Sam 11 May 2013
Plangen
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner CaraPio, Logbuch
Schreiw den éischte Kommentar!
Sam 11 May 2013
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner CaraPio, Logbuch
Schreiw den éischte Kommentar!
Don 7 Jul 2011
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner AvEx, Fotoen, Logbuch, Wëllefcher
Schreiw den éischte Kommentar!
Den David huet als Deel vu sengem Journalismus Badge e klengen Artikel iwwert den Mini-Intervilles geschriwwen, wou mer d’lescht Woch hi waren.
Ich fand den Mini-Intervilles toll es gab viele Spiele wir haben bei fast allen Spielen gewonnen.
Ich habe beim Kayakrennen mitgemacht ich war der jenige der geschwommen ist.
Differdange war auf den ersten Platz gekommen, weil sie das Finale gewonnen haben. Wir Péiteng sind auf den zweiten Platz gekommen. Dudelange auf den dritten und Ettelbrück auf den vierten Platz. Wir hatten sogar im Finale zwei Sekunden Vorsprung aber Differdange war eben schneller.
Am Ende konnte jeder schwimmen gehen. Wer von den Großen gewonnen hatte weiß ich nicht. Aber uns hat es dennoch gefallen.
Den Alex huet während dem Mini-Intervilles Fotoen gemaach. Hei sinn d’Biller!
Méi 13 Jun 2011
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner AvEx, Fotoen, Logbuch
Schreiw den éischte Kommentar!
Hei stinn eis AvEx an de Fredi ënnert hiren fäerdegen Batik Piraten T-Shirten déi grad ophänken fir ze dréchnen. Mir haten Drot rondrëm déi Plazen vun den T-shirten gewéckelt déi sollten wäiss bleiwen, an se dunn an Bitercher mat waarmem Waasser an Textilfaarf eng Stonn zéie gelooss. Et huet just e puer mol missten dra geréiert ginn.
Sonnden 3 Apr 2011
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner AvEx, Logbuch
Schreiw den éischte Kommentar!
Mir hunn an den AvEx grad eis Entreprise zum Thema aalt Ägypten ofgeschloss. Wat hu mer alles gemaach? Als éischt emol hu mer Pyramiden erfuerscht an der e puer selwer gebaut – natierlech nëmmen mat Material wat mer rondrëm eis am Bësch fonnt hunn. Fir eng Pyramid brauch een natierlech och eng Mumie. Mir hu gekuckt wéi eng Equippe déi stabilsten Mumie an e Wettlaf schécke kann.
Déi Kéier drop hu mer eis mat Specksteen dohi gesat fir aus Specksteen Ägyptesch Bijouen ze erschafen. Mat klenge Meessel, graffe Feilen an zum Schluss rengem Sandpabeier goufen déi ronn 15 Stécker Specksteen (am ganzen 5kg fir 10€) bearabecht.
Dono konnte mer eis als Pharao fillen, well mat enger individuell ugepasster, bemoolter Gipsmask feelt net méi vill bis bei dem Ramses säi Sarkophage. Dofir hu mer Stécker Gipsverband kleng geschnidden. D’Kanner kruten d’Gesiicht gutt mat Fiichtegkeetscrème ageriwwen fir dass d’Gipsmask net peche bleift. De Verband gouf e puer Sekonnen an d’Waasser gezappt an dann op d’Gesiicht geluecht. Et muss ee just drun denken dass enzwousch en Otemwee fräi bleift! E puer Schichte Verband kommen iwwerteneen fir dass d’Mask dono stabil ass. Mir hu fir 8 Kanner 5 Rouleauen 10cmx270cm breeden Verband gebraucht, zesummen 15€. No e puer Minutten ass d’Mask dréchen a ka bemoolt ginn.
Als Ofschloss vun eiser Entreprise virun der Ouschtervakanz hu mer dann nach Pabeier mat Kaffi a Bananneschuelen ageriwwen fir en al ausgesinn ze loossen iert mer mat engem Hieroglypheschlëssel Messagen op den Pabeier gemoolt hunn. Den Schlëssel fannt der hei.