Scoutsziedel


Fir iech alleguer:
D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten invitéieren Iech den 26. an 27. Mee all Kéier vun 10°° bis 19°°ob den “BEALTAINE” um Neihaischen. Dëse Keltefestival gëtt fir déi fënnefte Kéier organiséiert. Wat gëtt do gebueden? E Kelten Duerf mat Animatioun a Verkafsstänn / Live Musik /Atelieren wéi Mënz maachen, Brout baken… Kanner enner 12 Joer si gratis, iwer 12 kascht et 2 Euro an déi Erwuessen bezuelen 6Euro. P.S D’CaraPio, d’RaRo d’Chef an d’Matarbechter fueren Samschdes dohinner (liest bei Mataarbechter….) Weider Infoen fannt dir op: www.bealtaine.lu

Fir all d’Wëllefcher:
Ahoi dir Piraten an Freibeuter, nodeems mir eisen Kapitäin gerett hun ward elo schon die nächst Missioun op iech. Mir Chef,  sin eis nach net ganz eenz waat eisen Kapitäin do eigentlech fonnt huet. Kommt den 19.Mee alleguer vun 14°° bis 16°° ob de Prënzebierg an hëlleft eis d’Rätsel ze léisen. Den 26. Mai an den 2. Juni as keng Versammlung. Dofir gin mir dann den 9. Juni vun freet an d´Luut, wëll mir treffen eis schon um 12h40 zu Peiteng ob der Gare an sin owes geint 17h30 rem zerëck. Fiirwetzeg ?? Da waard bis den nächste Ziedel da gess du méi gewuer. Arrrgh.

Fir all d’ AvEx:
Leif AvEx, mir hunn den Samschden, 19.05, vun 14:00 bis 16:00 Versammlung. Et ass den Oofschloss vun eiser Galileo Galilei Entreprise. Mir probeieren do den Galileo virun der Inquisitioun ze retten. Brengt e Bidon Waasser mat! Samschdes den 26.05 hunn mer keng Versammlung, well do d’Vakanz ufänkt.

Fir all d’CaraPio:
Den 19.Mee: Moies Pobeiersammlung a vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Didd Gezei un waat ka knaschteg gin. Lies och bei: Matarbechter…….

Fir all d’RaRo:
Den 19.Mee: Moies Pobeiersammlung a vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg. Lies och bei: Matarbechter…….

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:
E Samschdeg de 19.05 ass Pobeiersammlung, rd.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. D’läschte Kéier waren zimlech fill Leit do dat war gutt, nach e puer weider dat wier SUPER!
Den 26.Mee fueren mir zesummen op de Beltaine.De Grupp bezillt jidferengem den den 19. op der Pobeiersammlung ass den Entrée (fir den 26.5). Mir treffen um 14.00 an Uniform zu Péiteng op der Gare. Mathuelen: Jumbokaart, Täschegeld an Suen fir d’Entrée ze bezuelen. Géint 20°° si mir nees zerëck.
Hei de genauen Zuchplang
Dohin:14:09-14:34 Quai 9 14:39-15:17  Zerëck:18:35-19:13 19:26-19:50

Fir all d’Wëllefcher:
Salut alleguer, mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 5. an den 12. Mee all Kéier vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Prenzebierg.

Fir all d’ AvEx:
Salut alleguer,  mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 5. an den 12. Mee all Kéier vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Prenzebierg. Brengt de 5. Mee  eng eidel Tetra-Pack’s Këscht (Jus oder esou) mat an d’Versammlung.

Fir all d’CaraPio:
Salut hei d’Détailer vum Iron Scout:  Départ: Freides de 4.05 um 19°° an Uniform beim ale Pompjeesbau zu Péiteng  Matbrengen: Carrymatte , Schloofsaack, Gamelle an Besteck , Schlappen , Warnwest , fest Schung , Bidong , klengen Rucksack , Kleeder fier all Wieder,Täschelucht, eng ausgefëllten Fiche Médicale an d’Shelter Box Ziedelen  Retour: Mir si Sonndes de 6.05 géint 14°° nees zu Péiteng op der Gare.

Fotoen vum Iron Scout 2011 op CaraPioShare

Samschdes de 12.Mee hu mir wéi gewinnt vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.

