Scoutstricken


Eeër sinn praktesch, kompakt an voller Proteinen. Ech perséinlech huelen se ëmmer erëm gär mat op en Hike oder wann ech soss en klengen Picnic fir ënnerwee brauch. Mee fir d’Eeër ze schielen… dat ass ëmmer esou ee Gepiddels. Den Tim Ferris huet dat och generft. Dofir hei seng Tipps fir d’Eeër méi liicht ze schielen ze maachen:

  • Am Dëppen muss genuch Waasser sinn fir dass 5cm Waasser iwwert den Eeër ass.
  • Wann d’Waasser an d’Dëppen kënnt, mécht een och 1TL Bakpolver mat an d’Waasser – dann pescht d’Schuel net esou um Ee.
  • D’Eeër ginn 12 Minutten gekacht, dann am kalen Waasser (am beschten Äiswaasser) ofgekillt.
  • Vun der Spëtzt a vum Buedem vum Ee hëlt een dann ee klengt Stéck Schuel erof.
  • Elo muss een just nach déi eng Säit dra blosen, da kënnt d’Ee déi aner Säit erausgefluppt.

Déi nächst Kéier wou s de eng Plastikstut hues déi keen Ziplock Verschloss huet, kanns de mat dësem Trick awer en waasser- an loftdichten Verschloss drop setzen.

Tutversigelung

Foto: re-nest

Schneid den Kapp vun enger Plastiksfläsch erof, just ënnert dem Stopp. Zéi d’Tut vun ënnen duerch den Hals, dann dréin den Stopp op den Verschloss. Voilà, d’Tut ass versigelt, an du hues nach en Notzen aus enger eideler Plastiksfläsch gezunn.

D’Erklärung am Detail gëtt et op re-nest. [via lifehacker.com]

Wann s de fir d’nächst eng topografesch Kaart vun enger Géigend déi net an dénger Kaartesammlung ofgedeckt ass brauchs, kann der dësen Internetsite eventuell aus der Patsch hëllefen: http://map.geoportail.lu/. Hei drënner hunn ech z.B. den Prënzebierg vum Site geholl. Dir kënnt aneren Leit och en Link op dat Stéck wou der fonnt hutt schécken, fir den Prënzebierg ass dat http://map.geoportail.lu/?zoom=9&X=68314.5&Y=58634.5.

Fir d’Trapper ënnert iech: Déi nächst Kéier wou s de wëlls eppes iwwert dem Feier grillen an et passt net genuch op een Spiiss drop, probéier emol déi heiten Method fir aus engem Spiiss der véier ze maachen – d’Bild erklärt am Fong schonn alles.

Méi Erklärungen, wann s de se dann nach brauchs, gëtt et op Englesch, op instructables.com.


Den Helmut Smits gouf vun Zäiten inspiréiert, an denen d’Leit hu missen hir Miwwel verbrenne fir sech waarm ze halen. Den IKEA verkeeft Miwwel. Awer keng Fixspéin oder Briqueten. Dann muss een alt mat den Miwwel selwer en Feier kënnen ufänken.

« Previous PageNext Page »