréckelt. En ass den 15. an 16. Oktober. Detailer kommen am nächste Bréif. Lies och bei: Fir iech alleguer

Fir all d’CaraPio
Salut alleguer, déi 2 nächst Samschdeger, den 1. an den 8.Oktober hu mir all Kéiers vun 14°° -16°° Versammlung um Prënzebierg. Wéi ugekënnegt hätt sollen den 8. an 9. Oktober Montées W.E sinn. Dat ass do wou déi eelst vun eis bei d’RaRo an oder Chef ginn. Mir hunn dëse W.E (wéinst de Walen) ëm eng Woch geréckelt. En ass den 15. an 16. Oktober. Detailer kommen am nächste Bréif. Lies och bei: Fir iech alleguer

Fir all d’RaRo
Déi 2 nächst Samschdeger, den 1. an den 8.Oktober hu mir all Kéiers vun 16°° -18°° Versammlung um Prënzebierg. WEEN DEN 1.10 NET KANN AN DER VERSAMMLUNG SINN, SOLL DEM GUY SENG REZEPTER MAILEN. [Admin: maacht dat iwwert den Kontakt Formular oder op dem Guy seng Adress wann der se scho wësst.] Montées W.E: 15 an 16 Oktober => mir hëllefen um W.E kache a brachen….. Lies och bei: Fir iech alleguer

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef
Virukennegung: Den 15. Oktober ass Pabeiersammlung

Op meng Éier verspriechen ech, ech wäert mäi Bescht ginn fir meng Pflicht géigeniwwer Gott a mengem Land ze maachen an d’Scoutsgesetz ze befollegen, aneren jidder Zäit ze hëllefen, mech selwer physesch staark, geeschteg waakreg an moralesch opriicht ze halen. -Sir Robert Baden-Powell

(On my honor, I will do my best to do my duty to God and my country and to obey the Scout Law; To help other people at all times; To keep myself physically strong, mentally awake and morally straight.)

Fir iech alleguer:
Als éischt Aktivitéit vum neie Scoutsjoer huele mir un der Feierlechkeeten zur Befreiung vun Péiteng Deel. Mir treffen eis den Sonndes 11. September an Uniform um 9°° beim Staatshaus vun do aus gi mir am Cortège an d’Mass, duerno bei d’Borne du Passeur. Den Ofschloss ass géint 11.45 Auer a Rousen.
Fir all d’Wëllefcher:
Salut léif Wëllef, endlech ginn d’Versammlungen erëm un!! Eis éischt Versammlungen  sinn den 17. an den 24. September all Kéier vun 14°° bis 16°° um Bierg. Bréng roueg deng Frënn mat! Lies och bei: Fir iech alleguer.
Fir op de Kalenner: Den 8. an 9. Oktober maache mir e Gruppe W.E wou d’Montée gemaach gëtt. Detailer kommen am nächste Bréif.
Fir all d’ AvEx:
Salut AvEx, endlech ginn d’Versammlungen erem un!! Eis éischt Versammlungen  sinn den 17. an den 24. September all Kéier vun 14°° bis 16°° um Bierg. Bréng roueg deng Frënn mat! Lies och bei: Fir iech alleguer.
Fir op de Kalenner: Den 8. an 9. Oktober maache mir e Gruppe W.E wou d’Montée gemaach gëtt. Detailer kommen am nächste Bréif.
Fir all d’CaraPio:
Salut alleguer, endlech ginn d’Versammlungen erëm un!! Eis éischt Versammlungen  sin den 17. an den 24. September all Kéier vun 14°° bis 16°° um Bierg. Bréng roueg deng Frënn mat! De 17.09 ass Pabeiersammlung. R.d.v ass wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss elo schonns een decke Merci dass du derbäi bass. Lies och bei: Fir iech alleguer.
Fir op de Kalenner: Den 8. an 9. Oktober maache mir e Gruppe W.E wou d’Montée gemaach gëtt. Detailer kommen am nächste Bréif.
Fir all d’RaRo:
Eis éischt Versammlungen  sinn den 17. an den 24. September all Kéier vun 16°° bis 18°° um Bierg. De 17.09 ass Pabeiersammlung R.d.v ass wéi ënner um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss elo schonns een decke Merci dass du derbäi bass. Lies och bei: Fir iech alleguer.
Fir op de Kalenner: Den 8. an 9. Oktober maache mir e Gruppe W.E wou hëllefen. Detailer kommen am nächste Bréif.
Fir all d’Chef:
21.09 (Owes) Kongress zu Bartreng //25.09 Chefdag zu Bartreng. Umellen: beim Gilles Michels.

