AvEx


Léif AvEx,
Wann der dat hei nach virun e Samgden liese sollt, bréngt w.e.g. ären AvEx Pass mat. Piraten hunn e Schatz um Bierg verstoppt a mir brauchen d’Tipps aus dem Buch fir Räsel ze léisen.

2006 war zu Schous den Tupelay, en nationalen Camp fir d’AvEx aus dem ganzen Land. D’Fotoen waren verluer gangen wéi mer d’Fotogalerie gewiesselt hunn, hei sinn se nees.

All Péitinger Branchen op der Montée Weekend 2010 zu Monnerech

Den Adventum MMX war en nationalen AvEx camp, zu Stengefort am Joer 2010, mam Thema M¨ttelalter. En war an drei Soucamps angedeelt an zesummen mad den Kaerjenger AvEx hun mer eis dem Abenteuer gestallt an zwar als Wikinger!

Léif Avex,
Hei sinn d’genau Detailer zum WE: Den WE kascht 40 € op de Kapp (30 € fir dat zweet Kand wann et och an den Avex ass)Mir treffen eis Freides den 15. Abrëll um 14:50 op der Gare zu Péiteng an Uniform (den Zuch fiert um 15:09). Erëm sinn mer sinn mer Sonndes géint 14:15 zu Péiteng op der Gare.
Fir déi, déi nach net ugemellt sinn, sollen dat sou séier wei méiglech beim Fredi um 621 47 25 10 maachen.
Mat ze huelen sinn:
Fir op d’Gare:

  • Fiche médicale + Kopie vun der Impfkaart + Kopie vun der carte de sécurité sociale (gitt dat engem Chef op der Gare of éier mer fortfueren.)
  • Suen fir de WE (gitt déi och op der Gare of éier mer fortfueren)

Fir den W.E.:

  • Schlofsaack
  • Jumboskaart oder 2 Kuerzstreckebilleten
  • Täschemesser
  • Gezei fir all Wieder fir 3 Deeg
  • Avex-Pass
  • Picknick fir Freides owes
  • Wäschtrousse
  • Déck Schung
  • Bidon

Fir weider Infoen oder Froen kennt der dem Fredi um 621 47 25 10 erreechen, och während dem Weekend.

« Previous PageNext Page »