Fir all d’RaRo:
Salut alleguer, mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 5. an den 12. Mee all Kéier vun 16°°-18°° Auer Versammlung um Prenzebierg. Mir starten mat eiser neier Entreprise!

Fir all d’Chef:
En Donneschden den 03.05 ass  um 20°° Grupperot beim Guy (21, rue de la Cité zu Aubange)

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:
E Samschdeg de 17.05 ass Pabeiersammlung.

Fir all d’Wëllefcher:
Salut alleguer,mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 21. an den 28. Abrëll all Kéier vun    14°°-16°° Auer Versammlung um Prenzebierg.

Fir all d’ AvEx:
Salut alleguer,mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 21. an den 28. Abrëll all Kéier vun    14°°-16°° Auer Versammlung um Prenzebierg.

Fir all d’CaraPio:
Pobeiersammlung:
E Samschden, den 21.04 ass Pobeiersammlung. Et ass wichteg dass DU derbei bass!!! R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross.
Batik: Am nächsten Samstag am 21.04 ist normal Versammlung von 14.00 bis 16.00 Uhr. Geplant ist unsere Batik-Enterprise. Bringt also noch einmal Euer weisses gewaschenes T-Shirt mit.
Am 28.04.2012 ist Versammlung von 14.00 bis 16.00 Uhr auf dem Prinzenberg.

IRON SCOUT: Von Freitag 04.5.2012 ca. 19.00 Uhr bis Sonntag 06.05.2012 ca. 14.00 Uhr findet der “IRON SCOUT 2012″ statt. (Genauer Zeitpunkt folgt im nächsten Brief). Bei dieser nationalen Aktivität gehen wir um den Stausee und an unsere körperlichen und mentalen Grenzen.
Diesmal Hiken wir für einen Guten Zweck: “Shelter Box“. Bitte sucht Euch Sponsoren! IronScout_ShelterBox

CAMP 2012:Die zweite und letzte Rate für unser Camp “ROOTS 2012 (Romanian Open Odyssey Of Romanian Saxons”)” ist fällig. Bitte überweist EUR 100,00 bis zum 30.04.2012 an Carapiosüden
LU50 0019 2255 0809 4000
BCEELULL
Verwendungszweck: Name / CaraPioCamp2012
Damit ist alles bezahlt. (EUR 200,00)
Dies ist möglich, da das Camp zu 40% von der EU im Rahmen vom “Youth in Action programme” subventioniert wird. Dafür “Danke” von der Regionalequipe Sueden and den Service National de la Jeunesse!
Wer noch nicht bezahlt hat, aber mit auf das Camp möchte, der sollte den Gesamtpreis überweisen, und mich benachrichtigen.

Viele Grüße £ukas

Fir all d’RaRo:
E Samschden, den 21.04 ass Pobeiersammlung. Et ass wichteg dass DU derbei bass!!! R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Nomettes hu mir vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg. Et wier super wanns du deng Fotoen vum Camp gings sortéiren an e Samschden matbrengen, d’Kim mecht se dann all op eng CD.
De Samschden drop, den 28.04 hu mir vun 16°° bis +/-21°° Versammlung um Bierg, mir kucken d’Fotoen vum Camp an duerno kache mir um Pott => vergiesst är Gamelle net.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:
E Samschdeg de 21.04 ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt m 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Elo schons en decke MERCI!

Salut, hei nach eppes fir de Camp: Dir braucht eng Schwammbox, ee Buedduch an Turnschlappen. fir all déi wou net schwamme kennen: Huelt är Ärmecher mat :-)

Salut alleguer, geschwenn ass et esou weit, da gi mir op eise Camp. Hei déi läscht Informatiounen: E Freiden, de 6.4 gesi mir eis um 14°° um Bierg fir d’Camionetten ze packen E Samschden de moien treffe mir eis an Uniform um 9°° beim aale Pomjeesbau. Mathuelen: Picknick fir Samschdes mettes  a Sonndes Mettes, Gamelle an Täschemesser. Gezei fir all Wieder haaptsächlech géint de Reen an d’Keelt :-) an alles waat een esou fir de Camp brauch. Brengt och ee Kichenduch mat. Samschdes den 13.4 si mir nees géint 17°° doheem. Ausser e bessen Täschegeld braucht dir keng Suen maztzehuelen. Fir all déi wou nach eng 18 Joer hun: Denkt un d’Autorisation parentale…
Bis geschwenn
Guy

Next Page »