Fir all d’Matarbecher, d’RaRo, d’CaraPio an d’Chef:
Den 19. September ass Pabeiersammlung R.d.v ass wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss elo schonns een decke Merci fir all Hëllef!
Den 24.September ass Kleedersammlung Rd.v: Um 9°° beim ale Pompjeesbau.

Fir iech alleguer:
Dest ass dee leschtem Ziedel fir dest Scoutsjoer. Ech wënschen iech alleguer e flotte Camp an eng schéin Vakanz
-Guy

Fir all d’Wëllefcher:
Wéinst dem Schoulfest hu mir den nächste Samschdeg, den 9. Juli KENG Versammlung. D’Chef hëllefen do bei de Spiller also gesi mir eis bestëmmt um Schoulfest zu Rodange. All d’Detailer vum Camp sinn am Unhang.
Léif Gréiss, är Chef

Fir all d’ AvEx:
De nächste Samschdeg, 9. Juli ass vun 14°°-18°° Versammlung um Bierg. Mir feieren den Ofschloss vun eiser Cowboy Entreprise. Bréngt alleguer eng Muert mat :-)   Wann är Elteren NET wëllen dass dir an der Versammlung op engem Päerd sëtzt solle si dem Fredi Bescheed soen (621472510). All d’Detailer vum Camp sinn am Unhang.

Fir all CaraPio:
E Samschdeg den 9. Juli hunn mir ee grousse Programm: Moies hëllefe mir op der Pabeiersammlung. R.d.v ass wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss.
Nomëttes hëllefe mir beim Schoulfest. Mir fueren direkt no der Pabeiersammlung op d’Schoulfest an iessen do zu Mëtteg, ditt duerfir schonns moies Är Uniform un. Fir déi wou no kommen, d’Schoulfest ass zu Rodange vis à vis vun der Sportshal an der rue Jos. Moscardo. Géint 18°° maachen mir eis erëm op de Wee fir Heem. De Lukas schéckt iech nach déi läscht Informatiounen fir den Jamboree.

Fir all d’Mataarbechter, d’RaRo, d’CaraPio an d’Chef:
Den 9. Juli ass Pabeiersammlung R.d.v ass wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss elo schonns een decke Merci fir all Hëllef!
Den 9. Juli hëllefe mir och beim Schoulfest fir déi wou sech ugemellt hunn fir moies schon ze hëllefen: R.d.v an Uniform um 10.30 Auer beim ale Pompjeesbau, dat ganzt dauert bis 18°°. Dënschdes den 2. August kommen d’Kanner aus dem éischten an zweeten Schouljoer am Kader vun der Vakanzaktioun bei eis op de Bierg. Et ass wichteg dass mir vun der Geléigenheet fir Reklamm ze maachen profitéieren duerfir brauche mir vill Leit déi eis Moies a Mëttes hëllefen. Mell dech w.e.g beim Guy um 691435358 un fir dass hien dat ganzt plange kann.
Den 13. August ass Pabeiersammlung, hei si mir op all Hëllef ugewisen, et sinn do bestëmmt vill Leit an d’Vakanz, so dem Guy w.e.g. Bescheed wann’s de fort bass.

