Don 26 Apr 2007
Diner Spectacle
Geschriwwen vum Gilles, klasséiert ënner Neiegkeeten
Schreiw den éischte Kommentar!
D’Scouten vun Esch St. Joseph invitéieren en Samgden aacht Deeg, den 5. Mee op en Diner Spectacle ab 19 Auer an der Maison des Jeunes vis à vis vun der Jousephs Kiirch. Um Programm stin:
D’Wëllefcher mat
- 2007: 82 Joer Scouten St. Joseph +
- 2007: 101 Joer Stad Esch +
- 2007: 100 Joer Scoutismus =
- 283 Dalmatiner
D’AvEx mat De Scouten hir nei Methode, eng Geschicht iwwert eng Idee déi d’Welt vrun 100 Joer verännert huet, an och haut nach ëmmer aktuell as. A wéi vill nei Iddeeën ëmmer nees op d’Grondidee zeréckféieren.
De Menu vum Owend presentéiert vun eiser Kachekipp Fritten Ham an Zalot
D’Carapio mat D’Olave an de Robert – eng Lovestory. Eng Biographie vum Robert Stephenson Smith Baden-Powell, Lord of Gilwell, dem Grënner vum Scoutismus, a sénger Fra der Lady Olave Baden-Powell an 12 Biller.
Dessert a Café
Ufank géint 19:00 Auer, Entrée ab 18:30 Auer. Entrée a Menu: Erwuessener 17€, Kanner 10€. Reservatioun (erwënscht) a Virverkaf an der Schousterei Lallemang 7 rue de l’Eglise oder um Telefon 54 36 86.
No Responses to “ Diner Spectacle ”