LGS Péiteng » Scoutstricken

Faul Eeër
Foto CC (BY-NC-SA) vum nickwheeleroz

Fir ze préiwen op en Ee nach gutt ass gëtt et dësen einfachen Trick: Fëll eng Schossel mat Waasser. Wann d’Ee bis ganz no ënnen oftaucht, ass et nach gutt. Wann et no ënnen oftaucht, mä mat der Spëtzt no uewe kuckt, muss et geschwënn giess ginn. Wann et uewe schwëmmt, ass et faul a soll net méi giess ginn. Mat der Zäit evaporéiert nämlech dat flëssegt vum Ee duerch d’Schuel an et kënnt Loft amplaz eran. Mat genuch Loft schwëmmt d’Ee.

[via about.com]

Selwergemaachte Kapselen
Foto: jjmatheshikes

Mer hate viru kuerzem schonn eemol driwwer geschwat wéi ee kann d’Dëppecher vu Kontaktlënse benotzen fir Saachen wéi Zahnpasta a Seef plaatzspuerend ze transportéieren. Dës Kéier kucke mer e Projet fir deen d’Stëpp vun Limonadesfläsche benotzt ginn fir e Behälter mat engem oder zwee Kompartimenter ze bastelen.

Fir den Oflaf am Detail ze gesinn besicht den Blog JERMM’s outside. Hei ass e klenge Resumé op Lëtzebuergesch.

Vun zwou Limonadesfläschen déi genee d’selwecht sinn gëtt mat engem Schraufstack an enger renger See den Kapp ofgeseet.

D’Plaz wou geseet gouf muss gefeilt ginn.

Wann ee wëll zwee Kompartimenter hunn schneid een eng dënn Plastiksmembran eraus déi um Enn rau gefeilt an zwëschen déi zwee Käpp gepecht gëtt.

Déi zwee respektiv dräi Deeler ginn mat Superkleber gepecht a mat enger Zaang gehalen bis alles fest ass.

De Behälter ass elo dicht, a ka benotzt ginn fir Crèmen, Pasten, Pudder, Zünder, Seefen,…

Den Auteur vum original Artikel erënnert drun dass et wéinst dem Superkleber net onbedéngt fir Iesssaachen gëeegent ass. Fir alles anescht hudd der elo Plaz am Rucksak gespuert.

[via lifehacker.com]

Ersatz Plooschteren
Bei engem klenge Bobo wou grad keng Plooschter zu Hand ass kann een sech aus engem Nueschnappeg an Duct Tape (eng Zort Isoléierband) eng Ersatz Plooschter maachen. Vläicht ass dat net déi bescht Léisung iwwer laang Zäit, mä op mannst kënnt esou laang keen Dreck un d’Wonn. Wann ee fäert dass den Band ze vill päscht (soss kommen d’Hoer mat, Aua) kann een en e puermol un der Jeans upäschen an nees lass zéien fir de Päsch méi schwaach ze maachen.

Seefeblosen géint Moustiquen
Anscheinend sinn Seefeblosen, déi mat deenen d’Kanner esou gär spillen, en effektivt Mëttel géint Moustiquen. Wann der also déi nächst Kéier beim Grillen oder beim Picknick wëllt ongepickt de Summer genéissen, gitt deene Klengen eng Fläsch an de Grapp. Anscheinend sinn d’Blosen wierksam well Moustiquen de Geroch vun der Seef net gär hunn.

[via lifehacker.com]

Äppel briechen
Déi nächst Kéier wou der en Apel wëllt deelen an der hutt kee Messer dobäi, briecht en einfach.

<object classid="clsid:d27cdb6e-ae6d-11cf-96b8-444553540000" width="425" height="350" codebase="http://download.macromedia.com/pub/shockwave/cabs/flash/swflash.cab#version=6,0,40,0"><param name="src" value="http://www.youtube.com/v/Zi-NEwk6jYI&feature" /><embed type="application/x-shockwave-flash" width="425" height="350" src="http://www.youtube.com/v/Zi-NEwk6jYI&feature"></embed></object>

(via lifehacker.com)

Eng Valise kompakt apaken
Mer haten schon emol en Artikel doriwwer wéi een en Rucksak apaken soll, hei ass en Video dee weist wéi een sech kann uleeën fir en Maximum an eng Valise dran ze paken.

<object classid="clsid:d27cdb6e-ae6d-11cf-96b8-444553540000" width="493" height="315" codebase="http://download.macromedia.com/pub/shockwave/cabs/flash/swflash.cab#version=6,0,40,0"><param name="src" value="http://www.youtube.com/v/L5UlxHsgD58" /><embed type="application/x-shockwave-flash" width="493" height="315" src="http://www.youtube.com/v/L5UlxHsgD58"></embed></object>

D’Kleeder ginn deelweis an den Schung verstaut, den Rescht gëtt gerullt fir Plaz ze spueren an Falen ze evitéieren. Déi schwéier Kleeder kommen ënnen, déi méi liicht uewen, well déi sech besser zesummen drécke loossen.

(via lifehacker.com)

Reese mat Kontaktlënsendëppecher
Foto: Gilles Glod

Op engem Camp oder besonnesch op engem Hike wëll ee Plaatz a Gewiicht am Rucksak spueren. Meeschtens mécht et net vill Sënn e ganzen Tube Zahnpasta oder Shampoing bei sech ze hunn well een an der kuerzer Zäit nëmmen e bëssen dovu brauch. Fir Plaatz ze spueren, kann een déi flësseg Saachen einfach an en Dëppchen wou soss Kontaktlënsen dra waren ëmfëllen. Deckel drop, a fäerdeg.

(via lifehacker.com)

Wéi spillt een Theater?
Also: Eng Grondregel fir Theater ze spillen.

Luuuuuuess.

HAART!

An däi-te-lich.

Noutfallkäerz aus Thon
Original Foto: funadium

Hutt der schon eemol eng Käerz aus Thon gemaach? Da gëtt et Zäit. Huelt eng Béchs Thon am Ueleg. Pickt e Lach uewen an den Deckel, mat engem Täschemesser oder engem spatzen Nol. Wann der proppert Geschir huelt kënnt der den Thon duerno och nach iessen. Mat engem raschtegen Nol… naja.

Elo schneit der en Docht, zwee mol esou laang wéi d’Bécks héich ass, faalt en an der Mëtt an dréckt e bal ganz duerch d’Lach, sou dass duerno just nach ee Wupp vum Docht eraus kuckt. Wann der den Docht elo ufänkt hutt der eng Käerz déi e puer Stonne laang brennt. An dono kënnt der se iessen. Awer ouni Docht.

[via Atomic Shrimp]

Feierholz aus Pabeier
Foto: bauble

Op dem Site instructables.com erklärt den User bauble wéi een aus Pabeier en Stéck “Holz” fir an den Uewen mécht, déi een mam Holz zesumme verbrenne kann. Fir d’Erklärung am Detail kuckt den Link uewen; d’Kuerzfaassung ass esou: Eng Zeitung en Dag an engem Eemer Waasser opweechen, duerno gëtt se mat engem Gummi-Hummer zu Bräi geklappt a rondrëm eng eise Staang opgerullt. Déi Rull (sou wéi op der Foto) zitt ee vun der Staang erof, an et léisst een dat Ganzt zwee Deeg dréchnen.

Um Link ginn et och nach Iddien wéi een kann Kaffi oder Bamnolen benotzen fir d’Saach méi interessant ze machen.

Mat engem schéine Feier am Uewen bleift mir dann nach just iwwreg iech am Numm vun der Equippe e gudde Rutsch ze wënschen.