Unhang fir d’AvEx an d’Wëllef
Wéi kennt een op den Kuelbécherhaff? Dir fuert Richtung Keelen, Keespelt. Hanner Keespelt fuert Dir lenks erof an den Mariendall.Dann fuert Dir riets Richtung Miersch, duerno déi ZWEET Strooss lenks Richtung Huelmes, no +/-100m fuert Dir den Wee op der rietser Säit (Schwéngsziichterei) erop.Fuert laanscht d’ Schwéngsziichterei esouwäit wéi de Wee geet.
Op Google Maps kucken

Wëllefcherscamp vum 16.07-23.07.um Kuelbécherhaff
Depart ass Samschdes den 16.07 um 14.30 Auer zu Péiteng beim alen Pompjeesbau. Mir wären frou wann d’Elteren eis beim Transport kéinten hëllefen.  Tenue: Foulard an Uniform.
Retour:Mir wëllen als Ofschloss zesummen mat den Elteren grillen dofir erwaarden mir Iech vun 12°° un, um Kuelbécherhaff. Bréngt w.e.g. eppes mat fir op de Grill , fir d’Kanner ass gesuergt et sin och Zaloten fir Iech do. Den Camp ass um 15°° Auer eriwwer.
Präis: De Camp kascht 150 Euro fir den eelsten aus der Famill an 130 fir déi aner.
Matbréngen:

  • Wäschsaachen (Zännbiischt, Zahnpasta, ee Läppchen, Seef ee klengt Duch)
  • Schwammsaachen (e grousst Duch, e Maillot/Schwammbox/Schwammkap/ evt. Ärmecher
  • Eng Täscheluucht
  • een Täschemesser
  • ee Schlofsak
  • Schlappen
  • evt. een Kappkëssen an e Petzi
  • zwee Kichendicher
  • ee klenge Rucksak
  • een Bidon
  • eppes fir ze liesen oder ee klengt Spill fir an der Fräizäit
  • d’Pistebichelchen
  • frësch Ënnerwäsch an Strëmp fir all Dag
  • eng Reenjackett
  • deck Schung
  • Gezei wat kann knaschteg ginn, eng Kap an eng Mutz Sonnecrème (hoffentlech brauche mir se.)
  • een aalt Läinduch vun 1mx2m an 1 rout oder gréngt Puer Strëmp
  • Net matbréngen: Wäertsaachen, Handy, Gameboy an Séissegkeeten.
  • Verpaakt alles an engem Rucksak.
  • Gitt d’Kopie vun der Impfkaart, d’Fiche Médicale (Camp) an d’Suen beim Depart of

AvEx Camp vum 18.07-26.07.um Kuelbécherhaff
Depart ass Méindes den 18.Juli um 12.40 Auer zu Péiteng op der Gare.  Tenue: Foulard an Uniform
Retour: D’Elteren kommen d’Kanner Dënschdes den 26. Juli um 15°° op den Kuelbécherhaff sichen
Umellen: Mellt iech bis spéitstens den 9.Juli beim Fredi um 621472510 un
Preis: De Camp kascht 150 Euro fir den eelsten aus der Famill an 130 fir déi aner
Matbréngen:

  • maacht fir d’éischt eng grouss Dreckstut an de Rucksak an dann packt dir alles dran (da ginn d’Saachen net fiicht)
  • Jumbokaart oder Zuchticket fir mam Zuch vu Péiteng op Miersch
  • Picknick fir den éischten Owend
  • Wäschsaachen (Zännbiischt, Zahnpasta, ee Läppchen,Seef ee klengt Duch)
  • Schwammsaachen(e grousst Duch, e Maillot/Schwammbox déi enk uläit/Schwammkap
  • eng Täscheluucht mat Ersatzbatterien
  • Täschemesser
  • ee Schlofsak
  • evt. een Petzi
  • zwee Kichendicher
  • ee klenge Rucksak
  • een Bidon vun 1L
  • eppes fir ze liesen oder ee klengt Spill fir an der Fräizäit
  • den AvEx Pass
  • Bic a Block
  • frësch Ënnerwäsch an Strëmp fir all Dag
  • eng Reenjackett evt. eng Reebox
  • agetrëppelt déck Schung an e puer bequem Schung
  • Gezei fir all Wieder
  • eng Kap an eng Mutz
  • Sonnecrème (hoffentlech brauche mir se.)
  • eppes géint Musticken
  • eng Gamelle an Besteck
  • eng Loftmatraz oder eng Carrymatt. Kee Feldbett.
  • Net matbréngen: Wäertsaachen, Handy, Gameboy an Séissegkeeten.
  • Gitt d’Kopie vun der Impfkaart, d’Fiche Médicale (Camp) an d’Suen beim Depart of

