Neiegkeeten


Bei der Home on Fire Party vun den Péitenger Ranger a Rover waren e puer Fotografen tëscht all den Scouten ënnerwee. Zwou Galerien mat Fotoen fannt der op Zap an op Eldoradio.

Links: Fotogallerie op zap.lu an Fotogallerie op eldoradio.lu an (Update:) Fotogallerie op luxfoto.lu (merci Luc).

Home on Fire Poster

Home on Fire

D’Péitenger Ranger a Rover invitéieren ierch all op d’Home on Fire Party den 15. Januar 2010 am Home St. Hubert zu Péiteng.

Invitatioun:
Mir inviéieren Iech alleguer mat ären Frënn, Noperen, Bomien ……

op eist
traditionellt Buergbrennen
ze kommen.

Mir brennen d’Buerg, e SONNDEG den 1. März. Den Faakelzuch geet um 18.30 Auer ennen beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19:00 ugefaang.
Jidfereen wou beim Orpichten hëlleft kritt och virum Faakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze machen,den Grill steet schons prett.
Vous êtes cordialement invités de participer au Buergbrennen, qui aura lieu DIMANCHE le 1. mars. Il s’agit d’une tradition luxembourgeoise qui à  comme but de brûler l’hiver. Départ de la retraite aux flambeaux est à  18.30 heures en bas du chemin pour monter vers le chalet.

Den RTL Magazin vun haut hëllt eis mat op den Jamboree an England. Op der Sich no coolen Scouten sin d’Reporter natierlech net laanscht déi Péitenger komm. Den Yannick Lippert an d’Steffanie Morasutto hun sech dem Kamera-Team gestalt an verzielen wat si vum Camp haalen. Et get och en puer Biller vun eisen ëhm… gudd geraumten Zelter, woubäi d’Steffi menkt dass si do trotzdem alles fannen.
Den Reportage kënnt der ierch um Site vun RTL ukucken – einfach hei klicken.

Dir hudd nach eng Woch, bis den 9. Juni, Zäit fir ären Entworf fir eisen Logo eranzeschécken. Déi wou hieren Entworf op concours [at] lgspeiteng [punkt] com geschéckt hun, kruten den Empfang vum Logo bestätegt. Wann der keng Äntwert krut, schéckt ären Entworf nach emol oder gidd en bei engem Chef of.

« Previous PageNext Page »