Scoutstricken


Mer haten schon emol en Artikel doriwwer wéi een en Rucksak apaken soll, hei ass en Video dee weist wéi een sech kann uleeën fir en Maximum an eng Valise dran ze paken.

D’Kleeder ginn deelweis an den Schung verstaut, den Rescht gëtt gerullt fir Plaz ze spueren an Falen ze evitéieren. Déi schwéier Kleeder kommen ënnen, déi méi liicht uewen, well déi sech besser zesummen drécke loossen.

(via lifehacker.com)

Foto: Gilles Glod

Op engem Camp oder besonnesch op engem Hike wëll ee Plaatz a Gewiicht am Rucksak spueren. Meeschtens mécht et net vill Sënn e ganzen Tube Zahnpasta oder Shampoing bei sech ze hunn well een an der kuerzer Zäit nëmmen e bëssen dovu brauch. Fir Plaatz ze spueren, kann een déi flësseg Saachen einfach an en Dëppchen wou soss Kontaktlënsen dra waren ëmfëllen. Deckel drop, a fäerdeg.

(via lifehacker.com)

Also: Eng Grondregel fir Theater ze spillen.

Luuuuuuess.

HAART!

An däi-te-lich.

Original Foto: funadium

Hutt der schon eemol eng Käerz aus Thon gemaach? Da gëtt et Zäit. Huelt eng Béchs Thon am Ueleg. Pickt e Lach uewen an den Deckel, mat engem Täschemesser oder engem spatzen Nol. Wann der proppert Geschir huelt kënnt der den Thon duerno och nach iessen. Mat engem raschtegen Nol… naja.

Elo schneit der en Docht, zwee mol esou laang wéi d’Bécks héich ass, faalt en an der Mëtt an dréckt e bal ganz duerch d’Lach, sou dass duerno just nach ee Wupp vum Docht eraus kuckt. Wann der den Docht elo ufänkt hutt der eng Käerz déi e puer Stonne laang brennt. An dono kënnt der se iessen. Awer ouni Docht.

[via Atomic Shrimp]

Foto: bauble

Op dem Site instructables.com erklärt den User bauble wéi een aus Pabeier en Stéck “Holz” fir an den Uewen mécht, déi een mam Holz zesumme verbrenne kann. Fir d’Erklärung am Detail kuckt den Link uewen; d’Kuerzfaassung ass esou: Eng Zeitung en Dag an engem Eemer Waasser opweechen, duerno gëtt se mat engem Gummi-Hummer zu Bräi geklappt a rondrëm eng eise Staang opgerullt. Déi Rull (sou wéi op der Foto) zitt ee vun der Staang erof, an et léisst een dat Ganzt zwee Deeg dréchnen.

Um Link ginn et och nach Iddien wéi een kann Kaffi oder Bamnolen benotzen fir d’Saach méi interessant ze machen.

Mat engem schéine Feier am Uewen bleift mir dann nach just iwwreg iech am Numm vun der Equippe e gudde Rutsch ze wënschen.

« Previous PageNext Page »