Fir iech alleguer:
En Donneschden den 23. Juni gi mir mat op den Te Deum, deen dëst Joer zu Rodange ass, RDV an Uniform um 9:00 zu Péiteng op der Maartplaz. Vun do aus fuere mir mam Bus bis op Rodange, géint 12:15 Auer si mir erëm zu Péiteng.

Intervilles 2011

Fir all d’Wëllefcher:
Liest w.e.g. bei: Fir iech alleguer. Nächste Samschdeg, den 25.6 hu mir KENG Versammlung.  Mir maachen och dëst Joer erëm mat beim Mini-Interville deen zu Déifferdeng ass. Nëmmen well MIR d’Läscht Joer gewonn hunn braucht dir iech net ënner Drock setzen ze loossen :) Den Mini-Interville ass fir jiddereen den 10 Joer al ass. Déi aner, an all d’Elteren an soss Fanen  kennen mat kucke goen. RDV ass den 25.06 um 15:00 zu Péiteng bei der Sportshal. De Bus bréngt iech géint 20:30 Auer och nees dohinner zeréck. Jiddereen dee matmécht soll een Joggingskostüm an Turnschlappen undinn an e Kuerf mat engem Duch an enger Schwammbox mathuelen.
E Sonndeg den 3. Juli gi mir Wëllef op de Sennengerbierg, op de Wellëfchersrally. Mir treffen eis an Uniform um 7:50 Auer zu Péiteng op der Gare. Mathuelen: 10 Euro, ee klenge Rucksak mat Picknick a Gedrénks, ee schwaarzen oder wäissen T-Shirt (dee knaschteg ka ginn), an e K-Way. Mir sinn owes um 18:00 nees zu Péiteng op der Gare.
Léif Gréiss, är Chef

Fir all d’ AvEx:
Liest w.e.g. bei: Fir iech alleguer. Nächste Samschdeg, den 25.6 hu mir KENG Versammlung.  Mir maachen och dëst Joer erëm mat beim Mini-Interville deen zu Déifferdeng ass. Nëmmen well MIR d’Läscht Joer gewonn hunn braucht dir iech net ënner Drock setzen ze loossen :) Den Mini-Interville ass fir jiddereen den 10 Joer al ass. Déi aner, an all d’Elteren an soss Fanen  kennen mat kucke goen. RDV ass den 25.06 um 15:00 zu Péiteng bei der Sportshal. De Bus bréngt iech géint 20:30 Auer och nees dohinner zeréck. Jiddereen dee matmécht soll een Joggingskostüm an Turnschlappen undinn an e Kuerf mat engem Duch an enger Schwammbox mathuelen.
E Samschdeg den 2. Juli hu mir vu 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
-Howdy, är Chef

Fir all d’CaraPio:
Liest w.e.g bei: Fir iech alleguer.
Den 25. Juni ass um 18 Auer eng Jamboree-Infoversammlung fir d’Participanten an Elteren fir eis ganz Unitéit zu Diddeleng (Rue Jean Friedrich) am Home Belvedere (Gréng Scouten a Guiden Diddeleng).
E Samschdeg den 2. Juli hu mir vu 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
-Léif Gréiss, är Chef

Fir all d’RaRo:
Liest w.e.g. bei: Fir iech alleguer.
Den 9. Juli hëllefe mir beim Schoulfest, mellt iech w.e.g. beim Kim um 621197160 un oder of. No dem Schoulfest hunn mir eng Versammlung um Bierg an do soll JIDDEREEN präsent sin ! Aus organisatoresche Grënn gi mir dëst Joer NET op de Camp. Déi Leit wou schonns ubezuelt hunn, kréien hir Suen natierlech erëm.

« Previous PageNext Page »