Scoutstricken


Foto CC (BY-NC-SA) vum nickwheeleroz

Fir ze préiwen op en Ee nach gutt ass gëtt et dësen einfachen Trick: Fëll eng Schossel mat Waasser. Wann d’Ee bis ganz no ënnen oftaucht, ass et nach gutt. Wann et no ënnen oftaucht, mä mat der Spëtzt no uewe kuckt, muss et geschwënn giess ginn. Wann et uewe schwëmmt, ass et faul a soll net méi giess ginn. Mat der Zäit evaporéiert nämlech dat flëssegt vum Ee duerch d’Schuel an et kënnt Loft amplaz eran. Mat genuch Loft schwëmmt d’Ee.

[via about.com]

Foto: jjmatheshikes

Mer hate viru kuerzem schonn eemol driwwer geschwat wéi ee kann d’Dëppecher vu Kontaktlënse benotzen fir Saachen wéi Zahnpasta a Seef plaatzspuerend ze transportéieren. Dës Kéier kucke mer e Projet fir deen d’Stëpp vun Limonadesfläsche benotzt ginn fir e Behälter mat engem oder zwee Kompartimenter ze bastelen.

Fir den Oflaf am Detail ze gesinn besicht den Blog JERMM’s outside. Hei ass e klenge Resumé op Lëtzebuergesch.

  1. Vun zwou Limonadesfläschen déi genee d’selwecht sinn gëtt mat engem Schraufstack an enger renger See den Kapp ofgeseet.
  2. D’Plaz wou geseet gouf muss gefeilt ginn.
  3. Wann ee wëll zwee Kompartimenter hunn schneid een eng dënn Plastiksmembran eraus déi um Enn rau gefeilt an zwëschen déi zwee Käpp gepecht gëtt.
  4. Déi zwee respektiv dräi Deeler ginn mat Superkleber gepecht a mat enger Zaang gehalen bis alles fest ass.
  5. De Behälter ass elo dicht, a ka benotzt ginn fir Crèmen, Pasten, Pudder, Zünder, Seefen,…

Den Auteur vum original Artikel erënnert drun dass et wéinst dem Superkleber net onbedéngt fir Iesssaachen gëeegent ass. Fir alles anescht hudd der elo Plaz am Rucksak gespuert.

[via lifehacker.com]

Bei engem klenge Bobo wou grad keng Plooschter zu Hand ass kann een sech aus engem Nueschnappeg an Duct Tape (eng Zort Isoléierband) eng Ersatz Plooschter maachen. Vläicht ass dat net déi bescht Léisung iwwer laang Zäit, mä op mannst kënnt esou laang keen Dreck un d’Wonn. Wann ee fäert dass den Band ze vill päscht (soss kommen d’Hoer mat, Aua) kann een en e puermol un der Jeans upäschen an nees lass zéien fir de Päsch méi schwaach ze maachen.

Anscheinend sinn Seefeblosen, déi mat deenen d’Kanner esou gär spillen, en effektivt Mëttel géint Moustiquen. Wann der also déi nächst Kéier beim Grillen oder beim Picknick wëllt ongepickt de Summer genéissen, gitt deene Klengen eng Fläsch an de Grapp. Anscheinend sinn d’Blosen wierksam well Moustiquen de Geroch vun der Seef net gär hunn.

[via lifehacker.com]

Déi nächst Kéier wou der en Apel wëllt deelen an der hutt kee Messer dobäi, briecht en einfach.

(via lifehacker.com)

Next Page »