Neiegkeeten


Wéi all Joer maachen déi Péitenger Guiden a Scouten och dëst Joer Adventskränz. Fir kënnen ze garantéieren dass jiddereen e Kranz ka kréien, bidde mir dëst Joer fir d’éischt dësen Bestellservice un. Maacht w.e.g. Reklamm an ärem Frëndeskrees, mat dëser Aktioun ënnerstëtzt Dir déi Péitenger Guiden a Scouten. Opgepasst: Um Adventsmaart, hu mir Arrangementer, Wuerzelen …., awer bal keng Kränz méi, duerfir ass et wichteg dass dir een bestellt.
Fir ze bestellen ass ganz einfach: Rufft no 18°° Auer bis spéitstens de 20.November beim Guy Zoller um 691435358un. Sot him wéi e Modell dass dir wëllt a vergiesst net him Är Adress ze soen. Freides
owes de 26. November kritt dir de Kranz heemgeliwwert.

Cette année, vous avez la possibilité de commander une couronne d’avent par téléphone. Ceci est très facile: Il suffit de téléphoner après 18 heures jusqu’au 20 novembre à Guy Zoller au 691435358.
Veuillez indiquer le modèle souhaité et n’oubliez pas de préciser votre adresse. Les scouts vont vous livrer votre couronne le 26 novembre à domicile. Attention : Le nombre de couronnes qui sont vendues par nos soins au marché de St. Nicolas est très restreint, pour être sur d‘en recevoir une, il vaut mieux la réserver
d’avance.

Modell “Roud” 20101112 Adventskranz 1

Modell “Blanc-Cassé” 20101112 Adventskranz 2

Modell “Blo” 20101112 Adventskranz 3

Den Buergermeeschter- an Schäfferot invitéiert den Sonnden, 3. Oktober op d’Zeremonie vun dee Journée de la Commémoration Nationale. R.d.v. ass um 9:45 op der Place J.F.K., vum do aus trëppelt den Cortège um 10:00 bei d’Monument aux Morts. Vun do aus geet den Cortège weider an d’Kierch fir d’Mass um 10:30.

Scouten an der ResistenzDen LGS Verbandscomité invitéiert op e Gespréich mat Zäitzeien vun dem zweeten Weltkrich:

70 Joer nodeem sech op der Escher Grenz couragéiert Scouten bereed soten, de Nazien d’Stiir ze bidden an an d’Resistenz ze goen, wëlle mer haut de Scouten vun deemols eng Stëmm ginn.

Rendezvous fir all interesséiert Memberen ass, an Uniform, den 7. Juli 2010 um 19:00 an der Géisserei. Méi Informatiounen iwwert den Evenement, souwéi Flyeren zum Thema fannt der um Site vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten: http://lgs.lu/node/566.

Liest och den interessanten Artikel “Scouten am Zweete Weltkrich.”

D’BBC huet lescht Woch e klenge Reportage gewisen doriwwer, dass dem Baden Powell säi Buch Scouting for Boys soll un dat 21. Jorhonnert ugepasst an aktualiséiert gin. D’Original huet anscheinend iwwer 100 Milliounen Bicher verkaf, mol kucken ob déi nei Versioun dann do drun eru kënnt.

Den Reportage kënnt der ierch op bbc.co.uk ukucken.

Op Luxfoto sin schons e puer Fotoen vum Scoutstheater vun dësem Joer online. (Merci Luc fir den Tipp.) Hei as den Link: luxfoto.lu. Iwwregens, fir all déi vun ierch déi an eisem Grupp fläisseg fotograféieren: Dir kënnt ierch riets op eisem Site registréieren, an nodeems der déi néideg Roll um Site zougedeelt kritt kënnt der och hei op lgspeiteng.com Fotoen eroplueden. Mir sin amgangen d’Fotogalerie frësch ze maachen fir dass se besser an den Site erapasst an et einfach as fir Fotoen bäizesetzen.

« Previous PageNext Page »